Am Règlement Grand-Ducal vum 3. Mee 1989 fixéiert den Educatiounsminister Fernand Boden déi nei (reduzéiert) Tâche vun de Schoulmeeschteren op 23 Stonnen d’Woch.

En plus sinn och nach 2 resp. 3 Stonnen „Décharge pour ancienneté“ virgesinn.

DE SCHOULMEESCHTER-PROZESS

(1990)

 

„Här Riichter. Wee mäi Mandant, den Här Thill, an de leschten 25 Joer a sengem Service Caisse Générale de l’État materlieft huet, dee kann nëmme soen: Ech sinn houfreg e Staatsbeamten ze sinn! Mä elo, kuckt Iech en un, et ass plutôt nach nëmme méi eng Ruin, eng schappeg Karikatur vu sech selwer.“

Den Affekot huet Recht, well deen Thill sëtzt do, fir net ze soen: en hänkt do, lallt heiansdo eppes Onverständleches a ka fir de Rescht just Lächer viru sech an d’Loft kucken.

„An dat alles wéinst 16.382,50 Frang. Déi en net ze mann huet – pff, dat wier jo Wurscht, mä neen, en huet se ze vill. An dass en déi Differenz iwwerhaapt huet, ass scho schlëmm genuch fir e Beamten, dee quasimodo niewebäi mat sengen Dossierë gekummert ass, mä knapps huet den Här Thill seng Staatsbeamte bezuelt, op eemol tauchen nees eemol nei 16.352,50 Frang per Virement op. An dat scho bal e Joer. Mount fir Mount. Schon zënter September 1989. Ouni dass iergent en Artikel oder e Kont a senger Staatscomptabilitéit ze fanne wier, wou en déi mystériéis 16.352,50 Frang kënnt ënnerdaach bréngen.“

„Pittoresk! Wierklech pittoresk!“ Méi kann de Riichter an dësem eeschte Moment wierklech net erausbréngen, fir net mussen haart ufänken ze laachen.

„A mat deem Geschéck, Héicht Geriicht, huet sech den Zoustand vu mengem Mandant esou zerbürokratiséiert, dass d’Psychiateren hien zu 95% aarbechtsonfäheg geschriwwen hunn, op Grond vun enger neurologescher Defizienz an den encéphalo-cérébrale Komponenten, déi sech an enger infantiler Debilitéit manifestéiert. »

"Ou? Droleg, déi do!", wonnert sech dunn dem Thill seng Fra, "An zu mir soten se einfach: Deen do ass schassmätsch an der Bier!"

Mä fir subtil, sproochlech Nuancen ass an dësem Dossier keng Zäit, an de Riichter knäppt sech direkt den Haaptschëllege vir.

„An Dir do, Dir sidd also den Ugekloten, den Här --- “

„Kayser. Alfred François dit Pol Kayser. Mat ay.“

„Beruff?“

„Schoulmeeschter.“

„Pardon? Schoulmeeschter? Dat ass kee Beruff, dat ass eng Entschëllegung.“

Also, wann eng sëtzt, dat ass et déi hei! A scho geet och elo en anonymt Gegrommels duerch d’Still, well mat Schoulmeeschter ka jiddwereen eppes ufänken. Jiddwereen hat schonn emol esou eppes a senger Biographie, esou eppes Pingeleg-Pedantesches, dat vun uewen erof béis dra kuckt an ëmmer Recht huet.

„Här Riichter, ech wëll nëmme sozial Gerechtegkeet, mä duerfir schéngt Äresgläichen net dat néidegt Fangerspëtzegefill ze hunn, soss hätt Der net esou e klengen, hondsgewéinleche Schoulmeeschter ewéi mech hei hi geruff, mä de Bodens Pitti selwer.“

„Den Här Boden?“

„Jo. Kuckt op de Kalenner: mir schreiwe momentan 1990. An no Dupong an no Krieps wor hie bis d’lescht Joer Chef-Chantier um Educatiounsministère.“

„Wat? Gi mer elo och nach e politesche Fall? Also, do wier ech elo ower gespaant!“ Dem Thill seng Fra versteet d’Welt scho laang net méi, mä elo nach vill manner, vun him selwer guer net ze schwätzen, awer duerfir riet de Schoulmeeschter Kayser sech elo an den Äifer:

