… fräi no de Geschichte vum Carlo Collodi
"Le avventure di Pinocchio" (1881) ...
(als Hörspill - 1985)
Persounen : de Pinocchio
den ale Schräiner
d’Spann
de Spillmann
de Fuuss
d’Kaz
de Bauer
déi gutt Fee
de Schleek
Décor :
En Ensembel vu verschiddenen Décor-Deeler a Requisite fir déi eenzel Szeenen :
Rolleverdeelung:
Dës Versioun gesäit e Minimum vun 9 Acteure vir. Et ginn ower Méiglechkeeten fir an dëser oder däer Szeen nach weider Personnagen anzebauen:
Wann dës nei Personnagen net nëmme just Statiste solle sinn, da ginn déi jeweileg Repliquen opgedeelt. Op jidde Fall muss den entspriechenden Text plazeweis ugepasst ginn.
(Eventuell kann een och de Pinocchio am Laf vum Stéck vun zwee oder dräi verschidde Kanner spille loossen.)
-----------------------
1.SZEEN |
PINOCCHIO, SCHRÄINER, SPANN (De Schräiner ass am Gaang a sengem Atelier Holz a Brieder ze tesselen.) |
SCHRÄINER |
Sou, elo hunn ech fir dës Woch genuch Still zesummegebaut an Dëscher gefléckt, elo gëtt emol aalt Holz zesummegetesselt fir am Wanter d’Stuff ze hëtzen. (bekuckt sech op eemol e Stéck Holz vun alle Säiten) Mä so, du bass ower vill ze vill schued, fir einfach esou am Uewe verbrannt ze ginn. Neen, aus dir kann ech mengem ale Schaf nees nei Been maachen. Da wackelt deen net méi esou. (fänkt un d’Holz duerchzeseeën) |
PINOCCHIO |
(vun hannert dem Paravent) Aua, au! |
SCHRÄINER |
(verwonnert) Wéi? |
PINOCCHIO |
Du duerfs net esou fest op mech schloen. |
SCHRÄINER |
(idem) Mä ... mä do huet dach ee geschwat?! (sicht am Handwierksgeschier) Neen, hei as keen ... (réckelt d’Eemeren an d’Këschten) ... an do ass och keen. Allezhopp weider! Ech muss sécher gedreemt hunn. (seet nees virun) |
PINOCCHIO |
Auaaaahhh! Schräiner, du dees mer wéi. |
SCHRÄINER |
Do! Ech dreemen also ower net. Dat Stéck Holz ass jo verhext. (De Pinocchio kichert.) Lauschter nëmmen! (Um Stéck Holz ass en dënne Fuedem, mat deem gëtt et vun hannert dem Paravent aus doruechter „lafen“ a „sprange“ gelooss.) An elo spréngt et och nach doruechter? Huet schonn iergentwou e Mënsch esou eppes gesinn?! - Mä weess de wat? Ech maachen och kee Schaf aus dir, du géifs mer jo ëmmer an der Stuff hin an hier hoppsen, neen, ech schnëtzele mer en Hampelmann. En hëlzene Männchen, dee richteg schwätzt a Konschtstécker zum Beschte gëtt. Komm hier, mer sëtzen eis direkt un d’Aarbecht. (fänkt un d’Holz ze feilen.) |
PINOCCHIO |
(kichert a laacht) Hu, hu! Hi, hi! Ei, ech si jo esou këddeleg! |
SCHRÄINER |
A weess de, wéi ech dech nennen? Pinocchio nennen ech dech. Dat ass e witzegen Numm. Esou heescht nach kee Kand op der ganzer Welt. (De Schräiner feilt an huwwelt weider. Et gëtt lues a lues däischter ...) A wann ech déi ganz Nuecht laang weider schaffen a muer de Mueren deen éischten Hunn kréint, dann ass mäin Männchen aus Holz fäerdeg. (... da gëtt et nees hell, an de Pinocchio, iirgentwéi als Holzmännchen, kënnt hannert dem Paravent erausgesprongen.) Voilà, sot ech jo. (De Pinocchio schëtt Waasser aus der Strenz an d’Schossel a bekuckt sech dran.) |
PINOCCHIO |
