Persounen: de Chirurg
d’Infirmière (den Infirmier)
de Misch Michels
|
(De Misch Michels läit an engem Kliniksbett – oder e sëtzt einfach an engem Rollstull am Pyjama mat Baxter asw.) |
INFIRMIÈRE |
Ah, ëmmer si mir et hei, déi d’Pan kënne klaken. Dann erklär dat engem Mënsch dobaussen. |
CHIRURG |
D’Krankekeese päifen eben op deem leschte Lach. An dat Lach gëtt ëmmer méi grouss. Well d’Medezin muss eise Fortschrëtt Nummer 1 bleiwen. Trotz ëmmer méi deiere Medikamenter an ëmmer méi sophistiquéierten Operatiounsmethoden. |
INFIRMIÈRE |
Voilà. An herno geet et hannen a vir net op, a wee keng Suen huet fir deier drëtt Zänn, dee kritt eben einfach e Mixer. – Bon, dann zu Iech, Monsieur. Dir sidd also och hei. |
MICHELS |
Jo. Wéinst den Hämorrhoiden. |
CHIRURG |
Hämorrhoiden? Esou eppes huet eis elo nach grad gefeelt. |
MICHELS |
Mä Dir wäert laachen, mir och. |
INFIRMIÈRE |
Hutt Der éieren am Cactus d’Rätsel ageschéckt? |
MICHELS |
Wéisou? |
INFIRMIÈRE |
Mä de Cactus ass en Haaptsponsor vun der Krankekeess. All Woch zéie mer en Haaptgewënner, an deen huet dann eng Operatioun ze gutt. Vum Cactus offréiert. |
MICHELS |
Neen. Ech si komm, well ech wéi hunn. |
CHIRURG |
Aha! Dir sidd also ee vun deenen. |
MICHELS |
Ee vu wellechen? |
CHIRURG |
Wéinst deenen d’Krankekeess herno bezuele muss. Ma ech géif mech schummen. Mir steieren op en Defizit vun Milliounen a Milliounen, an Dir, Dir kommt, well Der wéi hutt. |
MICHELS |
A fir operéiert ze ginn. |
INFIRMIÈRE |
Sot Dir! Hutt Der da wéinegstens eng Carte de Fidélité? Neen, hutt Der och net. Ma da maache mer emol fir d’éischt en Devis. Dat erspuert herno onnéideg Diskussioune mat der Patientevertriedung. |
MICHELS |
En Devis? |
CHIRURG |
Verstitt, d’Hallschecht vun de Käschte kënnt vun de Kliniken, heescht et, duerfir ass et och bei de Kliniken, wou den Hiewel muss ugesat ginn. |
INFIRMIÈRE |
Bon, Här --- |
MICHELS |
(hëlt d’Kaart vun der Sécurité Socale) Misch Michels. 1960 07 21 135. |
INFIRMIÈRE |
Här Michels, solle mer also einfach e Forfait maachen, oder wëllt Der op d’Stonn bezuelen? |
MICHELS |
(fir sech) Wéi beim Plätterchesleeër: e Forfait oder op de Quadratmeter. |
CHIRURG |
Mir hunn och nach speziell Optiounen: Flatrate. Dat kennt Der jo vum Internet oder vum Komasaufen a Spuenien. |
INFIRMIÈRE |
Fir eng gewëssen Somme schneide mer un Iech esou vill, wéi Der wëllt. D’Galeblos, de Miniskus, de Blinddarm. Et gënnt ee sech jo soss näischt. |
MICHELS |
Mä … mä 't ass ower nëmme wéinst den Hämorrhoiden. |
CHIRURG |
Hämorrhoiden! Wann Der deenen näischt dervu sot, mierken s’et emol net. |
INFIRMIÈRE |
Monsieur, iwwerleet: Iech gëtt et ënnert dem Stréch méi bëlleg a mir, mir hu gewonn. Fir all Operatioun géift Dir esouguer mat 5% um Benefice bedeelegt. |
CHIRURG |
A fir all Kéier wou Der Iech nees eppes eraushuele loosst, huele mer nees eppes anescht mat eraus, an da kommen alt nees eemol 5% fir Iech derbei. |
