Persounen: d’Sonja
den Tom
de Pit
d’Madamm Schmittchen
de Putty Birebam
den Emil Peffermeyer
d’Madeleine Peffermeyer
de Jempi
d’Madamm Rosalie
den Erzieler
|
(Vu wäitem Baachgeplätschers) |
SONJA |
Puuu, wat ass dat esou langweileg! Déi ganz Vakanz nëmme Grompere schielen. Ech géif léiwer mat dem Tom a mam Pit an der Baach spillen. |
SCHMITTCHEN |
Sonja, nu knouter net. |
SONJA |
Mamm, ech wëllt eisen Hotel sténg um Mound. Dann hätt ech wéinegstens meng Rou. |
ROSALIE |
Mä d’Leit kommen ower gäre bei iech an d’Vakanz, Sonja. |
SCHMITTCHEN |
C’est ça, Madame Rosalie, a vun iwwerall aus der Welt. Dir, Dir kommt elo scho fir d’véiert, gediert? |
ROSALIE |
Ah jo. An huelt dann emol de Här Professer --- |
SONJA |
De Putty Birebam? Gitt mer ewech! Wann ech dee gesinn, da muss ech laachen. |
SCHMITTCHEN |
Sonja, schumm dech. |
SONJA |
Géi! Wann ee vu mueres bis owes mat engem Netz doruechter hopst, fir Päiperleken ze fänken, dann huet ee se net méi all. Nee, wat en Hotel, deen Hotel! |
ERZIELER |
Also wierklech, hei hu se sech déi richteg Wiss erausgesicht, den Tom an de Pit, fir mat hirem Zelt ze campéieren, well hei am „Mar-gréiderches-Hotel“, do lafe vill Gelungener zesummen. (Fässer rabbelen.) Kuckt nëmmen, elo schläicht de Putty Birebam schonn nees hannert engem Kierwerlek dohier. (En Zuch leeft an, hält stall asw.) Et voilà, an do sinn si jo och, den Emil a säi Madeleine aus der Stad. |
SCHMITTCHEN |
Aha, d’Famill Peffermeyer. |
MADELEINE |
Bonjour! Hei wiere mer nees, Madame Schmittchen. (granzeg) Dajee, Emil, du Tränteler! (Baachgeplätschers, ganz no) |
TOM |
Hu, aartlech gesinn se aus, déi zwee do. - So, Pit, 't freet ee sech blouss, wat de Monsieur um Bockel schleeft.
|
PIT |
Mä eng Harmonika. Dat gesäit dach e Blannen. |
TOM |
Eng Harmonika? Fir an d’Vakanz? Droleg. |
MADELEINE |
(schwäermt) ... an dann d’Däiwelsbuerg do uewen um Bierg! |
SCHMITTCHEN |
Ma ja, elo kënnt der muer nees mat eisem Monni Jempi dorop spadséiere goen, Madame Peffermeyer. |
MADELEINE |
Ah, ech kënnt se un engem Stéck bewonneren. Den Emil och, gelu. (granzeg) Dajee, kuck e wéineg méi zefridden dran.
