Persounen: A – B
(Entweder e Mann an eng Fra doheem: d’Fra liest an engem Buch, de Mann liest d’Zeitung … oder zwee op enger Bänk … oder zwee, déi spadséiere ginn … asw.)
|
(Eng Zäitche passéiert guer näischt. Kee Wuert.) |
A |
(bekuckt op eemol de B) Wat sos de? |
B |
Ech ? Näischt. |
A |
Ou? |
B |
Hues du dann eppes héieren? |
A |
Neen. |
B |
Maja! |
A |
Mä du kucks ower esou. |
B |
Wéi kucken ech? |
A |
Mä wéi wann s de eppes soe wolls. |
B |
Wat hätt ech da soe wëllen? |
A |
Mä dat hunn ech dech jo elo grad gefrot. An du hues du geäntwert : Ech hunn näischt gesot. |
B |
Also. Da weess d’ et jo. |
A |
Guer näischt weess ech. Dobei ass et dach logesch: Wann ee krank ass, gesäis de deem of, dass e krank ass. Wann ee midd ass, gesäis de deem of, dass e midd ass. A wann een eppes soe wëllt, da gesäis de deem eben of, dass en eppes soe wëllt. |
B |
(schonn uerg genervt) Ech wollt awer näischt soen. |
A |
Ma da kuck och net esou dran. |
B |
(rosen) Wéi soll ech da maachen, fir net esou dran ze kucken? |
A |
Mä ganz einfach näischt soe wëllen. |
B |
(déck rosen) Wollt ech jo och net. – (op eemol) Ah dach, elo weess ech nees, wat ech soe wollt: (däitlech) DU-GEES-MER-OP-DE-GEESCHT !!! (geet senger Wee) |
A |
(zefridden) Do, gesäis de! Ech sot et jo …
RIDO |
© All Rechter beim Auteur
(iwwer jchr@pt.lu oder iwwer "Kontakt")