Omei, wat gesinn ech esou komesch aus! En hëlzene Kapp, hëlzen Äerm, hëlze Been ... Mengs de net, déi aner Kanner géife mech auslaachen? |
SCHRÄINER |
Gewëss! Wann s de dech am Liewen behëls, wéi et sech gehéiert, da kriss de bestëmmt vill Kolleegen an der Schoul. |
PINOCCHIO |
Wat? Ech soll an d’Schoul goen? Als Männchen aus Holz? |
SCHRÄINER |
Een Abléck! (hëlt aus enger Këscht en ale Mantel eraus) Mooss dëst Gezei emol un, Pinocchio. Méi kann ech der net ginn. Ech sinn aarm an hu selwer bal näischt fir unzedoen. |
PINOCCHIO |
(deet de Mantel un) Scho besser. Elo gesinn ech aus wéi e feinen Här. - Mä so, wann ech an d’Schoul goe soll, da feelt mer ower nach e Liesbuch. |
SCHRÄINER |
E Liesbuch! A wee bezillt mer dat? Ech hu kee Geld. - Mä waart, laf mer net fort, ech sinn nees gläich zréck. (deet säin Hiem aus a geet of) |
PINOCCHIO |
Hee, Schräiner, a firwat dees de dann elo däin Hiem aus? - A schonns ass e fort a léisst mech eleng hei. (Eng déck Spann kënnt hannert dem Holz erausgekroch.) |
SPANN |
Krr, krr, krr. |
PINOCCHIO |
Héier – do ass nach iergenteen heibannen. |
SPANN |
Jo, ech. Ech wunne scho säit honnert Joer hei an dëser Wierkstat. |
PINOCCHIO |
Mä vun haut u wunnen ech hei. Mierk der dat. |
SPANN |
Ech wëll ower e gudde Frënd vun der ginn. |
PINOCCHIO |
Du? Eng déck Spann mat laange Been? Hopp, kuck dass de verschwënns, well soss --- (hëlt en décken Hummer) (D’Spann verkraucht sech séier nees hannert d’Holz.) Ech mengen ower och. Schrecklech, esou e Véidéier! |
SCHRÄINER |
(kënnt ouni Hiem, mat engem Schoulbuch) Hei sinn ech nees, Pinocchio. |
PINOCCHIO |
Papp, endlech! - So, a wou ass däin Hiem? |
SCHRÄINER |
Dat hunn ech dem Lompekréimer verkaf. Ech hu jo Sue gebraucht fir däi Liesbuch. (gëtt him e Buch) Hei, an nu sprang séier! |
PINOCCHIO |
Villmools merci, Papp. Elo ginn ech voller Freed an d’Schoul. (houfreg fir sech) i, u, e, o, a ... an 2 mol 2 ass 7 oder 8 oder 9 ... Immens! (spréngt fort)
Black (ev. e puer Täkt Musek)
|
2. SZEEN |
PINOCCHIO, SPANN, SPILLMANN |
|
('t héiert ee Musek. De Pinocchio kënnt virun d’Gestraiss a kuckt verwonnert rondëm sech. Vun der Säit kënnt e Spillmann mat engem Weenche mat Kasperlpoppen.) |
PINOCCHIO |
E Spillmann mat Kasperl-Poppen! Schued, grad elo, wou ech an d’Schoul goe soll. Mä weess de wat: ech bleiwen elo hei. Fir Liesen a Schreiwen ass och nach muer genuch Zäit. |
SPANN |
(kënnt hannert dem Gestraiss eraus) Krr, krr, krr. |
PINOCCHIO |
Kënns du mir nach ëmmer no, du al Spann? |
SPANN |
Pinocchio, firwat gees du net an d’Schoul? |
PINOCCHIO |
Well ech keng Loscht hunn. Duerfir. - Hee, Spillmann, wat kascht et fir dengem Poppentheater nozekucken? |
SPILLMANN |
Zwanzeg Frang. |
PINOCCHIO |
Ech hunn ower kee Su bei mer. - So, a wann ech der mäi Mantel ginn? |
SPILLMANN |
Deen ale fatzege Kaseweck do? |
PINOCCHIO |
Da kaf mer wéinegstens meng Schong of. |
SPILLMANN |
Dass d’Leit mech auslaachen? Nee merci. |
PINOCCHIO |
Villäicht kanns de mäi Schoulbuch gebrauchen. |
SPILLMANN |
O jo, dat ass eng gutt Iddi! |
PINOCCHIO |
(gëtt him d’Buch) Hei, Spillmann, huel et an da léiss de deng Poppe ronde-rëmmer danzen. |