|
SCHMITTCHEN |
Duerfir hunn ech iech och d’Zëmmer 11 reservéiert. Vun do aus gesitt der riicht op deen alen Tuerm. |
MADELEINE |
O, villmools merci, Madame Schmittchen. Dajee, Emil, da komm! A stéi net esou driibseg do. (En Auto fiert bäi - Dier op - Dier zou) |
TOM |
Hei, do ass e jo, de Monni Jempi. |
JEMPI |
An, wéi hutt der dann hënt am Zelt geschlof, Jongen? |
PIT |
Super! |
TOM |
Dat gleewen ech. Du hues dech gutt breet gemat, an ech louch hallef dobaussen. |
SCHMITTCHEN |
Ma ja sot, an d’Däiwelsbuerg? Huet déi net ze vill geblëtzt? |
PIT |
Wéisou? |
SCHMITTCHEN |
Mä an der leschter Zäit gëtt se nees lieweg. |
TOM |
Wat gelift? |
JEMPI |
Kanounendamp a Pistoulepolfer! Gitt Der nees Ärer Raibergeschichten zum Beschten, Madame Schmittchen? |
SCHMITTCHEN |
Dach, Jempi. Et liicht nuets do uewen. Hei, d’Héngerhaut geet mer aus, wann ech nëmmen drun denken. |
TOM |
Et liicht op der Däiwelsbuerg? – Hu, wéi onheemlech. |
PIT |
Dann hal emol däi Bak, Tom. |
JEMPI |
Gleef net drun. Dem Sonja seng Mamm spënnt. |
SCHMITTCHEN |
Ech hu se nach hënt gesinn. |
JEMPI |
Ween? D’Männercher? |
SCHMITTCHEN |
Neen, d’Luucht. Se steet riets niewent dem Tuerm, op där agefalener Mauer. |
TOM |
Ei Pit, ech mengen, den Owend schläiche mer dohin. |
PIT |
O, du wiers grad dee richtegen. (Äscht kréckelen.) |
JEMPI |
Jee, jee, jee! Do kënnt jo grad den Här Professer Birebam aus dem Gestraiss gekrabbelt. Da frot deen emol, ob et nuets op der Buerg liicht. Kanounendamp a Pistoulepolfer, dee laacht Iech aus. |
SCHMITTCHEN |
(ëmmer méi wäit ewech) Ho, da soll e sech den Owend emol op d’Fënster leeën, da vergeet him d’Laachen ...
****
|
ERZIELER |
An nach spéit owes sëtzen déi zwee Borschte virun hirem Zelt Schwaarze Péiter ze spillen, well, éierlech gesot, elo scho schlofe goen? Neen, duerfir sinn se vill ze vill opgereegt. |
TOM |
(Eng Harmonika spillt.) (schwäermt) Ei ... op enger Buerg no Gold wullen, dat wier menges. |
PIT |
Lauschter léiwer dem Peffermeyer senger Harmonika no am Plaz ze spintiséieren. |
TOM |
Mä Pit, all Buerg huet dach säi Goldkeller. |
PIT |
Du bass e Fuebelkréimer. Spill elo. 't ass un dir. (Holz an Eisestécker rabbelen.) |
TOM |
Héier. Do huet eppes gerabbelt. |
PIT |
Wou? |
TOM |
An der Scheier. |
PIT |
Gewëss. Du bass e Fuebelkréimer, sot ech der. (Et rabbelt nees.) |
TOM |
Do! Nees emol. |
PIT |
Tatsächlech. Do brennt eng Luucht. |
TOM |
Ech sot et jo. – 't misst ee mol luusse goen. Mir si jo zu zwee. |
PIT |
Waart, da looss mech ower vir, ech si méi staark. (Eng al Paart gëtt opgemat.) Neen – duck dech. E kënnt. |
TOM |
Pit, 't ass de Putty Birebam. |
PIT |
(Schrëtt gi fort.) Ech flippen aus. |
TOM |
A wat dreift deen hei ëm dës Zäit? |
PIT |
Komm, elo gi mer d’Scheier duerchwullen. |
TOM |
O jo, dat ass déi Saach. (Déi al Paart quiitscht nees – an der Scheier) |
