Persounen: de Pipo Zickzack, den Hues
de Mecki Däreldéier, den Igel
d’Lisi Däreldéier, seng Fra
de Schleek
de Maulwuerf
d’Himmelsdéierchen
de Fräsch
d’Maus
... an nach aner där Déieren als Statisten ...
den Erzieler
Décor (niewteneen opgestallt):
· beim Igel virun der Dier: eng Bänk, eng Bréifboîte ... (1. Szeen)
· an hirer Kichen: en Dësch, zwee Still, e klenge Schaf ... (2.Szeen)
· um Feld: Hecken a Gestraiss um Buedem als Gromperefeld, ronderëm Ligestill (3.Szeen)
-----------
(als Hörspill - 1991)
1. SZEEN |
ERZIELER, HUES, IGEL (Beim Igel virun der Dier) (Den Igel sëtzt op der Bänk d’Zeitung ze liesen an d’Päif ze fëmmen.) |
ERZIELER |
Jiddwereen op der Welt kennt de Pipo Zickzack, deen agebilten Hues aus dem Dännebësch. Säitdeem hien op der Olympiad eng Goldmedail am Lafe krut, mécht dee Bretzhari de Geck an den Uz mat Jänni a Männi. An hei, eemol sonndes, wéi deen Här Zickzack am Zylinder an am schwaarzen Huesekostüm duerch d’Géigend trëppelt, du sëtzt den Igel virun der Hausdier seng Päif ze fëmmen an d’Zeitung ze liesen. |
|
(Den Hues kënnt am Zylinder an am Kostüm laanscht spadséiert.) |
HUES |
Hei elei, de Mecki! A wéi hu mer et dann, Monsieur Däreldéier-Picken-Igel? |
IGEL |
Wéi et deenen aarme Leit alt esou geet. |
HUES |
An du sëtz hei op der Gaass? Ah, wann ech de Bockel esou voller Stachelen hätt ewéi s du, da géif ech mech net an der Welt weisen. Grujeleg! |
IGEL |
O Huesepipo, ech hunn ower scho muencherengem d’Schnuff ganz houfreg dermat zerpickt, wann et huet misse sinn. Ech rulle mech einfach zesummen an da geet et lass. A pass op, dat spiers de. |
HUES |
(mécht de Geck) Jo, jo. Well lafe kanns de jo net, gelu. Mat denge kuerzen, kromme Been geet et blouss duer, fir doruechter ze wackelen. |
IGEL |
(rosen) Watgelift? |
HUES |
(laacht) Du käichs ewéi eng al Dampmaschinn, mä du kënns net vun der Plaz. |
IGEL |
(spréngt op) O neen, Männchen, ech loossen ower net de Geck mat mir maachen. Du bilts dir sécher an, besser lafen ze kënnen ewéi ech, wéi? |
HUES |
Ei, mä dat wëll ech mengen! Schliisslech hunn ech jo eng Goldmedail op der Olympiad krut. |
IGEL |
An ech leeë mäi Schniewel derfier an d’Feier, dass ech dech bei enger Course nach iwwerhuele géif. |
HUES |
Waaat? Du mat denge kromme Been? Ass dat däin Eescht? |
IGEL |
Mir kënnten et jo emol probéieren. Oder trauts de dech éieren net? |
HUES |
Ei dach! Ech wëll. Wann et der Spaass mécht. |
IGEL |
Also ofgemat, Pipo Zickzack. Mir lafen. (hëlt eng Fläsch ënnert der Bänk eraus) Hei, et geet ëm eng Fläsch Schampes. |
HUES |
(zitt eng Strëmp voller Mënzstécker aus dem Paltong) An ech, ech leeën nach eng ganz Strëmp voller amerikanescher Dollaren drop. (houfreg) Dat sinn nach déi vu mengem leschte Weltrekord. Deem siwente schonn. |
IGEL |
Amerikanesch Dollaren hin oder hier: d’Wett, déi gëllt. |
HUES |
Okay. So mer just, wou a wéini. Ech sinn do. |
IGEL |
Mä ganz einfach: no der Mëttesrascht am Struppesbauer sengem Gromperestéck. |
HUES |
An der Rei, Mecki. Dann trainéier alt nach gutt ëm de Stuffendësch. (méi fir sech) Haha, en Igel wëllt mat engem Hues eng Course maachen ... Esou eppes huet nach keen erlieft. (geet iwwert dem Laachen of)
|
2. SZEEN |
ERZIELER, IGEL, IGELFRA (Beim Igel an der Kichen) |
