Persounen : eng jonk Employée
de Felix Dännemeyer
Décor : an engem Büro
|
(D’Employée schafft an hiren Dossieren. Et klappt un der Dier.) |
EMPLOYÉE |
(fir sech) A schonn erëm deen Nächsten. Ëmmer gëtt et hei en Nächsten. – (zimlech granzeg) Ja, entrez! |
DÄNNEMEYER |
(kënnt eran) Bonjour, Joffer. Felix Dännemeyer ass mäin Numm. Also, d’Saach ass déi hei: viru fënnef Méint hunn ech e Framënsch kennegeléiert, mä ech war jo ower schonn eemol bestuet --- |
EMPLOYÉE |
(ouni opzekucken) Monsieur, Dir sidd hei an enger Administration de l’État an net an de „Gute Zeiten, schlechte Zeiten“. |
DÄNNEMEYER |
Ah, wann Der mäi ganzen Historique net héiere wëllt - vu mir aus. Mä da kommt Iech herno och net beschwéieren. -- Also, Joffer, et wier fir en Attest vu menger „Aptitude physique fir e Remariage no engem Divorce virun der Altersgrenz, laut Règlement Grand-Ducal vum 23. September 1965“ --- |
EMPLOYÉE |
Virun dem Verfallsdatum? Da weist Iech emol! (bekuckt e vun uewe bis ënnen) Mä Dir schéngt jo nach gutt duerch Sandweiler ze kommen. |
DÄNNEMEYER |
Eben. Dat duecht ech mer och. |
EMPLOYÉE |
Hutt Der dann déi néideg Ënnerlage bei Iech? |
DÄNNEMEYER |
(grouss) Ënnerlagen? Sinn ech dann do net néideg Ënnerlag genuch? |
EMPLOYÉE |
Ech gesi schonns. Dir hutt keng. Mä ‘t deet mer leed. Eng Administratioun ass eben eng Administratioun. Da kommt Der muer erëm mat Carte d’Identité, Krankekeeskäertchen, Hondsmedaille, Wochebilljet, Visa-Kaart a Fëscherpermis. |
DÄNNEMEYER |
Carte d’Identité, Krankekeeskäertchen, Hondsmedaille, Wochebillet, Visa-Kaart --- |
EMPLOYÉE |
Dir hutt de Fëscherpermis vergiess. |
DÄNNEMEYER |
Ah jo! --- an de Fëscherpermis. Voilà. Ech lafe schonn. Bis gläich, Joffer. (séier of) (D’Employée schafft weider. E puer Momenter Zwëschemusek, dann:) |
DÄNNEMEYER |
(kënnt mat engem ganze Koup Blieder a Chemisen asw.) Do. Hei sinn ech nees. Gesitt Der, ech si wierklech nach gutt drop. An hei sinn och meng --- (´t fält him alles op de Buedem) O, der Däiwel net nach! (kroomt ëmständlech zesummen) |
EMPLOYÉE |
Très bien. Voilà, elo ass Äre Probleem scho bal guer kee Probleem méi an de Formulaire fir d’Demande vun der Demande frot Der Iech am Büro 54, drëtte Stack. |
DÄNNEMEYER |
(grouss) Fir d’Demande vun der Demande … Büro 54, drëtte Stack. An der Rei. Ech lafe schonn. Bis gläich, Joffer. |
|
(D’Employée schafft nees weider. E puer Momenter Zwëschemusek, dann:) |
DÄNNEMEYER |
(kënnt mat dem Formulaire) Voilà. Hei hu mer d’Affär. (späizt an d’Hänn) Also, kënne mer de Formulaire dann elo ausfëllen? |
EMPLOYÉE |
Waaat? Einfach ausfëllen? Fir d‘éischt braucht Der emol nach en Timber. |
DÄNNEMEYER |
Mä ech schécken Iech et jo net mat der Post. Ech si jo schonns hei. |
EMPLOYÉE |
Neen. Keen Timber mat dem Heng drop. Mä e verwaltungsspezifeschen Administratiounstimber vun 12,50 Euro. Büro 117, fënnefte Stack riets. |
DÄNNEMEYER |
E verwaltungsspezifeschen Administratiounstimber. Büro 117, fënnefte Stack lénks. |
EMPLOYÉE |
Riets. |
DÄNNEMEYER |
