(E puer Personnagë mat Sonnebrëller, déi vun enger heller Luucht verblent ginn.)
----- |
(weist erop) Et wor keng Wollek um Himmel, an d’Sonn, si stong esou ongeféier do. |
----- |
Dat liicht der an d’Aan. |
----- |
Do bass komplett verblent. |
----- |
Ower esou eppes vu verblent, soen ech der. |
----- |
Mir hu kee gesinn. |
----- |
Scho gemengt, hei een an do ee gesinn ze hunn – mä du hues keen erkannt. Well mer gonge riicht an d’Sonn. |
----- |
An et koumen der eis vill entgéint. |
----- |
Vill ze vill op där kuerzer Streck. |
----- |
Populisten ... Putschisten ... |
----- |
Karrieristen ... Protektionisten |
----- |
An all déi houer-déckvollgefriesse-Kapitalisten |
----- |
Si hunn näischt gesot. A mir dunn och net .... |
----- |
Da seet een och näischt ze vill. |
----- |
Si hu just Schiet geworf. A géint Schiet kanns de näischt hunn. Kuck hannerun dech, du werfs es jo och – also. |
----- |
Mä wéi gesot, (weist nees erop) mir hu kee gesinn. Mir hu just geblënzelt. Wore wéi hallef blann. |
----- |
Do hate si et scho besser. Si hate jo d’Sonn am Réck. All déi Sau-Konformisten ... Anarchisten .. |
----- |
Opportunisten ... Radikalisten |
----- |
Lobbyisten a M’en-Foutisten ... |
----- |
Vu wou koumen se hier? Kee weess et. Mä si woren do. |
----- |
Se koumen een nom aneren. Hannerteneen. Heiansdo alt och zu zwee oder zu dräi niewteneen. |
----- |
An de Wee ass souwéisou schonn esou schmuel. |
----- |
Mir hätte kënnen iwwert se trëllen. |
----- |
Hals a Bee briechen. |
----- |
An 't hätt een esouguer nach „Pardon“ gesot. |
----- |
Stell der dat emol vir: si rennen dech iwwert de Koup an da sees du och nach „Pardon“ zu deene Fundamentalisten ... Sexisten ... |
----- |
Fatalisten ... Materialisten |
----- |
An déi no-riets-an-no-lénks-an-no-alle-Säiten-Extremisten |
----- |
A wéi mir eis ëmgedréint hunn, jo, dunn, du hu mer se erkannt. Well däer doer, déi erkennt een och vun hannen. |
----- |
Mä du wore si scho laascht. |
----- |
Du wor et ze spéit. |
----- |
An du hu mer och erréischt gesinn, wéi vill dass et der woren. |
----- |
An et goufen der ëmmer méi. |
----- |
An nach ëmmer méi ewéi méi. |
----- |
Jee, du hues gemengt, du häss an en Nascht getrëppelt |
----- |
Duerch all déi Militaristen ... Konventionalisten ... |
----- |
Neofaschisten, Exorzisten a Renommisten ... |
----- |
An hannert eis kommen hinnen ëmmer nees anerer entgéint. |
----- |
(weist nees erop) Mä fir déi ass och keng Wollek um Himmel. |
----- |
Och déi si verblent. Ewéi hallef blann. Och déi mengen, et wiere Leit a Mënschen ewéi s du an ech. |
----- |
Déi Chauvinisten... Nationalisten |
----- |
Okkultisten .. Defätisten |
----- |
An déi dausenden elitär-mir-sinn-high-society-Onanisten |
----- |
Et ass eben einfach der Sonn hir Schold, déi geet mueres déi verkéiert Säit op an da steet se de ganzen Dag falsch ...
|