(vu Stewardessen, Piloten an e puer Passagéier mat Waliss a Luxairs-Kierf gesongen)
FLY LUXAIR !
Mat dem EasyJet
Fléie mir ëm d’Wett
Please come, check-in –
FLY LUXAIR !
An dann déi ganz Saach
Mat deem houere Katar
Fried dech mol heihin - (op d’Stier tippen)
FLY LUXAIR !
Fir Florenz oder Wien
Fir Paräis a Berlin
All Stewardess
All Pilot am Stress
Please come, check-in –
FLY LUXAIR !
't ass eng Sauerei.
Et geet ëm eis Pei
Wat soll da scho sinn? –
FLY LUXAIR !
E Frankfurter-Vol
Oder Costa del Sol
Elo hu mer d’Britt
Décken Defizit
Egal wouhin -
FLY LUXAIR !
An duerfir, verstéi,
Keng Bréidercher méi
Please come, check-in –
FLY LUXAIR !
A fir méi héich an d’Lut
En neie Findel krut
Jo, dat muss sinn -
FLY LUXAIR !
Op Roum a Monastir
Op Genf an Agadir
Den Tuer ëm déi ganz Welt, oh yea,
FLY LUXAIR !
Fir all besser déck Panz
Oder mir just an d‘Vakanz
Mä elo hu mer d‘Britt
FLY LUXAIR !
Décken Defizit
FLY LUXAIR!
An duerfir, verstéi,
FLY LUXAIR !
Keng Bréidercher méi!
FLY LUXAIR !
Keng Bréidercher méi!
FLY LUXAIR !