PIT |
Puuu, wat e Kreemchen! (Eemere ginn ëmgestouss - Holzstécker, Staangen asw. falen doruechter.) |
TOM |
An iwwerall déi verdäiwelt Spawecken. |
PIT |
So ee mir, wat e verstännege Mënsch hei siche geet. |
TOM |
Pit, liicht mer emol an dësen Eck. Huerteg. (Pabeier raschelt.) Hei, kuck emol. A wat sees de dann do? |
PIT |
Pfff, eng hongreg Fatz Pabeier. |
TOM |
Mä so, lauschter emol ... dat ass e Plang. |
PIT |
E Plang? Weis hier. |
TOM |
Hee Pit, ech hat e fonnt. |
PIT |
An ech hu geliicht, also. |
TOM |
Dann zerknauter en alt net ze vill. En ass ural. |
PIT |
Wierklech! E Plang vun der Däiwelsbuerg. (Den Tom päift duerch d’Fangeren.) Tom, nu pack dech! Du erwächs jo dee ganzen Hotel. |
ERZIELER |
Mä keng Anscht, d’Sonja huet scho verstan. Et mécht seng Fënster op, klotert iwwert d’Blummestäck a rëtscht jitz! um Kulang laanscht d’Mauer erof. |
SONJA |
(Dreckseemere falen ëm - villes rullt doruechter.) Ah, déi domm Dreckskiwwelen! 't ass ower och stackdäischter. |
TOM |
Hopp, hannerwands! Déi al Peffermeyesch! (Eng Fënster gëtt opgemat.) |
MADELEINE |
A wat der Däiwel ass blouss do ënne lass? Ech mengen, 't muss emol Holz op iech getesselt ginn, wéi? |
PIT |
(am Pëspertoun) O, dass dir Fraleit ower och ni kënnt riicht op den zwee Féiss ukommen. |
SONJA |
Téinert, hänk an. |
ERZIELER |
Mä Streidereien ewéi déi hei sinn ni fir laang, a gläich drop stodéieren se allen dräi mat den Täscheluuchten de Plang vun der Däiwelsbuerg. |
PIT |
Den Tuerm ... d’Kelleren ... |
TOM |
Immens! Wa mer hinnen dat doen an der Schoul erzielen ... |
SONJA |
So, a firwat ass dann dat Kräiz hei gemoolt? |
PIT |
E Kräiz? Wou? |
SONJA |
Do ënnert der Trap. |
TOM |
't ass vläicht d’Këscht mam Gold. |
PIT |
Du an däi Gold. Kaf der e Goldfësch, setz an d’Buedbidden an da bass de roueg. (Um Kierchtuerm schléit et 12 Auer.) |
SONJA |
Aha, Mëtternuecht. ('t héiert een op eemol e Kreesch.) O mei – a wat ass dann dat do? |
PIT |
Nu fänk du och nach un ze pinschen. |
TOM |
't ass net schlëmm. 't wor d’Madamm Rosalie. Si luusst hannert de Fënster-lueden. |
SONJA |
(op eemol ausser sech) O ... Tom ... Pit ... kuckt ... d’Buerg ... d’Buerg .... (De Wand fänkt un ze blosen – eng Eil rifft.) |
TOM |
Ja, wat ass da mat hir? |
SONJA |
Se ... se gëtt lieweg. |
PIT |
Weis! – (méi queesch) Da réckel alt schonn. |
TOM |
Tatsächlech. Et liicht do uewen. |
SONJA |
Wéi an enger Grujelgeschicht. |
PIT |
Ech gi geckeg. Am alen Tuerm liicht eng Luucht ... |
TOM |
So, dann hat deng Mamm se ower net gesinn. |
SONJA |
Ween? |
TOM |
D’Männercher. |
PIT |
Vollek, muer gi mer op d’Däiwelsbuerg erop. |
SONJA |
Jo! |
TOM |
Genial! |
PIT |
Dat gëtt déi Vakanz! |
SONJA |
A wéi géif de Jempi do soen? Kanounendamp --- |
TOM + PIT |
--- a Pistoulepolfer (Se laachen allen dräi.)
