|
(Am Hallefdäischteren. Personnagen a laange Reemäntel, schwaarzen Hitt a mat verbonnenen Aan.)
|
----- |
Kuckt eis un: mir sinn se. |
----- |
Mir kommen aus dem Däischteren, mir operéieren am Däischteren a mir verschwannen nees an dem Däischteren. |
----- |
Kee Mënsch traut sech eis mat dem Numm ze nennen. |
----- |
Eis geet jiddereen aus dem Wee. |
----- |
Eis kuckt keen an d’Aan. Et ass och vill ze geféierlech, well mir kënnten esou mueneche Leitt de Kapp kaschten. (Si kucke virsiichteg ronderëm sech.) |
----- |
Mä duerfe mer eis villäicht emol virstellen? Mir si jo hei ënnert eis. (Ganz mystesch:) |
----- |
Ech, ech sinn den Ënnerscheed tëscht Mindestloun an décker Gratificatioun. |
----- |
Ech sinn déi heemlech Diktatur vun der Kierch. |
----- |
Ech sinn déi léif, kleng Revolte géint d’Monarchie. |
----- |
Ech sinn dee léiwen, klenge Kavaléiersdelikt. |
ZESUMMEN |
Pscht! |
----- |
Ech sinn d’Nuecht zu Lëtzebuerg, do wou déi schwaarz Fiedem gezu ginn. |
----- |
Ech sinn d’Hypocrisie an déi helleg Mystik vun dem Geld. |
----- |
Ech sinn déi grouss Korruptioun. |
----- |
Ech sinn déi eng Affär an déi aner Affär an d’Affären alleguerten. |
ZESUMMEN |
Pscht ! |
----- |
Ech sinn d’Ofdreiwung. |
----- |
Ech sinn d’Homosexualitéit. |
----- |
Ech sinn d’Pédophilie. |
----- |
Ech sinn d’Euthanasie. |
DUERCHERNEEN |
Ech sinn ... ech sinn ... ech sinn ... |
----- |
Dach. Mir sinn se. Mir sinn déi grouss Tabuen hei aus dem Land. |
----- |
Mir stinn iwwerall um Index, mir gi perquisitionnéiert an exkommunizéiert. |
----- |
A géif et nach iergendzwousch esou e faméisen Holzkoup, da géife mer lieweges Leifs do verbrannt. |
----- |
Dach. Eis geet jiddereen aus dem Wee. Eis kuckt keen an d’Aan. |
----- |
A kee Mënsch schwätzt vun eis. Emol net am Däischteren, do wou mer hierkommen a wou mer nees verschwannen. |
----- |
Neen, kee Mënsch schwätzt vun eis, well et eis ebe guer net gëtt. |
----- |
A firwat gëtt et eis net? Mä well et eis eben net duerf ginn. Mir si guer net do. (kuckt nees virsiichteg rondëm) A gitt et éierlech zou : dir hat dach elo nëmme grad Halluzinatiounen. Dir hudd nëmmen d’Männercher gesinn. |
----- |
Also! |
ZESUMMEN |
(wéi e Gebiet) O du helleg Hypocrisie, Biet fir eis, verlooss eis ni. Hal deng iwwermächteg Hand Iwwert d’Lëtzebuerger Land, Bleif bei eis in Gottes Namen. Amen.
|