„Mä geet et dann net duer, dass d’Gesetz eis aner verbitt dënschdes an donneschdes mëttes schaffen ze goen – dobei hu mer esou vill Vakanz, dass mer emol selwer net wëssen, ob Chrëschtdag no Allerhellgen oder Fuesend mat Päischten no Ouschteren an de Summer fält – neen, elo duecht de Boden d’lescht Joer virun de Walen bei sech: Pitti, duecht en, elo muss der gläich eng afalen! An en hat et nach net richteg geduecht, du wor him och schon eng agefall.“

„Wat? Esou séier? A wellech dann?“

„Mä am Mee 89 koum en op déi Affrontéierheet eis nach véier Stonnen en plus ewechzehuelen.“

„Pro Trimester?“

„Ho, wou denks de hin? Neen … pro Woch! Ech zitéieren de Mémorial: Article 3 a): La tâche hebdomadaire normale des instituteurs de l’enseignement primaire proprement dit comprend vingt-trois leçons d’enseignement direct. Enn vum Zitat. A vingt-trois, dat heescht vingt-trois. An dat ouni emol eisen Avis ze froen. A wou mir aner schonn nëmme 27 Stonnen haten.“

Wierklech, et ass scho frustrant, esou eppes, denkt den Affekot. 23 hongreg Stonnen! An zemol als Schoulmeeschter mécht duebel esou vill Fräizäit dräimol méi futti ewéi hallef esou vill schaffen. Seet dat ower net haart, mä bleift einfach méi konkret bei der Saach. En Affekot muss jo eng déck Haut hunn, mä dat: 'ouni emol eisen Avis ze froen' ... esou eng Arroganz a Suffisanz ass him ower ze vill.

„Här Kayser, Dir kommt vu Pontius op Pilatus! Wat hunn Är 23 Stonnen d’Woch dann elo hei mat mengem Mandant sengen 16.352,50 Frang ze doen?“

Eng gutt Fro, vun där hirer Äntwert alles ofhänkt. A pass op, esoubal e Schoulmeeschter seng Rechemaschinn mat Bloc a Bläistëft eraushëlt, uuhh, da gëtt et eescht. Da geet et bis wäit hannert de Komma, an alles stëmmt logesch an hoergenau.

„Wéi? Wat dat domat ze doen huet? Mä alles! Kuckt: déi véier Stonne pro Woch sinn ëmmerhin houfreg 14,815% vu menger Aarbechtszäit. Also schécken ech als éierleche Bierger vum Lëtzebuerger Staat och all Mount 14,815% vu menger Pei nees zréck.“

Roueg am Sall.

Näischt.

Just verwonnert: Wéi? … Wat? … Pardon? ...

„Jo. An dat sinn a mengem bescheidene Fall de Moment 16.352,50 Frang.“

„Déi Dir nees … nees … zréckschéckt?“

„Genau, Här Riichter. Déi ech nees zréck schécken. Oder wat hätt Dir dann a menger Plaz dermat gemat? Neen. Also eemol ass d’Faass voll. Mir aner loossen dach net de Geck mat eis maachen.”

An elo geet et Schlag op Schlag. Knëppeldéck. D’Messere vun der Rhetorik si geschlaff.

Affekot (gëtt rout am Gesiicht vu Roserei): „Ah sou! A fannt Dir dat dann ameséierlech, dass mäi Mandant als dapere Fonctionnaire wéinst Äre lappege véier Stonn d’Woch eng neurologesch Defizienz an den encéphalo-cérébrale Komponenten --- “

Kayser (gëtt nach méi rout am Gesiicht vun nach méi Roserei): „A mengt Dir dann, d’Gemengen hätten et ameséierlech fonnt, fir vun haut op muer Ersatzpersonal opzedreiwen, zemol wou et där Schoulmeeschteren a Léierinnen, déi ze mann sinn, ëmmer méi gëtt?“

Affekot (huet eng logesch fir dropzesetzen): „Et schéngt jo ower bis elo geklappt ze hunn.“

Kayser (huet nach méi eng logesch fir dropzesetzen): „Sécher. Mä gitt doruechter kucken: Se hu mussen éischt an zweet Schäffen, Gemengegäertner an Härekächen fir d’Regeldetri an de Subjonctif Imparfait astellen. Do gräifs de der dach un de Kapp!“

Affekot (fënnt dat éierlech gesot och komesch a kuckt duerfir nervös op d’Auer): „Bon, Här Riichter, also ... Regeldetri a Subjonctif Imparfait .... jee, Schoulpolitik alles schéin a gutt, mä kënnte mer elo net ower villäicht zum Uerteel kommen, am Plaz hei --- “

