Persounen: ee mat engem décken Helikon,
en anere mat enger klenger Piccolo-Flûte
|
(Déi zwee sëtzen mat hiren Instrumenter hannert de Noutepulter. Eng Zäitchen näischt. Ee kuckt grouss a verleeën op deen aneren.) |
HELIKON |
Ja ... an? |
PICCOLO |
Du sees et. Solle mer dann emol? |
HELIKON |
Ech verstinn net. |
PICCOLO |
Mä da komm, mer fänken un. |
HELIKON |
Wat? Ower net mat dir. |
PICCOLO |
Wéisou? |
HELIKON |
Mä ... mä ... hues de mech schon eng Kéier ugekuckt? |
PICCOLO |
Jo ... An du mech? |
HELIKON |
Eben. (ängschtlech) Ech ... ech weess net sou richteg. Ech sinn hei ze vill. Bei dir héiert ee mech jo net méi eraus. |
PICCOLO |
(laacht) Ha, gutt déi do! Bei dir héiert ee mech net méi eraus! Dass ech net laachen ... |
HELIKON |
Gesäis de, elo geet et schon un. Ech wosst et jo. |
PICCOLO |
Bass de éiere frustréiert? |
HELIKON |
Neen. Ech sinn net frustréiert, mä ech wëll Musek spillen. |
PICCOLO |
Genau. Dat trëfft sech jo da gutt, ech nämlech och. Allez komm, da fuere mer duer. |
HELIKON |
Bei dir ass et grad wéi bei enger Fra: Widderspriech hir nëmmen net – a spéitstens 3 Minutte mécht s’et selwer. |
PICCOLO |
Also, dat doen ass mer elo ower e wéineg ze héich. |
HELIKON |
Dat gleewen ech der direkt. Mä kuck, du, du wëlls mat mir spillen, an dobei sinn ech dach méi fir d’Nuancen. Fir dat méi Rengt. Do wou méi fei subtil Zwëschentéin gefrot sinn, eppes méi mat zaartem Gefill, do ass mäin Asaz. |
PICCOLO |
Mä so lauschter emol, mengs de, ech séiz hei nëmmen, fir schéin ze maachen. Ech spille jo ower och. An esouguer dat selwecht Stéck. |
HELIKON |
Eben. Du spills jo ower och. An esouguer dat selwecht Stéck. Dat ass et jo grad. |
PICCOLO |
Wat? |
HELIKON |
Mä dat. Bei dir geet meng ganz Subtilitéit direkt ënner. Du erdëmmels mech jo. (fir sech) Freet deen elo och nach: Wat? - Ah neen, esou eng onverfrueren Arroganz muss ee sech emol virstellen! |
PICCOLO |
(méi fir sech) An dobei trauen ech mech kaum Loft ze huelen, soss op eemol hunn ech mech selwer ofgeschléckt. |
HELIKON |
Fänk elo net un zynesch ze lamentéieren! Weess de, bei mir brauch ee musikalesche Feeling. Ech sprange vun engem liichten dolce gracioso op en allegretto amabile con sentimento – mä jee komm, wat erzielen ech? Vun esou Finessë kanns du jo nëmmen dreemen. |
PICCOLO |
Pardon? |
HELIKON |
Du bléis jo einfach nëmme blann drop lass a baggers dech ewéi e wëlle Stéier derduerch, ouni Niveau an ouni Fangerspëtzegefill, du kulturellen Hooligan do! |
PICCOLO |
(piquéiert) Ah sou! An da sinn ech arrogant, sees de?! Ma déi doen ass net schlecht. |
HELIKON |
(rosen) An elo fänks de och nach un an d’Flilleken ze klappen? |
PICCOLO |
(idem) Ma ween huet hei mat wat ugefaangen? |
HELIKON |
(ëmmer méi rosen) Ha, bravo! Dat doen, dat sinn se, déi mer brauchen. Esou Leit ewéi s du kënnen engem alles vergällen, alles am Liewe versauen. Vun näischt eng Ahnung, ower dovun e ganze Koup. Si blose sech op, wëllen iwwerall matschwätzen a spillen de grousse King, mä et ass näischt hannert der Heck. Näischt. Guernäischt. |
PICCOLO |
Mä ... mä ... mä ee Momentchen emol --- |
HELIKON |
Ah, voilà, gesäis de! Typesch dat do! An da loossen se déi Kleng och nach net zu Wuert kommen, si schäissen een einfach ëm. (hieft sech) Ower neen. Net mat mir. Ech hunn och meng Éier. An nëmmen déck Bake maache kann ech och eleng. (rose fort)
|