SPANN |
Krr, krr, krr - Pinocchio, däin aarme Papp huet säin eenzegt Hiem beim Lompekréimer verkaf, fir der dat Liesbuch matzebréngen, an elo gëss du et dem Spillmann. |
PINOCCHIO |
Pscht! Hal se! Elo kucke mer Theater. (Nees Musek, de Spillmann léisst e puer Poppe ronderëmmer danzen.) |
PINOCCHIO |
(klappt voller Freed an d’Hänn) Bravo! Braaavoooo! Tatsächlech. Dat si grad esou Hampelmännercher ewéi ech - just dass si nach net eleng kënne lafen. |
SPILLMANN |
An trotzdeem sidd dir aus enger Famill. So, wéi heescht dann däi Papp? |
PINOCCHIO |
Fro mech net, ech weess et net. |
SPILLMANN |
Wellecht Handwierk huet en dann? |
PINOCCHIO |
En ass aarm. Weider näischt. |
SPILLMANN |
Dat deet mer leed. (hëlt Goldstécker aus dem Paltong) Hei, stiech der dës fënnef Goldstécker an d’Täsch an dann hëls de se dengem Papp mat heem. |
SPANN |
Fënnef Goldstécker? |
SPILLMANN |
Mä gëff gutt uecht, dass keen der se ënnerwee klaut. |
PINOCCHIO |
Villmools merci, Spillmann. Ha, vun haut u sinn ech e besseren Här, e räiche Monsieur.
Black (év. e puer Täkt Musek)
|
3. SZEEN |
PINOCCHIO, FUUSS, KAZ, SPANN (De Pinocchio sëtzt um Buedem mat senge Goldstécker ze spillen. De Fuuss an d’Kaz kommen aus dem Gestraiss gehumpelt: de Fuuss geet op enger Krätsch, d’Kaz huet eng Patt an der Schléng an een Aa verbonnen.) |
FUUSS |
(zur Kaz) Gesäis de, ech hat jo gesot, dass de Pinocchio beim Spillmann wor am Plaz an d’Schoul ze goen. |
PINOCCHIO |
O, e Fuuss op der Krätsch an eng blann Kaz! Sot, a wou wësst dir, wéi ech heeschen? |
FUUSS |
Mir kennen däi Papp scho laang. |
KAZ |
(ëmmer wéi en Echo hannendrun) ... scho laang. |
FUUSS |
Nach haut de Mueren hu mer e gesinn virun der Hausdier sëtzen an trauereg drakucken. |
KAZ |
... trauereg drakucken. |
PINOCCHIO |
Aarme Papp! Mä jee, vun haut u kann e sech freeën, well ech sinn elo grad en dichtegen Här ginn. |
FUUSS |
Du an en dichtegen Här? Do mech net laachen! |
KAZ |
... net laachen. |
PINOCCHIO |
Da kuck emol! (weist d’Goldstécker) |
FUUSS |
Goldstécker!?! Donnerwetzki! So lauschter: häss de da keng Loscht, fir déi wuessen ze loossen? |
KAZ |
... wuessen ze loossen? |
PINOCCHIO |
Dat verstinn ech net. |
FUUSS |
Mä wëlls de net aus dengen aarmséilege fënnef Goldstécker der honnert oder dausend oder nach vill méi maachen? |
PINOCCHIO |
Ganz gär. Mä wéi? |
FUUSS |
Näischt méi einfach ewéi dat. Du gees elo net heem an du kënns mat ons op d’Wonnerfeld. Komm! (zitt de Pinocchio mat bei de Koup Buedem) |
PINOCCHIO |
E Wonnerfeld? Droleg. |
FUUSS |
Voilà! Hei gruefs de der e Lach an de Buedem a lees deng Goldstécker dran... |
KAZ |
... Lach an de Buedem a Goldstécker dran ... |
FUUSS |
A da steet op eemol e Beemchen hei, dee voller Gold hänkt, esou voll ewéi deen déckste Quetschebam voller Quetschen am Hierscht. |
KAZ |
... voller Quetschen am Hierscht. |
PINOCCHIO |
Fuuss, ass dat wouer? |
FUUSS |
Gleef eis et. Mir wëllen dir an dengem Papp dach hëllefen. |
PINOCCHIO |
E Bam voller Gold ...?! |
FUUSS |
(wullt mat der Krätsch am Buedem) Komm, hal mech un, ech wullen der mat menger Krätsch e Lach, du brauchs dann nëmme méi d’Goldstécker dranzetesselen. |
