ratam-ratam-larataratam
ratam-ratam-larataratam
Viru mir do steet ee beim kale Buffet,
Dee geet mer lo scho wéi laang op de Kéis.
E baggert mat dem Läffel an der Gromperenzalot
A sabbelt mer seng Remoulade op d’Féiss.
Ma gudden Appetit! Nu kuck dee Raudi
Mam Teller hanneru mir an der Rei,
E wurschtelt an de Stécker
An e schëppt sech nëmmen Décker
Fir all den Honger an der Welt derbei.
ratam-ratam-larataratam
ratam-ratam-larataratam
Zwou Tomates aux crevettes an e puer Austren,
Da Kornischongen an e Stéck Foie gras,
Sechs Zorten Ham, vous voulez,
Vläicht och nach e Stéckche Poulet,
Tiramisu a Mousse au chocolat.
’t ass alles blouss eng Fro vu richt’ger Statik,
Déi d’Konstruktioun am Equiliber hält:
Mat Thon rondrëm gestäipt
An nach eng déck Flaatsch Saumon drop,
Fir dass de Buttek net zesummefält.
ratam-ratam-larataratam
ratam-ratam-larataratam
’t gëtt vill ze kucken, hei, dohanne steet een,
D’Krawatt scho wéi laang an der Mayonnaise,
Da krauchen nach zwou Fraen tëschent honnert Been, kuck do,
Um Buedem hiren dräi Oliven no.
Eng eeler Tutsch, déi leckt un engem Scampi,
Mä dee fält hir lo an den Décoll’té,
Si sicht a wullt, ramoschtert
Tëscht den Dénger do a koschtert,
Mä de Scampi fënnt si net méi zréck, ah nee.
Aha, lo geet de P’loton endlech weider,
Dee viru mir deen huet säi Koup gemat.
Och ech jongléiren zréck mat mengem Teller, strubbelvoll,
A fro mech, ween dat alles iesse soll ...
ratam-ratam-larataratam
ratam-ratam-larataratam
ratam-ratam-larataratam
ratam-ratam-larataratam