****
|
ERZIELER |
Daags drop schéngt d’Sonn iwwer Bierg an Dall, an d’Däiwelsbuerg kritt décke Besuch. Neen, net nëmmen ons dräi Kolleege kloteren hei uewen erëm, mä och d’Peffermeyeren. Hei kuck, den Emil wëllt grad eng Photo vu sengem Madeleine maachen. (Naturgeräischer: Vulle päifen – Grille jiipsen asw.) |
MADELEINE |
Dajee, ass et da bal? |
EMIL |
Ma du wackels un engem Stéck. |
MADELEINE |
Kee Wonner, ech stinn an engem Putsch Brennesselen. |
EMIL |
Da pass op. Laach schéin. Ech ziele bis dräi. Een ... zwee ---- |
MADELEINE |
(deet e Kreesch) Emiiiil! E Lach! Ech rëtschen. |
EMIL |
Waart, hei, reech mer d’Hand, ech zéien dech eraus. Ho-hopp! |
MADELEINE |
Wéi déif ... wéi déif .... |
EMIL |
Ho-hopp! (Stoff räisst duerch.) Do, an elo ass déi mer och nach hannen opgerass. |
MADELEINE |
Wat? |
EMIL |
Ma meng Box. |
MADELEINE |
O Emilchen, komm, mer gi léiwer nees an den Hotel, an da bekucke mer d’Däiwelsbuerg vun ënnen. (Den Tom, de Pit an d’Sonja laachen.) |
PIT |
Hu, d’Famill Peffermeyer! |
SONJA |
Déi doen zwee si wierklech hir Sue wäert. |
TOM |
(rifft vu méi wäit) Pit! |
PIT |
A wou stéchs de dann elo nees? |
TOM |
Hei hannert der Mauer. |
PIT |
O, du Knécheler ... |
TOM |
(Stëmm nees méi no) Mä da kuck emol, wat ech fonnt hunn. ('t rabbelt no Blech.) |
SONJA |
Eng Lanter. |
PIT |
Eng Lanter? Weis hier. |
SONJA |
't ass sécher déi vun nuets. |
PIT |
Kloer. Soss sténg se jo net do. |
TOM |
An hei leien och d’Fixspéin. Kuck. (E Fixspoun gëtt ugefaang.) |
SONJA |
Dann huet dee Kärel hei vun der Mauer aus an d’Duerf erof geliicht. Ah, ech froe mech blouss firwat. |
PIT |
Ho, där Dommer nach. (Pabeier gëtt ausernee gefaalt.) Komm, mer stodéieren elo emol dem Birebam säi Plang. - Also, do ass den Tuerm ... riets ass den décke Fiels ... lénks déi dräi Träppleken ... |
TOM |
An hei ass e Krop. |
SONJA |
Wou? |
TOM |
Mä hei tëschent der Peffermeyesch hire Brennesselen. |
PIT |
Ah, dass du ower ëmmer alles fir d'éischt fanne muss! |
TOM |
Gëss de queesch? |
SONJA |
So, an hei stécht jo nach esou e Krop an dem Steen ... an nach een ... |
TOM |
Sécher ass et eng Leeder vun deem ale Buerghär. |
SONJA |
A wou der Däiwel féiert déi eis hin? |
PIT |
Da waart emol, Meedchen. ('t gëtt a Gras an an Äscht gewullt.) Hei – e Lach! |
TOM |
Ha, do hong dem Emil säi Madeleine jo elo éinscht mat de Flilleken dran ze struewelen. |
PIT |
Maach elo keng faul Witzen. Ech si vill ze vill opgereegt. Sonja, liicht mer emol. |
SONJA |
So, dat ass jo e Keller. |
PIT |
Tatsächlech. E richtege Buergkeller. |
TOM |
An iwwerall si Kreep un der Mauer. Bis ënnenhin. |
SONJA |
Puuu, wat dat vun ënnen erop mipst! |
TOM |
Dann zéi deng Nues ewech a looss mech mol bäi. |
PIT |
Hee, wouhin, Tom? Ech klammen als éischt erof. |
TOM |
Allez, dat ass dach Wurscht. |
PIT |
Neen, well een, deen de Ball net riicht ka schéissen, dee kann och net verstänneg klammen. (Den Tom deet e laange Kreesch, ëmmer méi wäit ewech – et schaalt ëmmer méi.) |
SONJA |
Tom! – O jee ... a fort ass en. |
PIT |
Sot ech et net? En huet ebe kromm Féiss. |
ERZIELER |
