Nach villes bléif bei eis ze man,
Mä jiddereen, deen hält
Seng zwou Hänn vrun d’Aan.
Och ech, ech waarde schonn sou laang
Op deen Abléck,
Mä ech krut mech ni gefaang.
Et dreemt ee gär, mir dreemen alleguer,
Ower Dreemerei, déi geet net duer.
't ass scho laang hier,
Dass hei Wonner op der Welt geschitt sinn,
A grad duerfir
Gëtt et lo déi héchsten Zäit.
Net réischt muer, mä nach haut,
Komm, pak mat un, et gëtt sech elo getraut,
Well all Visioun, déi huet hiert Recht,
An och keen Dram, deen ass ze schlecht,
Mä 't muss een et maachen, well verstéi,
Et gi keng Wonner méi!
Haut kënnt kee méi mam groussen Hellgeschäin,
Haut mécht kee méi aus Waasser Wäin.
't ass scho laang hier,
Dass hei Wonner op der Welt geschitt sinn,
A grad duerfir
Musse mir lo derwidder gon.
Kuck rondëm, et steet vill,
Et steet vill fir eis Welt an eis Kanner um Spill,
Komm, stell däi Mann lo, well verstéi,
Et gi scho laang keng Wonner méi.
Dann hu mer eppes mol gemat
An net nëmme geschwat -
Jo, dann hu mer wéinestens alt dat
Fir eis Kanner mol gemat!