MICHELS |
Also, ech weess net …. |
CHIRURG |
Kommt Der natierlech fir alles extra, jo da mussen se nees fir dat ganzt Land d'Cotisatioune vun der Krankekeess an d’Luucht setzen. Wëllt Der dann éiweg mat där Schold doruechter lafen? |
INFIRMIÈRE |
Wëllt Der dann, dass d’Leit an der Stad oder an der Belle-Etoile éiweg mat dem Fanger op Iech weisen ? |
MICHELS |
A just well ech Hämorrhoiden hunn an net nëmmen en hondsgewéinlechen Houscht! |
INFIRMIÈRE |
Duerfir bidde mer parallell zum Flatrate nach eng aner Optioun: Den All Inclusive. Esou vill Medikamenter, wéi ee wëllt, 24 Stonnen op 24, non stop. |
MICHELS |
(grouss) Mä … mä … |
CHIRURG |
Mir hunn nämlech d’Schief voll leien, déi muer oder iwwermuer oflafen. Déi mussen ënnert d’Leit. |
INFIRMIÈRE |
Dir gesitt, Här Misch Michels, et geet eben drëms, fir d’Krankekeess net ze vill ze belaaschten. Wann d’Politik et schonn net fäerdeg bréngt. |
MICHELS |
(fir sech) D’Politiker! Ah, esoubal mer d’Päifekäpp alleguerten an e Schaf agespaart hunn, da bleiwen der net méi vill iwwereg, fir d’Dier zouzemaachen. |
CHIRURG |
Mä passt op, da kommen och nach d’Surplus-en. Zum Beispill beim Choix vum Dokter: huele mer e Student oder e spezialiséierte Chirurg? |
INFIRMIÈRE |
D’Studenten, déi scho 5 Joer am éischte Semester sinn, déi si vill gefrot. (Reaktioun vum Michels) |
CHIRURG |
Zëmmeren hu mer der vill, mä déi gënschtegst sinn nach ëmmer déi mat dräi Better fir véier Mann. |
MICHELS |
Wéi? Dräi … fir véier …? |
CHIRURG |
't ass jo souwéisou ëmmer een op dem Gank oder vrun der Dier, fir eng ze fëmmen, da kann dee véierte sech tesselen. Dat spuert Personal a Bettwäsch. |
INFIRMIÈRE |
A puncto Operatiounsgeschier geet eis Palett vu komplett frësch steriliséiert bis bei dat, wat mer deen Dag souwéisou am Gebrauch hunn |
MICHELS |
(geréit ëmmer méi ausser sech) Mä … mä … dat gëtt jo ëmmer besser. |
CHIRURG |
An ech mengen, beim Zwier an der Nol mécht dat einfacht Fooschen et och schonn. Dir sidd jo souwéisou keen esou e Flotten, dee sech nach um FKK weise kann. |
MICHELS |
Also … nu lauschtert ower emol … |
INFIRMIÈRE |
Duerfir maache mer Iech bei der Narkos eng Faveur, do kënnt Der wielen: eng Anästhesie maison, 2.300 € --- |
CHIRURG |
--- oder eng vun eisem Fusiounspartner, dem Mierscher Schluechthaus. Déi hunn dës Woch d’Stéieren um Programm. Do géift Der fir den hallwe Präis mat erduerch geholl. |
MICHELS |
Wat? An dat doen alles wéinst de Krankekeesen? O neen … Ech ... ech ... (keimt, krëmmt sech a fält zur Säit) |
INFIRMIÈRE |
Ou, a wat huet en dann elo? |
CHIRURG |
(kënnt mat engem ECG-Apparat) Ee Momentchen. Loosst mech emol bäi. |
INFIRMIÈRE |
Dat doe wor him elo sécher ze vill. |
CHIRURG |
(kuckt op den Apparat) Häerzinfarkt. |
INFIRMIÈRE |
Schued fir hien, déi sinn eréischt d’nächst Woch bei eis an der Promotioun.
|