Mä ee Gléck krut den Tom sech iwwert dem Falen un enger Bamwuerzel unzepaken, a wéi d’Sonja an de Pit och ënne woren, hat e sech séier vu sengem Schreck erholl, well ween huet net schonn eemol dervu gedreemt, mat Täscheluuchten an engem ale Buergkeller erëmzespionéieren? |
SONJA |
(Schrëtt - d’Stëmme schalen – hei an do rullt e Steen.) Pfuii, wéi muffeg! |
TOM |
A stackdäischter ass et, däischter wéi an engem Sak. |
SONJA |
Enéierens eng Liicht, net emol e Lach. Richteg onheemlech ... (Waasserdrëpse falen.) ... an iwwerall drëpst Waasser vun de Maueren ... (Pabeier raschelt nees.) |
PIT |
Waart emol. Do misst dach iergend e Wee méi no hanne féieren. A wann et och nëmmen e schmuele Schloff wier. |
TOM |
Jo Pit, hei am Eck geet et weider. |
SONJA |
Da béckt iech ower, well et gëtt al niddereg. |
PIT |
(op eemol) Mä so, bleif emol stoen. Hei ass jo schonn ee gaangen. Kuck emol seng Trëtt am Bulli. |
SONJA |
Foussspueren ... Tatsächlech. An hei, zwee Zigarettestëmp. Do hu sech der also nach anerer hei ënne verlaf. |
TOM |
Pit, kuck emol. Dohanne steet eppes, hannert deem Koup Steng. (Steng ginn ausernee gehäit.) |
PIT |
Mä so, dat ass jo eng Këscht. |
SONJA |
Phantastesch! Ural gesäit se aus, vermuuscht a verrascht. |
PIT |
Kee Wonner. Wéi vill Jorhonnerte steet déi schonn hei? |
TOM |
(keimt) Uuuh - a verdäiwelt schwéier ass se och. |
SONJA |
Mä wat soll da blouss dra stiechen? |
TOM |
Bestëmmt Gold, Sonja. |
PIT |
Gold! Schwätz dach kee Blech, Tom. Ech sot jo, du bass e Fuebelkréimer. |
SONJA |
Weess de, Pit, méiglech wier et schonn: um Birebam sengem gescheite Plang ass hei nämlech dat Kräiz agezeechent. |
TOM |
Komm, elo brieche mer d’Këscht op, da gesi mer, ween alt nees Recht huet. (Eisestaange rabbelen.) |
PIT |
Waart, hei hu mer dat richtegt Handwierksgeschier. Mat Eisestaange kritt een alles op. |
SONJA |
O, ech si gespaant ewéi en ale Präbbeli. (Holz kréckelt.) |
TOM |
An ech eréischt, wat mengs de. ('t kréckelt ëmmer méi.) Héier, elo fiert se gläich auserneen. Zéi dech léiwer ewech, Sonja. |
PIT |
A quëtsch du der d’Patten net iwwert dem Schnëssen. |
TOM |
Ho – ho - |
ZESUMMEN |
- hoppla! (Brieder kraachen a baschten auserneen.) |
TOM |
Gold!!! Wat hat ech der gesot, Pit! |
SONJA |
D’Gold vun der Däiwelsbuerg! |
TOM |
An du nenns mech e Fuebelkréimer ... ('t gëtt an de Goldstécker gewullt.) |
PIT |
Strubbelvoll. Bis uewenhin. |
SONJA |
Männer, ech gi jaus. |
TOM |
Déi doheem wäerten Aan a Mond opräissen, wa se dervun héieren. |
PIT |
Ei, dee staarke Gust, dee kritt bestëmmt eppes u sech. Fir d'éischt eng Buerg, déi nuets liicht, an dann dat elei. |
TOM |
O jo, Pit, d’Luucht. Déi steet nach uewen op der Mauer. |
PIT |
't ass wouer. Kloter huerteg erop an da verstopps de se. (Den Tom päift fir sech - iwwerdeems:) |
ERZIELER |
An een, zwee, dräi, schonn ass den Tom iwwer d'Kreep eropgeklotert, well et wier jo och eemol ze vill domm, wann nach iergendeen déi Lanter entdecke géif, mä --- |
TOM |
(Dobaussen - d’Stëmme schalen net méi.) Hee, a wat heescht dann dat do? Hei stong se dach. Op dësem Steen. (rifft) Huhu, ass een hei? Droleg, déi do.