ERZIELER |
Mä och de Mecki schmuunzt fir sech an dabbert bei seng Igelfra an d’Kichen, well en huet sech eng raffinéiert ausgeduecht. (Den Igel geet bei de Kichendësch, wou d’Igelfra am Gaang ass Gromperen ze schielen.) |
IGEL |
Lisi, de Mëtteg spulls de e wéineg méi séier an da fiers de mat mir um Motorrad op d’Feld eraus, well ëm dräi Auer lafen ech mat dem Zickzackspipo ëm d’Wett. |
IGELFRA |
Hä, du? Mat dem Hues? Mecki Däreldéier, hu se dech? |
IGEL |
An du hëllefs mer derbei. |
IGELFRA |
Mä ech ka jo guer net lafen. |
IGEL |
Brauchs de och net. Lauschter emol, ech hunn do eng speziell Iddi: mir lafen an dem Struppes sengem Gromperestéck; du, du dees mäin Hiem a meng Schaffbox un -- |
IGELFRA |
Waaat? Déi al mat de Bretellen? |
IGEL |
Jo. (weist op seng Box a säin Hiem) Déi selwecht ewéi déi hei. Du verstopps dech hannen um Enn an de Gromperen, a wann de Pipo Zickzack gelaf kënnt, da krabbels de eraus a riffs: „Ha, ech si scho laang hei!“ |
IGELFRA |
(grouss) Ech verstinn net. |
IGEL |
Mä iwwerlee, du gesäis jo da grad esou aus ewéi ech. |
IGELFRA |
(versteet) Ah sou ... jo ... mat dengem Hiem a mat denger Schaffbox. |
IGEL |
An de Bockel voller Picken hu mer souwéisou allenzwee. |
IGELFRA |
So, an du mengs, dee géif näischt an Uecht huelen? |
IGEL |
Gewëss! Deen ass da vill ze vill verwonnert a rosen, e mécht eenzock d’Kéier a jauwt erëm zréck. |
IGELFRA |
Aaaahhh, elo kommen ech eréischt richteg no. An do, do stees du da schonn nees ze wénken: „Ech si scho laang hei!“ |
IGEL |
Genau. Esou geet dat hin an hier. Kucks d’ emol, dee gëtt geckeg. Dee rennt esou laang, bis e mat senger Goldmedail ëmfält, a mir, mir leien an der Sonn a sinn emol net ausser Otem. |
IGELFRA |
(fällt him ëm den Hals) Mecki, du bass einfach immens! Wéi kënns de nëmmen op déi genial Iddien?! |
IGEL |
Tjo, mir aner, mir hunn zwar kuerz Been, mä et brauch keen ze soen, mir wieren domm. |
IGELFRA |
An ech telefonéieren elo nach all deenen aneren aus dem Fitnessclub. Déi mussen onbedéngt kucke kommen, well dat doen, dat gëtt décke Gas! (Den Igel an d’Igelfra of)
|
3. SZEEN |
ERZIELER, SCHLEEK, HIMMELSDÉIERCHEN, MAULWUERF, MAUS, FRÄSCH, IGEL, IGELFRA, HUES - a Statisten-Déieren (Um Feld) |
ERZIELER |
Wierklech, dat doe gëtt décke Gas! An direkt no dem Sonndesbrot maachen de Schleek an d’Himmelsdéierchen sech op de Wee fir bei d’Gromperestéck, hannen niewent dem Fräsch senger Baach. (De Maulwuerf, de Fräsch an d’Maus leien an de Ligestill: de Maulwuerf huet e Sonnebrëll op, de Fräsch ass an der Schwammbox an d’Maus huet e Stréienhutt um Kapp. De Schleek kënnt bei d’Gromperefeld gekroch an d’Himmelsdéierche kënnt mat dem Velo.) |
H. DÉIERCHEN |
Dajee, Schleek. Maach e wéineg méi séier. Kuck, hei sëtze si schonns, de Maulwuerf, d’Maus Ketti an de Quakerte Fräsch. |
SCHLEEK |
Lues, lues. E Schleek ass kee Schnellzuch. |
MAUS |
(rifft) Da kommt erbäi, dir zwee. 't kann net méi laang daueren, bis eis grouss Sportsmänner hei sinn. |
FRÄSCH |
Ah, dat doen deet mir gutt bis a meng kleng Fräschenzéif, dass deen agebilten Zickzack emol sou eng richteg gespillt kritt. |
MAULWUERF |
Also als Maulwuerf kommen ech jo net dacks ënnert dem Buedem eraus, well d’Sonn mech direkt verblent – mä dat heien, dat duerf ech op kee Fall verpassen. |
