Persounen: de Jousef
d’Maria
e Psychiater
|
(De Jousef an d’Maria sëtzen an ale Mäntel an an alen Decken agewéckelt beim Psychiater.) |
JOUSEF |
Ech weess, Här Psychiater, Dir hutt mat allerhand Leit ze doen: däer, déi erotesch vun hirem Mantelbriet ugezu ginn, anerer, déi net nëmme mat sech selwer schwätzen, mä sech duerfir och nach selwer uruffen --- |
MARIA |
Ower bei eis ass et nach vill méi uerg a vill méi schrecklech. |
JOUSEF |
A frot nëmmen net no Numm an Adress. Mir wëlle léiwer anonym bleiwen. Soss gi mer op eemol nach gestengecht, mat all deem, wat mir op der Welt ugeriicht hunn. |
MARIA |
Ech soe jo, Här Psychiater, ’t ass einfach katastrophal! |
PSYCHIATER |
Bon ... Also, dann erzielt mer emol är Geschicht vun Ufank un. |
MARIA |
Mä fir dem réimesche Keeser Augustus seng Volkszählung si mir vun Nazareth aus Galiläa op Bethlehem gaangen. |
JOUSEF |
’t wor kal an däischter dobaussen, all Luxus-Hotel war au complet, mir si vun Dier zu Dier klappe gaangen, mä kee Mënsch huet eis eragelooss. |
PSYCHIATER |
Ah, jo jo, elo weess ech. Du hutt der baussent dem Duerf e Stall fonnt mat enger Krëpp voller Hee a Stréi, an nieft engem Ochs an Iesel --- (versteet op eemol, ganz grouss:) Waat? An dir zwee, dir sidd elo hei bei mir? |
MARIA |
Jo. Dir musst eis hëllefen, well, wéi dunn och nach d’Hierten opgekräizt sinn an de 6. Januar déi Helleg Dräi Kinneken, du wor de Chaos perfekt. |
JOUSEF |
Meng Fra huet e Kand kritt, an dobei hate mer emol nach net ... jee, verstitt Der? |
PSYCHIATER |
Jo, jo. |
JOUSEF |
Komesch ... ech hunn dat bis haut nach net verstan. |
MARIA |
Et wor just den Erzengel Gabriel, dee mer et gesot huet, dass ech ... dass ech an néng Méint – jee, souzesoen als éischte Gynekolog mat engem Schwangerschaftstest. |
JOUSEF |
Neen, eng al Bauereregel seet et jo schonns: Niwwel am November, Chrëschtdag am Dezember - a mir zwee, mir sinn alles an der Schold. |
MARIA |
Kee Wonner, Här Psychiater, dass mer ënner Schizophrenie a Psychosë mat Halluzinatioune leiden. |
PSYCHIATER |
Also, do misst der iech elo ower e wéineg méi explizit explizéieren. |
JOUSEF |
Mä kuckt, ufanks wor et just eng Metten um 12 Auer nuets an der Kierch an duerno eng Koppel Träipen --- |
MARIA |
--- an daags virdrun hu wéi vill Pappe sech de Fouss verstaucht, wann se um Späicher op wackleg Holzkëschte geklomme sinn, fir iergendzwousch uewen de Stänner vum Chrëschtbeemchen erofzehuelen. |
JOUSEF |
Alles jo an der Rei. Mä haut?! Ho, ’t däerf ee guer net drun ze denken. Dräimol pro Woch ginn et verkaafsoppe Sonndeger --- |
MARIA |
--- den TÉLÉCRAN bréngt säiteweis Reportagen iwwert déi gäilste Krëppercher mat der Ënnerstëtzung vum „Fonds de Logement“ --- |
JOUSEF |
--- an der REVUE kacht Jänni a Männi säi Chrëschtmenu. Dëst Joer: „Kalorien a Cholesterol bis siwen Deeg no Neijooschdag“, gesponsert vun Underberg, Renni a vun der Amicale des Médecins Généralistes … |