|
ERZIELER |
Den Tom sicht verzweifelt iwwerall --- (Eng hëlzen Dier quiitscht.) --- en dréckt esouguer déi al hëlzen Dier op a geet an de Fiels era luussen. Mä hei, a wee kënnt do hannert dem Tuerm eraus geschlach? |
BIREBAM |
Haha, da waart, Fissi. |
ERZIELER |
De Putty Birebam, den Här Professer! E kuckt no riets an no lénks a pou! späert en den Tom an de Fiels an. (D’Dier fält an d’Schlass – de Birebam laacht knaschteg.) |
PIT |
(Am Buergkeller – d’Stëmme schalen nees.) Nee Sonja, wat eng Vakanz! Do fiers de klak ewech. |
SONJA |
A wat soll blouss déi nächst Nuecht passéieren? Ei, ech freeë mech elo schonn. |
PIT |
Ech halen op jidde Fall meng Schong u fir ze schlofen, dass ech méi séier hei uewe sinn, wann d’Buerg liicht. |
SONJA |
So, a wou bleift dee Kärel esou laang? |
PIT |
Ma ja. (rifft) Tom! Tom! |
SONJA |
Keng Äntwert. |
PIT |
Droleg. |
SONJA |
Solle mer net léiwer no him kucke goen? |
PIT |
Jo ... komm. Dee wäert sécher nees mat senge kromme Féiss iergendzwousch erofgetrollt sinn. |
ERZIELER |
An och si zwee klammen erëm aus deem däischtere Buergkeller eraus, kucken an alle Schlëff an Ecken, mä neen, den Tom weist sech net. |
SONJA |
(Dobaussen – d’Stëmmen normal – 't rubbelt un der hëlzen Dier.) Lauschter, Pit. Do huet eppes gerubbelt. Dohanne bei der Trap, mengen ech. |
PIT |
Du mengs ze vill. ('t rubbelt weider.) |
SONJA |
Do, héier! – So, villäicht ass et ee vun hinnen, déi --- |
PIT |
Psst! Da blär dach net esou haart. |
TOM |
(Stëmm vu bannen) Pit! Sonja! |
SONJA |
Do sëtzt en, hannert deene Brieder. |
TOM |
(idem) Maacht mer op. 't huet ee mech agespaart. |
PIT |
A ween dann? |
TOM |
(idem) Do frees de mech vill. Ech hu just héieren d’Dier kraachen. |
SONJA |
Schrecklech. |
PIT |
(rabbelt un der Dier) Nondiflütt! Déi ass ower och richteg zou. |
TOM |
(vu bannen) Waart, ech hëllefen drécken. Zu zwee geet et villäicht. |
SONJA |
Neen. Et huet kee Wäert. Se wackelt emol net. |
PIT |
Kee Wonner. Mat deem sengem wäisse Kéis an den Äerm. Tom, lauschter emol: mir lafe séier erof de Jempi ruffen, well eleng packe mer et jo dach net.
|
TOM |
De Jempi? Ou jo, deen huet Muskelen. Dann düst alt schonn an träntelt net. |
SONJA |
Keng Angscht. Mir si schonn um Wee.