KAZ |
... nëmme méi d’Goldstécker dranzetesselen. |
PINOCCHIO |
(méi fir sech) Déi zwee hunn éierlech Gesiichter. Do ass bestëmmt eppes drun. (léisst d’Goldstécker der Rei no an de Buedem falen) Een ... zwee ... |
FUUSS |
... dräi ... |
KAZ |
... véier .. |
PINOCCHIO |
... a fënnef. Ei, wat wäert mäi Papp sech freeën! (D’Kaz schäert de Buedem nees zou an trëppelt alles mam Fouss fest.) |
FUUSS |
Do, a schonn ass d’Lach nees zou. Mä elo musse mer nach gutt nätzen, soss schloen se keng Wuerzelen. |
KAZ |
... keng Wuerzelen. |
PINOCCHIO |
Waart, ech huelen e wéineg Waasser aus dem Weier. (deet säi Schong aus, schefft dermat Waasser aus der verstopptener Biitchen an nätzt.) |
FUUSS |
Sou, an elo lees de dech heihin an du schléifs e puer Stënnercher. |
KAZ |
... schléifs e puer Stënnercher. |
FUUSS |
A wann s de muer de Mueren erwächs, dann ass däi Bam gewuess an d’Goldstécker glënneren an der Sonn, dass de ganz verblent bass. |
KAZ |
... ganz verblent bass. (De Fuss an d’Kaz humpele fort.) |
PINOCCHIO |
Eng flott Affär! Ech sinn op jidde Fall gespaant, ob ech se all a meng Täsch kréien. (gaapst) Mä loosse mer eis einfach emol iwwerraschen. (gaapst) Fir haut sinn ech midd genuch a packe mech net méi op de Been. (leet sech nidder a schléift.) (Et fänkt lues un däischter ze ginn.) |
SPANN
|
(kënnt aus dem Gestraiss gekroch) Krr, krr, krr. Ass dat do nach dran! Elo läit deen hei am Gras ze schlofen an doheem sëtzt den ale Schräiner op en ze waarden. (Zwou Täscheluuchte liichten. De Fuuss an d’Kaz komme mat engem Rucksak.) Hee, a wee kënnt dann elo do? - Mä dat si jo nees déi zwee komesch Geselle vu virdrun. (Si wullen d’Goldstécker nees aus dem Buedem eraus a stiechen se an de Rucksak.) (ausser sech) Waat? Se klauen dem Pinocchio seng Goldstécker?! (rifft) Pinocchio, Pinocchio, erwäch dach! (De Pinocchio schnaarcht.) Omei, dee schléift bommefest a réiert sech net. (De Fuuss an d’Kaz laache knaschteg an humpelen nees fort.) A scho maache se sech aus dem Stëbs, déi zwee Banditten!
Black (ev. e puer Täkt Musek)
|
4. SZEEN |
PINOCCHIO, SPANN, BAUER, FUUSS (Et gëtt nees hell. De Pinocchio läit nach ëmmer do ze schnaarchen.) |
SPANN |
(kraucht iwwert de Pinocchio) Krr, krr, krr! |
PINOCCHIO |
(hallef am Schlof) A wat der Däiwel krabbelt mer dann do iwwert d’Been? |
SPANN |
Ech sinn et, Pinocchio. Däi gudde Frënd. |
PINOCCHIO |
Aha! ‘t hätt mech och gewonnert, wann s de mech schlofe gelooss häss. |
SPANN |
Ech muss iwwert dech laachen, hihihihi! |
PINOCCHIO |
Wat? An duerfier erwächs du mech? |
SPANN |
Ech muss iwwer all topeg Mënsche laachen, déi sech uschmiere loossen. Wou konns de nëmmen deem Fuuss an där Kaz gleewen? Dat sinn dach Gauneren. Richteg Brigangen sinn et. |
PINOCCHIO |
Du méchs de Geck. |
SPANN |
‘t ass mer doudeescht. Wéi s du geschlof hues, koumen se däi Gold nees ausgruewen a wupps! woren se fort dermat. |
PINOCCHIO |
(grouss) Wat sees de do? (wullt de Buedem op) Wierklech! Meng schéi Gold-stécker! Fuuss a Kaz, o waart dir zwee, ech huelen iech op d’Geriicht. |