Jo, wann ech kommen, dann ass et riets - wann ech herno ginn, da wor et lénks … Dat packe mer och nach. Ech lafen, Joffer, ech lafen. |
|
( D’Employée schafft nees weider. E puer Momenter Zwëschemusek, dann:) |
DÄNNEMEYER |
(kënnt schonn nëmme méi erageschlappt, leckt den Timber a pecht en op de Formülaire) Sout, Jëfferchen, an do sëtzt en. Propper a rechtwénkleg ënnen am Eck. En même temps hunn ech Äre Formulaire och schonn direkt ënnerwee ausgefëllt. |
EMPLOYÉE |
Ah, fein. A keng Angscht, dat hu mer elo gläich, Här Dännemeyer, well mir an den Administratiounen, mir si jo nun ower wierklech net komplizéiert. |
DÄNNEMEYER |
Neen … nun ower wierklech net … |
EMPLOYÉE |
(iwwerflitt de Formulaire) Voilà. (op eemol) O! |
DÄNNEMEYER |
Ja? Ass eppes? |
EMPLOYÉE |
Dir hutt den Numm vun Ärer éischter Fra an d’Rubrik 34 an dee vun Ärer zweeter Fra an d’Rubrik 33 agedroen. Et muss grad ëmgekéiert sinn. |
DÄNNEMEYER |
Omei, wéi pingelech! Da maacht eben einfach e Feil vu Rubrik 33 op Rubrik 34 a vu Rubrik 34 op Rubrik 33 aller-retour an dann ass alles am Botter. |
EMPLOYÉE |
Näischt ass am Botter! Mir kënnen dach net op engem offiziellen, mat Timber legaliséierte Formulaire nodréiglech eng Korrektur maachen. |
DÄNNEMEYER |
Ajo, dat wir jo Aktefälschung, mat dräi Méint Schraasseg. Tjo, an elo? |
EMPLOYÉE |
Mä an esou engem Fall komme mir de Bierger nees eemol ganz mënschlech mat engem Zousazformulaire entgéint fir verkéiert vice-versa ausgefëllte Rubriken. Quasi engem Avenant. Also Feuille D7 am hellgréngen. Büro 362, siwente Stack. |
DÄNNEMEYER |
(lallt) Ech hu verstanen. Siwente Stack vice-versa, hellgrénge Büro fir e quasi Lavement 362 … (tierkelt of) |
|
( D’Employée schafft nees weider. E puer Momenter Zwëschemusek, dann:) |
DÄNNEMEYER |
(kënnt mat deem neie Formulaire, d’Hoer duercherneen, d’Krawatt verrutscht, energesch) Sou Meedchen, a wéi ass et dann elo mat eis zwee: kréien ech déi Schäiss-Ënnerschrëft oder kréien ech se net ? |
EMPLOYÉE |
O, dach net esou béiswëlleg, Monsieur. Wann een Iech héiert, da géif ee mengen, eise Staat mat sengen Administratiounen géif de Leit hire leschten Nerf kaschten. (op eemol:) Mä … mä haut ass jo Dënschdeg. |
DÄNNEMEYER |
(stäipt sech schonn, fir net ëmzefalen) Ja an? Dat ass dach logesch, oder net? Zemol wou gëschter de ganzen Dag Méindeg wor. |
EMPLOYÉE |
Mä d’Demandë fir esou en Attest ginn nëmme mëttwoches a freides ugeholl. |
DÄNNEMEYER |
Ha, näischt méi einfach ewéi dat, Mais-chen. Mir sinn dach onkomplizéiert. Da kommen ech muer erëm. De Formulaire kann ech jo direkt hei loossen. |
EMPLOYÉE |
(ausser sech) Pardon? Mä muer ass muer an da stëmmt den Datum jo net méi. |
DÄNNEMEYER |
Mäi Gott, ower bal … |
EMPLOYÉE |
„Ower bal“ gëllt bei eis hei net. Mierkt Iech dat. |
DÄNNEMEYER |
(verzweifelt) Mä … mä … mä da muss ech jo nees vu vir ufänken?! Neen, dat do ass ze vill. (hëlt e Rewolwer aus dem Paltong an erschéisst sech.) |
EMPLOYÉE |
Null problemo. Dee Formulaire kritt der am Büro 17, zweete Stack – ower nëmme méindes an donneschdes mueres bis hallwer eng.
RIDO
|