Kayser (kuckt net nervös op d’Auer, mä setzt sech nees gemittlech hin): Mä mon Dieu, firwat dann esou gehetzt? Mir hunn dach alleguerten Zäit. Dir aner gitt gutt derfir bezuelt, deen neurologesch Defizienten hei ass souwéisou net méi mat, an ech, ech hu mäi fräien Nomëtteg.“

„Wéisou? Et ass dach haut Freideg?“

„Eben. Mir hate jo elo grad rieds dervun: déi éischt Stonn kënnt de Keesserevisor vum Cäcilieveräin mat menge Kanner e wéineg sangen, an duerno gi se bei deen turnen, deen all sonndes de Foussballsterrain marquéiert. En amusant ministeriellt Gewurschtels! Mä mäi Gott, léiwer e Briet virum Kapp ewéi guer kee Schiet."

 

De Riichter deet seng Riichterkap un, de Riichter hëlt de Riichterhummer an d’Hand, an alles steet vu sengem Stull op. Just de Staatsbeamte Thill bleift sëtzen. Dee géif hinnen jo a sengem Zoustand an d’Wäsch kippen.

„AM NUMM VUM VOLLEK ---“

Ah, pass op. Elo bottert et.

„AM NUMM VUM VOLLEK ---“

Mä neen. De Schoulmeeschter Alfred François dit Pol Kayser mat ay gëtt net schëlleg gesprach. De Schoulmeeschter Kayser ass gestrooft genuch, dass hien iwwerhaapt Schoulmeeschter ass.

Lieweslänglech.

Ouni Sursis.

Well de Bodens Pitti, dat ass e Begrëff an der Physik ginn: vun elo u gëtt nämlech grad ewéi mat Fudderen an Atü, mat Kalorien a Milligramm och mat „Pittië“ gerechent. Mat Kilo-Pitti, Hekto-Pitti an Centi-Pitti. Fir d’Vitesse ze moossen, mat där e Minister ee Bock no dem anere schéisst.

„AM NUMM VUM VOLLEK kommen ech zu dësem Uerteel – dat heescht, et ass iwwerhaapt keen Uerteel, well den Här Boden huet an deem selwechte Règlement Grand-Ducal vum Mee 1989 schonn direkt virgesuergt, fir wann esou e rebellescht Léierpersonal wéi Dir rebelléiere géif. Éischtens, Här Kayser, kritt Dir am Alter vu 50 Joer nach zwou Stonne méi ewechgeholl an, haalt Iech un, mat 55 Joer esouguer och nach eng drëtt. Erlaabt mer, dass ech och aus dem Mémorial virliesen: Article 6: Décharge pour ancienneté. Les instituteurs ayant atteint l ́âge de cinquante ans bénéficient d ́une décharge de deux leçons d ́enseignement par semaine. Les instituteurs ayant atteint l ́âge de cinquante-cinq ans bénéficient d ́une décharge de trois leçons d ́enseignement par semaine.“

Wat? Da bleift jo ëmmer manner vu souwéisou net ganz vill ... Mä de Riichter ass nach net fäerdeg. Well een deen éischtens seet, seet op jidde Fall nach eng Kéier zweetens, wann net esouguer och nach drëttens.

„An zweetens sollt Der Iech jo net ënnerstoen dës oder déi vun deenen Décharge-Stonnen aus Protest trotzdem selwer ze halen, well soss kritt Der se laut Artikel 5a) a 5b) vun Ärer Gemeng och nach extra als Iwwerstonn bezuelt. Ech zitéieren nees: Les leçons supplémentaires sont rémunérées selon des taux à fixer par règlement du Gouvernement en conseil. Les indemnités pour les leçons supplémentaires visées à l ́article précédent sont payables par l ́administration communale. Enn vum Zitat an Enn vun der Sitzung.“

 

Rou am Sall.

D’Uerteel schwieft ewéi en hellege Psalm iwwert de versammelte Käpp.

Deen éischten, deen eppes Verstänneges erauskritt, ass de Kayser: „O neen! Dass mir Schoul-meeschteren ower ëmmer mussen d’Pan klaken!“ an duerno den Thill vun der Caisse Générale de l’État héchstperséinlech selwer: „Ma da geet jo alles nees vu vir un.“