MAUS |
(hëlt säin Handy eraus) Keen duerf et verpassen. Duerfir filmen ech dat Ganzt jo och a setzen et dann op Facebook, op Twitter an op de YouTube. |
H. DÉIERCHEN |
Dat gëtt bestëmmt Milliounen a Milliarde mol op der Welt gekuckt, well et ass d’Course vum Joer. Wat soen ech, vum Jorhonnert. Vum Jordausend. (Den Igel an den Hues komme bei d’Gromperefeld. Den Hues ass ganz sportlech ugedoen, en huet seng Goldmedaille ëmhänken. Den Igel mécht nach e puer Muskelübungen.) |
FRÄSCH |
Pscht! Dohanne kommen se! Elo gëtt et eescht. |
SCHLEEK |
Punkt dräi Auer. Perfekt op d’Minutt. |
IGEL |
O, ech gesinn, mir hu schonn e ganze Koup Spectateuren. (wénkt jiddwerengem ,Gudde Mëtteg’) |
HUES |
Hues de éieren Angscht, du géifs dech blaméieren? Ech sot der jo: Komm herno net kräischen, du kriis keng Loft méi oder du häss der ee vun denge kromme Bee verstaucht. Schliisslech wor et jo deng Iddi. |
IGEL |
Jo, jo, et wor meng Iddi, ech weess. Mä kucke mer emol, ween herno kräische kënnt ... |
HUES |
(kuckt sech ëm) Voilà, 't ass jo hei, huelen ech un. (weist no riets eriwwer) A mir lafen vun hei bis dohanne bei dee leschte Gromperestack, oder? |
IGEL |
Genau. Richteg. Et geet riicht dorower. Eng Ofkierzung ass net méiglech, da kanns de also och net fuddelen. |
HUES |
(mécht nach weider de Geck) Ech si gespaant, ech si gespaant, Exzellenz Däreldéier. (Se gi sech d’Hand a stelle sech op fir den Départ.) |
SCHLEEK |
Ah, ech ka mech net méi halen. |
H. DÉIERCHEN |
An ech ziddere vun Opreegung, dass meng Punkte mer bal vum Réck fléien. |
FRÄSCH |
(hëlt e Rewolwer) Also ... si mer, dir Hären? Alles paletti? – Da passt op: One, two, three --- go one! (gëtt e Schoss mat dem Rewolwer of) (Den Igel an den Hues lafe vu lénks no riets duerch d’Gromperestéck, eventuell och vun der Bühn erof duerch de Sall an nees erop. Iwwerdeems trommelen de Fräsch, d’Maus, de Maulwuerf asw., si troteren a jäizen duercherneen: - Allez, Mecki, gëff ëm es! - Séier! - Dréck an d’Pedallen! - Power, Power! - Weis him et!
Den Hues geréit ëmmer méi no vir, no e puer Meter bleift den Igel hannen a verstoppt sech lénks an de Grompereblieder.) |
ERZIELER |
Nach véier Meter, dräi Meter, zwee Meter --- an, o jeminee! Kuckt emol dat sauert Gesiicht vum Meeschter Pipo, well elo luusst d’Madame Däreldéiesch Lisi op der Arrivée hannert de Gromperen eraus. |
IGELFRA |
(kraucht ganz riets aus dem Gestraiss eraus, si ass d’selwecht ugedoen ewéi de Mecki) Hihihihihi, ech si scho laang hei! (Alles klappt an d’Hänn a jäizt: Bravo! Bravo!) |
MAULWUERF |
(laacht) Kuck, wat rappt en elo Aan a Mond op. |
MAUS |
(idem) Dee versteet d’Welt net méi. |
HUES |
(ausser sech) Waaaat? Du bass schonn hei, Mecki? Mä ... mä dat ass dach ... dat ass dach net hueseméiglech! Du mat denge klengen, kromme Been! (Alles laacht a päift.) O neen! Dat léisst de Pipo Zickzack sech ower net gefalen. Hopp, komm, mir lafen nees zréck, an da wäers d’ emol gesinn. Un, deux, trois - a fort! (Se lafen elo nees vu riets no lénks. Alles trotert, trommelt a jäizt nees duercherneen: - Huiii, Zickzack, schumm dech! - An duerfir dees du d’kuerz Box un?! - Ech kréien e Laachkrämpchen! - Pak an, Pipo! - Jee, jee, jee, go home!
