An engem Ratenduerf do wor mol
Eng gelleg Katastroph:
Si souzen deeglaang all op dem Späicher
An 't wollt kee méi erof.
Well de Raten hire schroosten,
E Brigang wéi am Buch,
Deen hat no zwanzeg Joer Prisong
Dees Kascht nach net genuch:
E gong nach weider klauen
A vill där Tricken nach,
All mueres louch eng Läich am Kulang
An en Haus wor ugestach.
De Gemenge-Conseil gëtt convoquéiert,
Présent ass jiddwereen.
Si strecken d’Käpp um Dësch zesummen
An drënner d’Schwänz beieneen.
Et geet hei ëm d’Gesetzer
An den Ordre public! Also dann
Als éischt Sanctioun: seng Biergerrechter,
En plus de Kierchebann!
Wéi ass et da mam Gaalgen?
Ordre du jour – Punkt 2.
D’accord, de Kärel gëtt gehaangen,
À l’unanimité.
De Gaalgen ass du scho fréi mueres
Vum Jängi poléiert ginn.
„Wéi, wéi, Här Schäffen“, frot de Brigang,
„Kënnt soss weider keen heihin?“
Ma neen, deen ee Conseiller,
Deen hat kee Seel méi fonnt,
An de Buergermeeschter huet sech entschëllegt,
Well hie seng Ried net konnt.
Sou blouf de Brigang Brigang
An d’Welt, déi wosst lo dat hei :
Beim Humpe soll een d’Päerd nach stielen -
Herno ass kee méi derbei ...