SPANN |
Spill elo net de wëlle Mann. Géi léiwer nees heem bei däi Papp, dee sëtzt eleng a senger Wierkstat an e weess net, wou s de dru bass. |
PINOCCHIO |
Maachen ech jo och, mä elo sinn ech fir d’éischt emol hongereg. (trëppelt bei den Drot mat den Drauwen) Kuck, hei an deem Gaart wuesse jo Drauwen. A wat déi een ulaachen! (pléckt sech Drauwen an ësst se) E Genoss! An hei vir hänken nach méi décker ... (op eemol) Au! Au! Mäi Fouss! |
SPANN |
Wat ass geschitt, Pinocchio? |
PINOCCHIO |
(huet eng iwwergrouss Mausfal un den Zéiwen hänken) Ech si mat mengem Fouss an eng Fal getrëppelt. |
SPANN |
An eng Fal? |
PINOCCHIO |
Bestëmmt huet de Bauer se opgestallt. Au, au! A wéi kommen ech blouss hei eraus? |
BAUER |
(kënnt vun hannen) Aha, do hu mer jo de Raiber. |
SPANN |
Pinocchio, de Bauer! |
PINOCCHIO |
Ee Gléck huet en den Hond net bei sech. |
SPANN |
O Jong, wat dreifs du fir Spiichten! Krr, krr, krr ... (krabbelt fort) |
BAUER |
Ah sou, du gees also u meng Hénger! An do duecht ech, et wier de Fuuss. |
PINOCCHIO |
Ech ... ech ... wollt nëmmen e puer vun dengen Drauwe schmaachen. |
BAUER |
Ech wäert dir scho weisen, wat et heescht, sech a mengem Gaart de Bauch puppsat z’iessen. Mä waart, hëlzene Männchen, du kënns mir grad giedelech. Komm, ech huelen dech aus der Fal eraus an da gëss de mat enger Ketten hei um Drot ugestréckt. (mécht en aus der Fal lass a stréckt en um Drot un) |
PINOCCHIO |
(wiert sech) Mä ... mä Bauer --- |
BAUER |
Do häls de dech da verstoppt, an esoubal de Fuuss duerch d’Hecke geschlach kënnt, fir meng Hénger ze klauen, da fänks de haart u mat billen. (Verwonnert Reactioun vum Pinocchio) De Filax, mäin alen Hond, deen huet en nämlech nach ni erwëscht. An elo pass du emol op mäin Héngerstall op. (geet of) |
PINOCCHIO
|
(traureg, fir sech) Ech sinn also op eemol en Hond ... an da soll ech och nach billen ... Villäicht och nach bäissen? Net schlecht, déi do. – (op eemol) Mä lauschter! Do kënnt een. (Et héiert een e Koup Eemeren ëmfalen.) |
FUUSS |
(vun hannen) Filax! |
PINOCCHIO |
Hei, ‘t ass wierklech schonn de Fuuss. |
FUUSS |
Filax, schléifs de schonn? |
PINOCCHIO |
(mat verstalltener Stëmm) Neen. Firwat? |
FUUSS |
Mä ech kommen nees bei iech op Besuch, fir Hénger ze klauen. |
PINOCCHIO |
Aha! |
FUUSS |
Haut huelen ech mer véier Stéck, an du kriss dat déckst dervu fir däi Mëtteskascht - natierlech nëmmen, wann s de schéi brav an dengem Hondshais-che sëtze bleifs. |
PINOCCHIO |
Keng Angscht. Ech bille schonn net. (fir sech) O waart, Fiiss-chen! (De Fuuss klëmmt an den Héngerstall eran, de Pinocchio spréngt un der Ketten dohin a späert de Fuuss am Stall an.) |
FUUSS |
Hee, hee, a wat gëtt dann dat doen, Filax? |
PINOCCHIO |
(mat richteger Stëmm) Ech heesche guer net Filax. Ech sinn de Pinocchio. |
FUUSS |
Du? |
PINOCCHIO |
Jo, ech. (rifft) Bauer! Bauer! Den Héngerdéif! |
BAUER |
(vun hannen) Wou ass en? |
PINOCCHIO |
Ech hunn en an den Héngerstall agespaart. |
BAUER |
(idem) Hal d’Dier gutt zou. Ech kommen. |
FUUSS |
(rubbelt un der Dier) Pinocchio, gare la Box, wann ech dech ze pake kréien, da verkafen ech dech um Maart als dréchent Holz fir Feier unzefänken. |
