(Dëse Sketch besteet och als Text
ënnert der Rubrik
"TEXTER a GESCHICHTEN")
Persounen: den Arnold Pillchen, e kleespere Männchen
d’Clothilde Pillchen, seng Fra, eng bësseg „Tullepant“
den Agent aus dem Police-Büro
Décor: e Bürosdësch mat engem Panneau „Police Grand-Ducale“,
e puer Dossieren an eng ural Schreifmaschinn
|
(Den Agent sëtzt hannert sengem Büro d’Zeitung ze liesen. D’Clothilde an den Arnold Pillchen kommen eran. Si huet d’« Frau Aktuell » an de Code de la Route an der Hand, hien eng grouss Tut. Keng Reaktioun vum Agent.) |
ARNOLD |
C’est ça, Clothildchen. Hei ass et. De Flickebüro vum Parken. Well schonn direkt, wéi mer erakoumen, du hunn ech bei mer geduecht --- |
CLOTHILDE |
Arnold Pillchen, fänk dach net ëmmer u mat denken. Dat geet jo ëmmer schif aus, mat dengem Intelligenzquotient vu plus ou moins Zëmmer-temperatur. (houscht opfälleg) Hee, Dir do, mir komme reklaméieren. |
AGENT |
Also, Madame, éischtens gëtt hei net reklaméiert, zweetens net kuerz viru Feierowend an drëttens scho guer net vun esou hondsgewéinlech Pupeger ewéi iech. |
CLOTHILDE |
Wat? Hondsgewéinlech Pupeger? (streng) Arnold, hopp, attaque! |
ARNOLD |
(zum Agent) Gesitt Der, haalt Iech léiwer kleng. Well den Ënnerscheed tëscht mengem Clothilde an engem Pit-Bull ass just de roude Lëppestëft. |
CLOTHILDE |
Arnold! |
AGENT |
(streng) Allez, allez ... hopp, Ären Ziedel. |
ARNOLD |
Mä elo emol schéi gemittlech, Meeschter. Kuckt, haut ass jo Freideg, a wéi all Freideg sot mäi Clothildchen: Arnold, sot et, bréngs de mer déi nei „Frau Aktuell“ mat. |
CLOTHILDE |
Mä enéierens eng fräi Parkplaz. An nodeems en dunn eng Dräivéierelstonn rondrëm gekierpt wor, huet en op eemol uewen an der Biedergaass eng 100 Meter Trottoir fonnt, wou kee Mënsch a keng Séil houl. |
ARNOLD |
Mä dunn, passt op, wéi ech dunn zréckkommen, du gesinn ech, dass ech groussaarteg bei engem Parkverbotsschëld halen. Kënnt Der Iech dat virstellen? Hei kuckt, ech hunn et extra ofmontéiert, fir Iech dervun ze iwwerzeegen. (hëlt e Parkverbotsschëld aus senger Tut) |
AGENT |
Hë? Also dat do ass déi éischte Kéier, dass ech esou eppes erliewen. |
ARNOLD |
Ech och. |
AGENT |
An dann hutt Dir och nach de Culot, fir heihinner ze kommen? |
CLOTHILDE |
Ma jo sécher. Geet dat dann éieren nach net duer? |
AGENT |
Wat? |
ARNOLD |
Ma dëst Schëld. |
AGENT |
(méi fir sech) Deen doe gouf ze gliddeg gebuet. (leet d’Zeitung ewech) Hopp, weist mer Ären Ziedel. Ech maache gläich zou. |
CLOTHILDE |
Mä voilà, dat ass et jo grad. E krut iwwerhaapt keen Ziedelchen. |
AGENT |
Dir ... Dir ... Dir krut keen? |
ARNOLD |
Gewëss! Gesitt Der, elo sidd Der grad esou perplex ewéi ech. |
AGENT |
A firwat kommt Dir da reklaméieren? |
ARNOLD |
Mä ech halen houfreg an engem Parkverbot an ech kréie keen Ziedelchen ënnert de Wischer. An dobäi si mer dach alleguerte gläich virun dem Gesetz. |
CLOTHILDE |
(berouegt en) Komm, Arnold, lee dech net mat em un. Dat ass och ee mat nëmmen 8 Joer Primärschoul an 2 Joer Danzcours. |
AGENT |
Also neen! Vu mueres bis owes kommen se mat faulen Ausrieden heihin, mä dass een op d’Iddi kënnt, Buttek ze schloen, well e keen Ziedel krut ---- |
ARNOLD |
Mä Monsieur, huelt et zu Ärer honorabeler Kenntnis: ech sinn am Feeler. Mais-chen, reif him emol der „Code de la Route“ ënnert d’Nues. |
AGENT |
O, wësst Der, wat Dir mech kënnt? |
CLOTHILDE |
(bësseg) Jo jo, ech kennen se, déi Beamtementalitéit. Wann déi Iech alleguerte géifen, déi Iech kënnten, da misst Der Är Zeitung am Stoe liesen. |
ARNOLD |