****
|
JEMPI |
Ma jo, da maachen ech mech elo op de Wee, Madame Schmittchen. |
SCHMITTCHEN |
An der Rei, Jempi. |
ROSALIE |
A vergiesst net de Bonjour fir se matzehuelen. |
JEMPI |
Keng Angscht, Rosalie. En ass scho mat agepaakt. Allez, bis d’nächst Woch dann. (D’Harmonika spillt.) |
SCHMITTCHEN |
Aha, an den Här Peffermeyer mécht schonn erëm Musek. |
ROSALIE |
(iwwert dem Fortgoen, vu méi wäit ewech) Jo jo, dat kann en och besser ewéi op der Däiwelsbuerg erëmzeklammen. (Schrëtt komme gelaf.) |
SONJA |
(ausser Otem) Ech kann net méi, Pit. |
PIT |
Dann denk un den Tom, wéi deen esou afeg do uewe sëtzt. |
SONJA |
Ech sinn dätsch. Du renns mer ze séier. (En Autosmotor gëtt ugedréit – den Auto fiert fort.) |
PIT |
(rifft) Hee ... Jempi! Jempi! |
SONJA |
Do! Ze spéit. A fort ass en. |
PIT |
Gesäis de. Kënns du uerdentlech lafen, dann hätte mer en nach erwëscht. (Eng Fënster geet op – 't héiert een d’Harmonika besser.) |
MADELEINE |
Ah, dass déi ongezillte Kanner ower ëmmer esou en Zodi schloe mussen. |
SONJA |
Mä mir sinn hannert dem Jempi hier, Madame Peffermeyer. |
MADELEINE |
Ho, deen ass op Paräis, bei säi Brudder. An elo maacht der iech hei aus dem Stëbs, verstan? (D’Fënster klaakt zou – am Haus rabbelt den Telefon.) |
PIT |
Do! A wéi kréie mer elo den Tom eraus? |
SONJA |
Hei, dohanne krabbelt nees de Putty Birebam. 't misst een dee vläicht froen. |
PIT |
Du spënns jo. (Eng Dier geet op.) |
SCHMITTCHEN |
(rifft) Här Birebam! Telefon fir Iech. 't ass d’Polizei. (D’Dier geet zou.) |
ERZIELER |
Hutt der dat doen héieren ? De Päiperleksprofesser gëtt vun der Police gesicht. Si woussten et jo, d’Sonja, den Tom an de Pit, dass iergendeppes net an der Rei mat em wier. |
PIT |
(vu wäitem) De Birebam, de Putty-Pittchen, Deen huelen se lo mam Schlawittchen. (Déi zwee laachen haart.) |
ERZIELER |
Mä waart emol, dir zwee, dir wäert iech elo nach al wonneren. (Schrëtt) |
SONJA |
Fort! E kënnt. |
DUPONT |
Hee, dir do, kommt emol viv zréck. Sot, wësst dir iwwerhaapt, ween ech sinn? Mäin Numm ass guer net Birebam. Mä Dupont heeschen ech. Robert Dupont. An ech si Geheimagent bei der Polizei. |
PIT |
Waaat? |
SONJA |
Geheimpolizist? |
PIT |
An do hate mir geduecht --- |
DUPONT |
Tja, sou kann ee sech mol ieren, gelu, Sonja. |
SONJA |
Da schläicht Dir jo ower och net duerch d’Gestraiss, fir nëmme Kierwerleken a Pimpampelen ze fänken, wéi? |
DUPONT |
O mei, neen. Mä dat maachen ech, fir iwwerall alles ze gesinn an ze héieren, ouni dass et engem opfält, well, donkt Uecht, an der leschter Zäit soll eng Gauneréquipe hei am Duerf erëmgeeschteren. |
SONJA |
Gangsteren? Uuuuh! |
PIT |
Sonja! |
DUPONT |