PINOCCHIO |
Haha, dat doe léiert dech. |
BAUER |
(kënnt vun hannen) Fuuss, weis dech. Mir zwee, mir hunn e Wiertche mateneen ze schwätzen. (De Fuuss grommelt a knuppt mat dem Fouss widdert d’Stallendier.) Waart, ech ginn mäi Gewier huelen an da gëtt en erschoss. (geet of) |
FUUSS |
(ängschtlech) Wéi? Wëllt dee mech elo erschéissen? Pinocchio, wann ech gelift, looss mech nees eraus. |
PINOCCHIO |
Ma dat géif dir esou gefalen. |
FUUSS |
Looss mech schnell eraus, éier de Bauer nees zréck kënnt. (hëlt d’Goldstécker vu virdrun) Hei kuck, du kriss deng fënnef Goldstécker och nees erëm, déi mer der nuets geklaut haten. |
PINOCCHIO |
(iwwerleet e Moment) Ah sou? Du géifs mir meng Goldstécker nees zréck-ginn? Jo dann ... da waart. (kuckt virsiichteg rondëm sech a mécht den Drot lass) |
FUUSS |
Merci, Pinocchio, villmools Merci. (gëtt him d’Goldstécker) Dat doe vergiessen ech der ni am Liewen. (leeft séier fort) |
BAUER |
(kënnt mat der Flënt) Sou, Fuuss, dann hal dech un, elo gëtt et eescht. |
PINOCCHIO |
(zéckt, weess net, wéi en et soll soen) Bauer, sief net rose mat mer, mä ... mä ... deen ass mer elo grad fortgelaf. |
BAUER |
Wéisou fortgelaf? E souz dach hannert dem Drot. |
PINOCCHIO |
Jo, mä ... mä ... dunn huet en op eemol en Ulaf geholl an ass einfach driwwer gesprongen. Et deet mer leed. Ech ... ech kann net derfier. |
BAUER |
Schued! Mä egal wéi, dat wor him eng gutt Léier. Dee wäert sech ni méi hei weisen, deen hondsgemenge Raiber. Komm, duerfir strécken ech dech och erëm lass, dass de heem lafe kanns. (mécht d’ Kette lass) |
PINOCCHIO |
Endlech! |
BAUER |
An hei, Pinocchio, du woors jo esou hongereg. Huel dës Zoossiss mat op de Wee, well du hues wierklech gutt Aarbecht gemat. (gëtt him eng déck Zoossiss) |
PINOCCHIO |
Villmools merci, Bauer. Ech setze mech direkt derhannert. (setzt sech hin a fänkt un ze maufelen) A gleef mer, do bleift kee Wupp méi dervun iwwereg.
Black (ev. e puer Täkt Musek)
|
5. SZEEN |
PINOCCHIO, FEE, SCHLEEK |
|
(De Pinocchio kënnt bei de Fiels mat der Hiel.) |
PINOCCHIO |
Elo sinn ech schonn zimlech wäit duerch d’Welt komm, mä eng Hiel hunn ech nach enéierens gesinn. (bekuckt d’Regaler) An och nach eng mat Glieser a Bicher a Blummestäck – hei schéngt jo een ze wunnen. (Eng schéi Fee kënnt mat enger Lanter aus der Hiel eraus.) (erschreckt) Omei, wat hues du mech elo erféiert! |
FEE |
Du brauchs net ze fäerten, Pinocchio. Ech hunn nach kengem Mënsch eppes zu leeds gedoen. |
PINOCCHIO |
A wee bass du dann? |
FEE |
Ech sinn déi gutt Fee. Ech wunnen hei an dem Fiels an hu scho vill vun der héieren. Du woors scho bei engem Spillmann, du woors mat dem Fuuss a mat der Kaz op dem Wonnerfeld, an däi Papp wäert grouss kucken, wann s de mat de Goldstécker heem kënns. |
PINOCCHIO |
Mat de Goldstécker? (fir sech ganz opgereegt) O mäi Gott, elo weess déi, dass ech de Fuuss heemlech lafe gelooss hunn. A wann de Bauer dat gewuer gëtt, da schéckt deen den Hond op mech lass. (ängschtlech zur Fee) Jo --- also ... neen, ech ... ech hat eemol Goldstécker. Mä elo, elo hunn ech keng méi. |
