(Sketch fir e puer Persounen)
|
(D’Acteuren gi mat engem Bloc duerch d’Leit, froen hei an do an notéieren.)
|
____ |
Entschëllegt, mir wëllen iech net stéieren ... Mä hutt Dir villäicht e puer Minutten Zäit? |
____ |
Entschëllegt, well mir si vun der ILRES a mir maachen eng kleng Ëmfro zwëschenduerch. (Si froen d’Leit.) Eh ... tankt Dir Esso, Aral oder Shell, Monsieur? |
____ |
Sidd Dir op de Feierkrop abonnéiert? |
____ |
An Dir Madame, hudd Dir minimum dräimol d’Woch de Sout? |
____ |
Sot, fannt Dir ëmmer eng Parkplaz, wann Der eng sicht? |
____ |
An hudd Dir schonn eemol un enger Dier gezunn, och wa „Poussez“ drop stong? |
____ |
Dir Dammen an dir Hären, mir vun ILRES sinn houfreg, iech eis Statistiken an Etuden iwwert de Mënsch an iwwert eis Gesellschaft ze presentéieren. |
____ |
An déi si genial. Kuckt, no laangem prozentualem Rechnen hu mir erausfonnt, dass d’Chance prozentual méi grouss ass nuets am Bett ze schnaarchen, wann een am Foussball zu de Preisen hält --- |
____ |
--- duergéint ower méi kleng, wann ee scho méi wéi eemol mat op der Päischtcroisière wor. |
____ |
A gleeft eis et. Dat stëmmt garantéiert. Mir bauen op joerelaangen Erfahrungs-werter op. Esou hunn zum Beispill d’IKEA-Clienten déi längste Liewes-erwaardung – si wëllen nämlech nach materliewen, wéi hiert Regal ausgesäit, wann et bis opgeriicht ass. |
____ |
Mä komme mer léiwer zu enger méi praktescher Applicatioun. Vun dëse ronn 150 Leitt den Owend heibanne ginn der 18 freides ni ënnert enger Leeder erduerch --- |
____ |
--- 6 sinn allergesch op Kazenhoer --- |
____ |
--- 89 kucke mëttes déi topeg Talk-Showen um däitsche Fernseh. Dat ass ëmmerhin méi ewéi dee hallwe Sall. Schrecklech! |
____ |
--- an 142 stelle sech all Joer d’Fro, wéi et am Dinner for one mat dem James an der Miss Sophie uewenop weidergeet. |
____ |
Interessant, oder net? – Neen, ech mengen elo net dat uewenop, mä eis Wëssenschaft vun der Statistik. |
____ |
An eis Etude vun der ILRES léien net. Déi klappen. Huelt nëmme viru Joeren d’Ëmfroe fir den Cita op den Autobunnen. Déi meescht hunn de Kapp driwwer gerëselt. |
____ |
An effektiv ... „Attention brouillard“! Also, entweder et ass Niwwel an da kanns de d’Schëld net liesen, oder du kanns et liesen an dann déngt et dech näischt. |
____ |
Voilà. Mir hunn ëmmer Recht. (zu enger Fra) Kuckt, Madame, Dir schloft jo riets am Bett, also iesst Dir och gäre Spagetti Bolognese, well 89 % vun deenen, déi lénks leien hu sech nach ni mat roude Flecke gespritzt. Also! |
____ |
Ganz sécher. A kuckt, de Monsieur hannendrun dréit Hugo Boss an ass duerfir och ee vun deenen 77 heibannen, deenen den Hutt héich geet, wa se d’Heidi Klumm gesinn. |
____ |
(zur Säit) Ower nëmme just, wa se den Hutt um Schouss leien hunn ... |
____ |
Grad esou sécher, wéi déi dräi Damme hei op der Säit mat gréisster Wahr-scheinlechkeet ni eppes fir sech behale kënnen. |
____ |
Dach, well wann ee seet: Et bleift jo ënnert eis! dann ass et bei 9 vun 10 Frae schonn Esseg. Mä éierlech gesot, firwat wéisst een dann och eppes, wann een et net weider erzielen duerf, gediert? Da mécht et dach guer kee Spaass méi. |
____ |
Voilà, an dat erkläert dann och, firwat 9 vun 10 Fraen deen typesch weibleche Gen hunn, nämlech, fir ëmmer zu zwee op d’Toilette ze goen. |
____ |
Do gesidd Der, eis vun der ILRES mécht keen eppes vir. |
____ |
Mir hu mat eisen Héichrechnungen a Statistiken eis Gesellschaft am Grëff. An dorunner hutt Dir Iech eben ze halen. |
____ |
(weist op e Mann) Zum Beispill den Här hei huet 42 am Schong an en huet d’CSV gewielt. Dach, dach. Sot elo net neen. Well laut eisen Ëmfroen huet all drëtten 42 am Schong a wielt schwaarz. An Dir sëtzt hei als drëtten an der Rei. Also! |
____ |
Tjo, sorry! Tatsaache sinn nun eben Tatsaachen. |
____ |
A wann net, da sëtzt Der ebe falsch. |
____ |
Séiz Der niewendrun, esou als zweeten, da wier et gutt. Da kënnte mer mat eis schwätze loossen - och wann all zweeten nom Orgasmus direkt entschléift. Zimlech peinlech, gediert! Also hätt Der eventuell scho besser dräi Sëtzer op déi aner Säit réckelen. |
____ |
Mä passt op, da sidd Der dee fënneften an der Rei, an all fënnefte weist am Auto deenen aneren de Fanger a mécht d’Tube vun der Zahnpasta net zou. |
____ |
An 10% vun deene mat der Zahnpasta kontrolléieren all owes dräimol, ob de Wecker och wierklech gestallt ass --- |
____ |
--- hunn Nieresteng --- |
____ |
--- an e Gaardenzwerg virun dem Haus. |
____ |
A wann dat och nach net stëmmt, tjo, da maacht eis net derfir responsabel. Mir kënne jo nu wierklech net derfir. |
____ |
Da géif ech mer an Ärer Plaz schonn emol Gedanken iwwert mech selwer maachen a mech dann ophänke goen. |
____ |
Well mat deem Geschéck géif déi Statistik alt och nees stëmmen ...
|