(zum Agent) Staark, mäi Clothildchen, wéi? Mä neen, héich Autoritéit, Spaass bei Säit - ech halen op Gerechtegkeet. Ech wëll en Ziedel. Schliisslech sinn ech net manner ewéi déi aner. |
AGENT |
(stécht e Blat an d’Schreifmaschinn ) Hopp, wësst Der wat: ech schreiwen Iech en Ziedelchen, an da kënnt Der Iech als Duerchzuch verkleeden an hei ofzeblosen. (tippt) Tatort ... |
CLOTHILDE |
Rue des Bains. Mattendran. |
AGENT |
Auerzäit? |
ARNOLD |
Véierel op dräi. Neen, waart, ower villäicht e puer Minutte méi spéit, esou eppes kuerz tëscht zwanzeg op a fënnef vir hallwer --- |
AGENT |
(nervös) Allez, tuddel net. Ären Auto? An Är Immatriculatiounsnummer ? |
CLOTHILDE |
Eng schwaarz Limousine. |
ARNOLD |
Nummer 23. |
AGENT |
(grouss ) Pardon? |
CLOTHILDE |
Jo. 23. ’t ass net méi. ’t deet mer leed. |
ARNOLD |
Mäi Privatwon, an der Rei, dat ass den QX 589 an och nëmmen eng kleng Toyota, ower wiertes, wann ech mäi Chef am Regierungsrot ofsetzen --- |
AGENT |
(spréngt vu Schreck op) Hë? Déngschtwon ... Regierung ... |
ARNOLD |
--- an haut ass jo Freideg, a wéi all freides sot mäi Clothilde zu mer --- |
AGENT |
Här ... Här ... eh, wéi wor scho méi Äre werten Numm? |
CLOTHILDE |
Pillchen wor säi werten Numm. Arnold Pillchen. |
AGENT |
(feierlech) Här Pillchen, als Malentendu wor et net schlecht, als Witz schonn e Krack besser, mä fir de Rescht geet et d’Baach an. (zitt d’Blat aus der Schreif-maschinn a sträicht alles duerch) |
ARNOLD |
Mä firwat dann dat do? Elo woort Der dach sou gutt am Gaang. |
AGENT |
(huet de Funk geholl) Hallo, hallo ... Eecherbierg an Theaterplaz? |
CLOTHILDE |
A wat huet deen Intebinni dann elo wëlles? |
AGENT |
(ganz duercherneen, fir sech) Schrecklech! Nummer 23 ... Regierungsrot ... Ministeren ... (an de Funk) Ah, Gibbes, du bass et. Mä so, fuer emol bis an d’Biedergaass kucken, ob do Parkverbot ugeschloen ass. (Den Arnold an d’Clothilde weise verzweifelt hiert Parkverbotschëld.) Jo jo, mat bloer Luucht, well ’t ass en héich-urgenten Dossier. Over. |
ARNOLD |
Also lauschtert emol! Dir sidd mir en Aartlechen. Ech krut der schonn opgepecht, wann ech blouss mat dem Auspuff iwwert de wäisse Stréch hull -- |
CLOTHILDE |
An do huet hien nach e relativ klengen – also eisen Toyota, net mäin Arnold. |
ARNOLD |
Mä elo, wou ech eng Véierelstonn mudderséileneleng an engem Parkverbot halen, do ass kee Pechert am Stand, fir säi Bloc a säi Bläistëft aus dem Paltong ze huelen --- |
AGENT |
Här Pillchen, wéi kënnt Der dat dann iwwerhaapt beweisen? |
CLOTHILDE |
Ma du bass deng Sue wäert, Jong. (weist d’Schëld) Ass dat heient Schëld dann net Beweis genuch? Oder hätt en de Potto och nach solle matbréngen? |
AGENT |
(hëlt de Funk) Ja, Gibbes? – Wéi? Näischt? Keng oniwwersiichtlech Kopp, keng Eisebunn ... (schmuunzt fir sech, voller Ironie) ... emol kee Parkverbotsschëld ... Voilà, do hu mer et jo ... |
CLOTHILDE |
Pardon? |
AGENT |
(idem) Genau. 't ass dat, wat ech mer och vun Ufank u geduecht hunn. Okay, Gibbes. Merci dann. (hänkt an) |
CLOTHILDE |
Arnold! Da wier dech dach. Du bass dach kee Schlappschwanz. |
AGENT |
(zerrappt den Ziedel) Tja, dir Herrschaften! Et deet mer leed, mä d’Enquête sur les lieux huet et konkret erginn: kee Parkverbotsschëld. A wou kee Parkverbotsschëld steet, do ass och kee Parkverbot. Voilà. An duerfir maachen ech elo Feierowend. (stellt d’Schëld FERMÉ dohin a geet of) |
ARNOLD |
(rifft him no, weist nach ëmmer säi Schëld) Mä … mä … mä, Monsieur --- (geschloen zum Clothilde) Mais-chen, ech mengen, mir hunn eis net kloer genuch ausgedréckt ...
(Währenddeem Black oder Rido)
|