|
Persounen: d’Louise d’Justine d’Triny (dräi wierklech onerotesch Hausfraen, mat Bigoudien, gestréckte Strëmp, am Schierteg an am Mantel driwwer )
Décor : an engem Park
|
|
|
|
(Et ass däischter. D’Louise, d’Justine an d’Triny laueren am Park a ginn doruechter luussen. Eventuell kann esouguer eent vun hinnen eng Schmier aus der Posch auspaken.) |
LOUISE |
(op eemol) Hei - lauschter! Do kënnt een. |
JUSTINE |
't gëtt ower och esou gemittlech Zäit, Louise. Wéi laang waarde mer elo schonn hei? |
TRINY |
So, ass et da wéinegstens eppes Knackeges? |
LOUISE |
Pscht! Pass op … elo --- (enttäuscht) Neen. En ass laascht. |
JUSTINE |
Do gesäis de! A schonn nees näischt! Ah tjëft, stees de owes stonnelaang hei am Stater Park a gëss fir d’Baschten net iwwerfall. |
LOUISE |
Owend fir Owend a Resultat gläich null. Wou solls de dann do keng Déprime kréien?! |
TRINY |
Du mengs einfach, dat wier net fir dech. An dobei denken d’Männer dach all 10 Minutten u Sex an dat dann eng Véirelstonn laang. |
JUSTINE |
E bräicht eis emol keng iwwert d’Bomm ze ginn a mir géifen och net jäizen an och net fortlafen, net dass en eis scho virdrun ausser Otem kënnt. |
LOUISE |
A firwat hätten se da soss extra e Park hei opgeriicht? Nëmmen, dass d’Leit derduerch spadséieren an d’Hënn hir Kéipercher dran drécke kënnen? |
JUSTINE |
(zitt de Rack e wéineg erop) Neen, esou eppes ass fir owes an nuets do, wann et esou richteg schummereg a gemittlech gëtt ... |
TRINY |
(geet nees luussen) ... an den däischteren, mysteriéisen Ecken ... |
LOUISE |
Wann déi Lidderhanësse nëmme géife wëllen! An dann hu se ower doheem d’Jennifer Lopez an d’Britney Spears als Bildschirmschoner um Computer. |
TRINY |
Pscht! Do wibbelt eppes. |
JUSTINE |
Ech gi geckeg, ech flippen aus. |
TRINY |
(mécht d’Blus e wéineg op) Pass op, dat heien zitt. Männer sti jo op esou eppes. |
JUSTINE |
(idem) Du hues Recht. Dat ass déi richteg Strategie. Ower just e Stéckelchen. |
LOUISE |
O mamm jo, mä nëmmen net ze vill, soss ass et schonn direkt Esseg. |
TRINY |
(lauert, enttäuscht) Do! Schonn nees laascht. |
LOUISE |
Ech sot et jo. (schwäermt) A wat ass eng Nuecht dach esou voller Illusiounen … nuets kann een u Saache gleewen, déi am Dag net méiglech sinn ... |
JUSTINE |
(idem) … nuets huet keen en Numm, nëmme Bianca, Lola, Freddy Copacabana a Tommy Montecarlo --- (normal) mä neen, mir laueren hei an et kënnt keen! |
TRINY |
Kee Freddy Copacabana a keen Tommy Montecarlo. Einfach frustrant! |
LOUISE |
A stell der emol vir, Triny, wat do mat eis e Potential verluer geet. |
TRINY |
Ech hat mer alt och schonn emol extra en Zwee-Euro-Stéck an d’Schiertegtäsch gestach. Weess de, fir se ze lackelen. 't schafft ee jo mat alle Methoden. |
JUSTINE |
Ei, dat wier dach e lukrativt Geschäft: 80 aler Frangen an eis dräi nach als Bonus derbei. |
LOUISE |
(geet nees lues lauschteren) An da mengs de zwar ëmmer: hei, do raschelt eppes an dem Gestraiss, do steet een hannert engem Bam … |
TRINY |
Allez, géi, Louise! Nu fänk net nees un ze zecken! |
LOUISE |
(enttäuscht) Mä neen! Näischt. |
JUSTINE |
Gesäis de! |
TRINY |
An duerfir hunn ech mir dann extra nei gestréckte Strëmp kaf. |
LOUISE |
Du stees just hei a verpass doheem déi flottste Filmer. An do ginn der ëmmer iwwerfall. Nu jee, et ass zwar nëmme Kino, mä ëmmerhin ... |
TRINY |
Wéini ass dann ee fir d’lescht op eis lass gaangen? Weess de, esou voller Extas, esou en animalesche Lover, dass et der waarm a kal de Réck erof leeft. |
JUSTINE |
Ah, wat kënns de dech dach domat bretzen! Mä hei stees de ze waarden an herno hues de just d’Been entschlof an de Krämpchen am Jarret. |
LOUISE |
A mäi Gott, et misst jo net emol e Flotte sinn, et ass jo souwéisou däischter. |
TRINY |
D’Haaptsaach, et wier een derbei. (Si maache sech nees gemittlech fort.) |
JUSTINE |
Neen, egal wat! Komm, elo gi mer. Elo kënnen se eis klibberen. |
TRINY |
Se bretze sech mat hire Parken an da kënnt keen – eng total Feelinvestitioun! |
LOUISE |
Schued! Also, eis Schold wor et nun ower bestëmmt net … |
JUSTINE |
(geschloen) … an da ginn ech alt nees heem bei mäi Jemp. Well wann s de stonnelaang mat der Aangel beim Waasser sëtz an et bäisst keen un, da mierks de, dass Fischstäbercher doheem och schmaachen.
|