FEE |
(stëppelt) Ou? A wou sinn se dann hin? |
PINOCCHIO |
Mä ... mä se si mer aus der Täsch gefall. Iergentzwousch am Bësch. |
FEE |
(idem) Weider net schlëmm. Da gi mer no hinne sichen. An engem Bësch geet ni eppes verluer. |
PINOCCHIO |
(hëlt sech séier zréck) Neen, waart. Ech hu mech gëiert. Ech ... ech hunn de Mueren aus enger Baach gedronk an du hunn ech se mat ofgeschléckt. |
FEE |
(laacht) Pinocchio, Pinocchio, nu léi dach un engem Stéck. |
PINOCCHIO |
Mä ech léien dach net. Ech hunn nach ni a mengem Liewe gelunn. |
FEE |
Dat sees du? |
PINOCCHIO |
A wouhier wëlls du dat da wëssen? |
FEE |
Ganz einfach: all Kéier, wann s de eng Ligen erziels, da gëtt deng Nues e Stéck méi laang. (weist) Fir d’éischt esou e Stéck ... dann esou e Stéck ... (De Pinocchio gräift sech un d’Nues.) Neen, du kanns et net gesinn, mä ech gesinn et. A gleef mer, si ass elo scho ganz, ganz laang. Dréin dech emol hin an hier, da mierks d’et. (De Pinocchio dréint sech zur Säit, do falen elo op dem Regal Bicher a Blummestäck erof. En erféiert, kuckt grouss, dann dréint e sech lues zu där aner Säit an do falen dann d’Glieser erof.) |
FEE |
Gesäis de, du stéiss iwwerall widder. Esou laang ass se schonn. |
PINOCCHIO |
Dat ass jo schrecklech, dat do. |
FEE |
Tja, dat kënnt dervun, wann ee litt. |
PINOCCHIO |
Jo, mä ... mä ech kann ower net esou doruechter lafen. Ech puche jo alles erof an ech bleiwen iwwerall hänken. Allez komm, du bass dach eng gutt Fee, du kanns mer meng Nues bestëmmt nees méi kuerz maachen. |
FEE |
Ech kann, wann ech wëll. Mä da muss de mer ower verspriechen, ni méi, ower och wierklech ni méi ze léien. |
PINOCCHIO |
Dat verspriechen ech der dräimol héich an helleg. |
FEE |
Sécher? |
PINOCCHIO |
Méi wéi doudsécher. |
FEE |
Da waart! (klappt eemol an d’Hänn) Voilà. Elo ass alles an der Rei. Elo bass de nees deen Alen. (De Pinocchio dréint sech zu alle Säiten, et fält näischt méi erof.) |
PINOCCHIO |
(erliichtert) Uff, ee Gléck! Wéi wäer ech dann och mat esou enger laanger Nues an der Schoul gaangen?! |
FEE |
Du hues also wierklech wëlles en anstännege Käerel ze ginn, sees de? |
PINOCCHIO |
Ganz bestëmmt. Direkt, wann ech heem kommen. |
FEE |
Dat freet mech. An duerfir wëll ech der och hëllefen. Kuck emol, wat ech hei fir dech stoen hunn. (hëlt eng Waliss aus dem Fiels eraus) |
PINOCCHIO |
Eng Waliss? (mécht se op) Neen! ‘t ass dach net méiglech! Fonkelnei Kleeder! |
FEE |
Fir däi Papp a fir dech. |
PINOCCHIO |
Wat wäert deen Aë maachen! |
FEE |
An dat ass nach net alles. Hei. (zitt e Buch aus hirem laange Kleed eraus) |
PINOCCHIO |
E Liesbuch fir an d’Schoul! Da kann ech jo elo ower nach e richtegt Handwierk léieren. - Mä so, ween huet der da vu mir erzielt? |
FEE |
Déi kleng Spann. |
PINOCCHIO |
Wat? Dat Véidéier, dat mir ëmmer esou op d’Schlappe gaangen ass? An do wollt ech dach deemools den Hummer op se werfen ... |
FEE |
Et huet een eben heiansdo e gudde Frënd, ouni dass een et weess. |
PINOCCHIO |
(kuckt rondëm sech) Tja, wann ech elo nach de Wee fir heem géif fannen. Ech si schonn esou vill doruechter gelaf, dass ech guer net méi weess, wou ech dru sinn. |