Den Hues ass vir, d’Igelfra verstoppt sech erëm heemlech riets an de Gromperen. Den Hues leeft weider.) |
ERZIELER |
An de Pipo jauft nees ewéi eng Rakéit duerch d’Gromperestéck erop, dass dem Quakerte Fräsch vum Loftzuch esouguer de Stréienhutt bal vum Kapp flitt. (De Fräsch setzt de Stréienhutt nees richteg op de Kapp.) A wéi en hannen ukënnt, du steet de Mecki gemittlech mat enger Fläsch Béier do ze laachen. |
IGEL |
(kraucht elo lénks aus senge Gromperen, eng Fläsch Béier am Grapp) Prost, Pipo! Hei sinn ech schonn nees! (Alles klappt ronderëm an d’Hänn.) |
HUES |
(ausser Otem) Wéi? Däreldéier ... du? |
IGEL |
(mécht de Geck mat him) Ech mengen, du träntels ënnerwee. An da bass de och nach ausser Otem! Hahaha, schumm dech, du Schlappschwanz! |
HUES |
(rosen) Schlappschwanz? Jéngi, pass op, wat s de sees. Ech wor op der Olympiade - hei, kuck meng Goldmedail! An du, du bass nëmmen en aarmséilege Picken-Igel. |
IGEL |
Mä bis elo schonn zweemol Champion! |
HUES |
Ower net méi laang. Komm, gëff mer e Schotz aus denger Fläsch an da rappe mer nach eng Kéier un. (drénkt aus dem Igel senger Fläsch) |
IGEL |
Mäi Gott, mengetwegen. Mir kënnen esou dacks probéieren wéi s de Loscht hues. D’Leit wäerte sech um Facebook an op You Tube eng Boss laachen. |
HUES |
Et freet sech just iwwert ween. – Fräsch, den drëtten Départ! |
FRÄSCH |
Messieurs, à vos marques! Okay? - One, two, three -- (Rewolwerschoss. Den Hues leeft elo erëm vu lénks no riets, den Igel verstoppt sech nees. Iwwerdeems jäizt an trotert nees alles an dann zesummen am Chouer: Mecki! Mecki! Mecki! ) |
IGELFRA |
(kraucht riets aus dem Gestraiss eraus) Hello, bonjour, Mister Pipo! (Alles laacht a klappt nees begeeschtert an d’Hänn: Bravo! Bravo!) |
HUES |
(grouss) Neen, lo ass dee schonn nees viru mer hei. (setzt sech ee Momentchen nidder, ausser Otem) 't ass fir ze verzweifelen. |
IGELFRA |
Flott, dass de haut awer nach ukënns! Ech duecht alt: Wou soll en nëmme sinn? Op eemol gëtt et däischter, an da fënnt en de Wee net méi, deen Aarmen. |
HUES |
Maach du de Spunnes mat denge kromme Been ... Allezhopp, an nees weider! Iergend eng Kéier muss deen dach opginn, nondijabel net nach. (leeft nees zréck, awer mat Schwiregkeeten an net méi sou séier) |
ERZIELER |
Sou leeft den Hues nach 784 mol beim Struppesbauer op an of. De Fräsch, de Maulwuerf, de Schleek an all déi aner gerode bal aus dem Hais-chen, well ëmmer, wann en ukënnt, da rifft de Mecki oder d’Lisi: |
IGEL |
(aus sengem Gestraiss) Ech si scho laang hei! |
IGELFRA |
(idem) An erëm verluer, Monsieur Zickzack. |
HUES |
(komplett ausser Otem) O neen ... ech ... ech ka bal net méi ... deen doen, dee mécht mech dronken ... |
ERZIELER |
Ower bei dem 785. Tuer geet den Hues op eemol an d’Getten --- (Den Hues fält ëm a bleift leien.) --- e fält de laange Wee tëschent d’Gromperen, an et dauert 13 Deeg, bis en nees op de Been ass. |
IGEL |
(päift a rifft) Lisi, komm erop! D’Wett ass gewonnen an d’Amerikanesch Dollare si fir eis. (geet bei den Hues an hëlt him d’Strëmp mat dem Geld aus der Täsch) |
MAUS |
(kënnt dohin, hëlt dem Hues d’Medail vum Hals an hänkt se dem Igel ëm) An déi heie Gold-Medail, déi hues du der elo verdéngt. (Alles klappt an d’Hänn: Bravo, bravo! Eng Sensatioun!) |
SCHLEEK |
Ah, Mecki, dat wor déi Iddi! |
IGEL |
Dee krut et emol richteg gewisen, deen agebildtenen Dabo! |
FRÄSCH |
Kommt, an elo maache mer eng gutt Fläsch Schampes op. (huet eng Fläsch Schampes a Glieser aus sengem Rucksak geholl a schëtt eraus) |
MAULWUERF |
(zervéiert) Jaja, esou geet et, wann ee sech éiweg brätzt an de Geck mat deenen anere mécht. |
IGELFRA |
An esoubal wäert keen Hues sech méi trauen mat engem Igel ëm d’Wett ze lafen! |
H. DÉIERCHEN |
Allez, prost op d’Picken-Igel Däreldéiesch Famill --- |
MAUS |
--- op de Mecki, op säi Lisi --- |
ZESUMMEN |
--- an op eis alleguer! (Se prosten all mateneen an drénken.)
RIDO |