MARIA |
--- an all Fëscherveräin an all „Fraen a Mammen“ hunn en Adventsconcert oder e Chrëschtmaart mat Chrëschtdaags-Stollen, |
JOUSEF |
Chrëschtdaags-Käerzen, |
MARIA |
Chrëschtdaags-Glühwäin, |
JOUSEF |
Chrëschtdaags-Keramik-Vasen, |
MARIA |
Chrëschtdaags-Kermamik-Nuetsdëschluuchten |
JOUSEF |
Chrëschtdaags-Broderien, |
MARIA |
Chrëschtdaags-Thüringer, |
JOUSEF |
Chrëschtdaags-Fritten, |
MARIA |
Chrëschtdaags-Hamburger - |
JOUSEF |
An dobei hate mer emol nach net, Här Psychiater ... |
MARIA |
(schluchzt) Neen, wat hu mir do nëmmen alles un d’Rulle bruecht? |
PSYCHIATER |
O, dat duerft der ower net esou perséinlech an esou tragesch ze huelen. |
JOUSEF |
Wat? Net esou tragesch, sot Dir? Mä schéckt Dir dann net kéipweis Chrëschtdaagskaarten u Leit, déi Der net leide kënnt oder déi der virun zwanzeg Joer eemol op der Costa Blanca kennegeléiert hutt? |
MARIA |
An dann d’Chrëschtdagscadeauen! Hutt Dir dann nach ni Ärer Fra e Chrëschtdagscadeau gemat, Här Psychiater. |
PSYCHIATER |
Eh ... also ... éierlech gesot ... |
MARIA |
Gesitt Der. An dat Schéinst un esou engem Cadeau ass net de Stress oder de Cadeauspabeier mat Stären a mat Schnéimännercher drop, neen, mä de Bong, fir en ëmtauschen ze goen, well e Chrëschtdagscadeau ass jo aus Prinzip eppes, wat ni gefält oder komplett iwwerflësseg ass. |
JOUSEF |
An do solle mir da keng neurologesch mat der Pan kréien? |
MARIA |
(riet sech an den Äifer) Hei, just fir ze soen, Här Psychiater: schonn no der grousser Vakanz huet de CORA Bûche a Liefkuch an der Reklamm --- |
JOUSEF |
(idem) --- an dem CACTUS leeft vu mueres bis owes „An der grousser, hellger Nuecht“ --- |
MARIA |
--- den ALDI setzt Krëpperchesfiguren an d’Geméis an den DELHAIZE Engelcher bei déi gefruere Pizzaen --- |
JOUSEF |
--- an am LIDL wënschen se der vun no Allerhellgen u „Schéi Chrëschtdeeg“. |
PSYCHIATER |
(laacht fir sech) Ha, echt, déi doen zwee! |
MARIA |
(rosen) Ah sou, fannt Der? Mä dann hänken ower och nach bei all Haus 96 elektresch Fënster-Dekoratiounen an 147 vum Virgäertche bis hannenaus an d’Äppelbeem --- |
JOUSEF |
(idem) --- an an der Stad liichte vum Lampertsbierg bis erof op d’Gare Kilometere Guirlandë mat honnertdausende Biren, dass scho bal eemol d’Cargolux an der Neier Avenue gelant wor. |
MARIA |
An da sot Dir: Echt, déi doen zwee! Mä passt op, wann Der elo och nach Lametta an Engelshoer eraushuelt, fir heibannen ze rëschten --- |
JOUSEF |
--- oder den Neegerche vun der Krëppchen fir Äert Drénkgeld heihinner stellt --- |
|
(De Jousef an d’Maria huelen allen zwee eng Pistoul an hale sech déi widdert de Kapp.) |
JOUSEF |
--- dann erschéisse mer eis allen zwee, éier Der Iech och nach als komesche roude Weihnachtsmann verkleet, fir dobaussen laanscht d’Fassad de Kulang eropzeklammen.
|