FEE |
Keng Angscht, Pinocchio, ech hunn un alles geduecht. (E Schleek kënnt mat enger Käerz um Kapp aus der Hiel eraus.) Voilà, Monsieur, dat ass mäi Frënd, deen hei bei mer am Fiels wunnt. |
PINOCCHIO |
(verwonnert) E Schleek? Mä ... mä ... a wéi --- |
SCHLEEK |
Komm, Pinocchio, zéck net. Setz dech einfach op mäin Hais-chen an da féieren ech dech heem. |
FEE |
Du brauchs keng Angscht ze hunn. Mäi Schleek ass kënneg am Bësch. Du muss just oppassen, dass de him d’Käerz net ausbléis. Soss gesäit en näischt méi, wann et däischter gëtt. |
PINOCCHIO |
Also, vu mir aus ... Dann hal dech un, ech klammen erop. Ho-hoppla! (klëmmt mat der Waliss a mam Buch op de Schleek) A lass, Kolleeg! |
FEE |
Elo hues de jo alles, wat s de brauchs. Et huet kee wäert, dass ech der nach méi Goldstécker matginn, duerfir muss de dech scho sälwer dru ginn a schaffe goen. (De Schleek kraucht mat dem Pinocchio um Réck ëm d’Gestraiss ...) |
SCHLEEK |
Gesäis de, ech kennen all Pad am Bësch, Pinocchio, och wann et mat mir net esou schëtzeg iwwert de knubblege Wee weider geet. (... bis bei de Schräiner-Atelier, wou de Schräiner schonn am Holz ze schaffe sëtzt.) |
PINOCCHIO |
An dohannen ass jo och scho mäi Papp. Merci, grousse Schleek, mä de Rescht lafen ech zu Fouss. (spréngt vum Schleek erof a leeft bei de Schräiner) (De Schleek kraucht nees bei d’Buerg zréck.)
|
6. SZEEN |
PINOCCHIO, SCHRÄINER, SPANN (Am Schräiner-Atelier) |
SCHRÄINER |
Pinocchio, du? O, wat sinn ech esou glécklech, dass de nees heiheem bass. |
PINOCCHIO |
An ech eréischt! No all deem, wat ech an der grousser Welt matgemat hunn. |
SCHRÄINER |
Ma ja. D’Spann huet mer et verzielt. |
PINOCCHIO |
O, ech schumme mech jo esou. - Mä kuck, Papp, hei ass et wou et gëllt. |
SCHRÄINER |
E Liesbuch? |
PINOCCHIO |
D’Madame Fee vun der Buerg huet mer et geschenkt. Vu muer u gëtt et eescht mat der Schoul. |
SPANN |
(kënnt hannert dem Holz eraus) Krr, krr, krr. Ah, dat héieren ech gär. |
PINOCCHIO |
Spann, do bass de jo! Du bass wierklech mäi gudde Frënd. |
SPANN |
Ech hunn der dat jo nach ëmmer gesot. |
PINOCCHIO |
A kuck, wat déi gutt Fee mer nach mat ginn huet. (mécht d’Waliss op) |
SCHRÄINER |
Neen. Wat wonnerschéint Gezei! |
PINOCCHIO |
Dat ass alles fir eis, Papp. |
SCHRÄINER |
Weis hier! Ah, elo fléien déi al Lompe bei der Däiwel! (Se doen e puer vun deenen neie Kleeder driwwer un.) |
SPANN |
Dat ganzt Duerf wäert sech wonneren, wann dir esou fein erausgefiizt kommt. |
SCHRÄINER |
Endlech lafe mer emol net méi ewéi arem Leitt doruechter. |
PINOCCHIO |
(an de Sall) An dat alles, well ech esou duerchdriwwe wor a kengem gefollegt hunn. Mä gleeft mer eppes: vun haut u wëll ech en zerguddsterte Mënsch sinn, ech gi brav an d’Schoul an ech wäert a mengem ganze Liewen och ni méi léien. Ni méi. Net dass meng Nues nach eemol esou laang gëtt an ech dann alles riets a lénks ëmgeheien. (dréint sech zur Säit - an dee ganzen Holzkoup fält zesummen.) (erféiert) O, pardon ...
RIDO |
© All Rechter beim Auteur
(iwwer jchr@pt.lu oder iwwer "Kontakt")