DEN ÉISCHTEN APEL

(1987)

(E Gespréich nogelauschtert, ënnert deem Äppelbam,

wou deemools esou villes - wann net alles - ugaangen ass.)

 

Schneewittchen

Et ass schonn e sëlleche Jordausenden hier, mä deen Äppelbam steet nach ëmmer hei, vun deem an den Zäiten duerno esou vill rieds gong.

Till Eilespill

Ech gesinn et viru mer, wéi wann ech selwer derbei gewiescht wär: e ronnen, säftegen Apel huet dech bis zum Mordjëss gelackelt, d’Waasser ass der am Mond zesumme gelaf ---

Schneewittchen

--- mä et duerft kee Mënsch drun ze goen.

Wilhelm Tell

Jo, jo, esou erzielen se sech emol. Mä hätt een ons zwee deemools e Wuert vergonnt, gelu, Galileo, mir hätte mat rouegem Gewëssen deen éischten Apel gepléckt.

Galileo Galilei

Du sees et. Do hätt kee Framënsch sech bräichten d’Fangeren drun ze verbrennen an herno enger aarmséileger Schlaang de Schwaarze Péiter an d’Schong ze stiechen.

Wilhelm Tell

Mir zwee, mir hätten net am Bongert gezéckt, fir déi sëlleche Jorhonnerte vum Liewen unzefänken, mir hätten duerfir esouguer de ganzen Aascht geplëmmt, wann et hätt misse sinn.

Till Eilespill

Da mengt alt, Jongen! Et wier iech och net besser gaangen ewéi deenen aneren zwee Pechvullen. Ferrem Féiss hätt der hannebäi kritt.

Galileo Galilei

Neen, eben net. Wa mir komme wieren, dann hätt dee gudde Mann vum Gaart en Aan zougedréckt, well pass op, mat ons zwee kann d’Mënschheet d’Päerd stiele goen. An dat weess en.

Wilhelm Tell

Däer ewéi mir zwee, déi hu bis elo déi ganz Kapitele vun der Weltgeschicht geschriwwen.

Till Eilespill

Wéi? Vun der ganzer Weltgeschicht?

Galileo Galilei

Kuck der se nëmmen un, si danzt haut nach no eiser Päif.

Schneewittchen

Mä so emol, Eilespigel, wee sinn déi doen zwee dann nëmmen?

Till Eilespill

Se huelen de Mond emol op jidde Fall schéi voll.

Wilhelm Tell

Vollek, vu mier schwätzen se éiweg, an net blouss an de Schwäizer Bierger, mä och hei. Mäi Bouf hat och esou en Apel um Kapp, mäi Feil huet duerch d’Loft gepaff, an ech, ech hunn deem Gehässegen an d’Gesiicht gelaacht.

Mënsch, stell däi Mann an huel der d’Mooss u mir: ech sinn aus haardem Holz geschnëtzt, mat rauer Schuel a verbruetene Kniet bannendran.

Galileo Galilei

An da spill déi Tromp aus, déi s de hei uewen an dengem Kapp hues an déi dech vun all deenen ënnerscheet, déi laang virun eis op de Beem erëmgeklotert sinn. - 't ass schonn e laange Strapp hier, wéi se geruff hunn: Galileo Galilei, op den Holzkoup mat der! Mä haut, iwwer dräi Jorhonnerten duerno, haut dréint eis Welt sech ower nach ëmmer ëm d’Sonn, well ech hu se, meng Wëssenschaft, an déi mat allen anere Wëssenschafte suergt haut och nach ëmmer derfir, dass d’Welt sech weider dréint.

Till Eilespill

Haart Männer a wëssenschaftlech Käpp ... So, wat gëss de mer fir déi zwee?

Wilhelm Tell

Mir zwee, mir hätte mat rouegem Gewëssen deen éischten Apel gepléckt.

Schneewittchen

Mat rouegem Gewëssen, sees du och nach?

Galileo Galilei

Gleef mer et: wann d’Weltgeschicht op eis zwee setzt, da brauch se sech herno net ze schummen, well se huet dann eppes opweises, fir der Jéngster Dag.

Till Eilespill

Ho, bis dohi brauche mer net ze waarden.

Wilhelm Tell

Wéisou?

Galileo Galilei

Firwat?

Schneewittchen

Haut huet se schonn opweises genuch mat iech.

Till Eilespill

A méi wéi genuch a wéi et hir léif ass.

Schneewittchen

Schwäizer Tell, blieder blouss duerch d’Geschichtsbicher vu fréier an duerch d’Zeitunge vun haut, se lafen iwwer vun haarde Männer mat Knëppelen a Klabëssen, mat Handgranaten a Maschinnegewierer ---

Till Eilespill

--- an dann, Galileo Galilei, d’Welt schuddert sech ëmmer méi virun äiskale Wëssenschaftler, déi ons weise wëllen, wou de Bock säi chemescht a säi radioaktivt Lach huet.

Schneewittchen

Neen, neen, ech géif déi do net eleng un den éischten Apel loossen. Et wier mer dach ze brenzleg.

Till Eilespill

Eben. Mir sinn och do, wann et nach eng Kéier gëllt iwwert den Drot an de Bongert ze klammen. A wann et schonn nëmme wär, fir d’Leeder unzehalen.

Wilhelm Tell

Nu héier sech blouss een un, wat déi zwee do déck Bake maachen.

Galileo Galilei

An dobei weess emol kee Mënsch, ob et se iwwerhaapt jeemools gouf.

Schneewittchen

Wien?

Wilhelm Tell

Ma iech zwee. Du, du huckels de léiwen, laangen Dag bei denge siwen Zwergen an de Mäerercher erëmzedreemen ---

Schneewittchen

Genau.

Galileo Galilei

--- an hien do, hien huet weider näischt an der Kopp ewéi Spëtz-bouwegkeet a Flautereien.

Till Eilespill

Eben.

Wilhelm Tell

Mä wat wëllt dir zwee dann iwwerhaapt an der Weltgeschicht? Wat hutt dir hir dann ze bidden?

Schneewittchen

Mä dir Hären – ganz einfach: MËNSCHLECHKEET.

Galileo Galilei

Wéi?

Till Eilespill

MËNSCHLECHKEET a LAACHEN.

Wilhelm Tell

Ech ... ech ... wéi soll ech dat verstoen?

Schneewittchen

Gesäis de, dovun hu si nach näischt héieren.

Galileo Galilei

Mënschlechkeet a Laachen ...

Wilhelm Tell

Droleg!

Schneewittchen

Neen - mä batternéideg. Mat wëssenschaftleche Käpp an haarde Fäischt kommt der net ganz wäit, dir grouss Häre vun der Weltgeschicht. An vergiesst mer duerfir an deem Duerchernee vun haut net, dass de Mënsch e Mënsch ass – dorops kënnt et nämlech un.

Till Eilespill

An dann, da bekuckt der iech vun Zäit zu Zäit a mäi Spigel an huelt net alles ze vill doudeescht, well erënnert iech: sechs Deeg huet onser Härgott gebraucht, fir d’Welt op d’Been ze setzen, an de siwwenten Dag huet e sech dohi gesat, de gudde Mann, an en huet gelaacht.

 

(An domat wor dat Gespréich eriwwer -

ob et eppes bruecht huet,

dat gesi mer spéiderhin emol ...)