Se hätten d’Däiwelsbuerg an der Nues. Mä ech froe mech blouss firwat. |
SONJA |
So Pit ... d’Këscht mam Gold. |
DUPONT |
Jo, d’Leit am Duerf erziele vill, mä bis haut huet nach kee Mënsch de Wee bis an de Buergkeller fonnt. |
PIT |
Haha, da wore mir eben déi éischt do ënnen. |
DUPONT |
Pardon? (Pabeier raschelt.) |
PIT |
Voilà. Merci ower fir Äre Plang, Här Dupont. En huet eis vill gehollef. |
DUPONT |
Mäi Plang? Do ass e jo. |
SONJA |
Mir hunn e gëschter Owend an der Scheier fonnt. |
PIT |
Hee, wat heescht hei: mir? Den Tom an ech. Also ... |
DUPONT |
An dir, dir woort wierklech an de Kellere vun der Däiwelsbuerg? |
SONJA |
Ah jo. Esou vill Gold hunn ech nach ni op engem Koup beienee gesinn. |
PIT |
Eng Këscht – ho, mäi léiwe Mann, schwéier ewéi Bläi a se wackelt net vun der Plaz. |
DUPONT |
Tjëft, dann huet déi Band et haut den Owend nees eng Kéier op d’Gold ofgesinn. |
SONJA |
Haut den Owend? |
DUPONT |
Wéi et schéngt. Duerfir krut ech jo elo grad telefonéiert. |
PIT |
Also braucht Der Iech einfach nëmmen do uewen ze verstoppen an op se ze waarden. |
DUPONT |
O neen, esou liicht ginn déi net an d’Fal. Se verschwannen am léiwsten duerch geheim Weeër ënnert dem Buedem. |
SONJA |
Duerch ënnerierdesch Gäng? Pit, hues de dat matkritt? |
DUPONT |
't wor och schonn deemools op dem Schlass Fonkelsbierg esou. Mir souzen uewen an dem Tuerm, a si si mat de Milliounen ënnen duerch de Keller ugedréckt. |
PIT |
Sot Här Dupont, huet eis Däiwelsbuerg dann och esou e Geheimgank? |
SONJA |
A wou geet en hin? Dass een déi Kärele ka mat der Box huelen, wa se erauskommen. |
DUPONT |
Egal wéi: een hunn ech scho sécher. |
SONJA |
Jo? A ween ass et dann? |
DUPONT |
Ech weess et och net. E gong mer esou onheemlech op der Buerg doruechter schnëffelen – sécher, well ech seng Lanter verstoppt hat – an du hunn ech en an engem Fiels agespaart. |
PIT |
Wéi? An dem Fiels? |
SONJA |
Mä Här Dupont, dat ass den Tom. |
DUPONT |
Den Tom? |
PIT |
Jo. Eise Kolleeg. (An der Scheier gi Brieder lass gebrach – allerlee trëllt duercherneen.) |
ERZIELER |
Hei – a wat ass dann elo op eemol an der Scheier lass? Heebotten an Holz a Bitercher trëllen duerchernaner. A wee kënnt dertëscht eraus-gekroch? |
SONJA |
Tom?! Du? |
TOM |
(fir sech) Ah sou ... hei sinn ech also. |
PIT |
Mä ... mä du souz dach elo grad nach do uewen am Fiels? |
TOM |
Ma jo, 't hat net laang gedauert, du hat ech eng Faldier am Buedem fonnt --- |
SONJA |
Eng Faldier? |
TOM |
--- eenzock sinn ech derduerch gekroch an ech koum an en däischtere Gank. |
SONJA |
Brrr, wéi onheemlech. |
PIT |
Da gëff dech dach emol. |
TOM |
Lues hunn ech mech duerch d’Gestengs weider getaascht, et gong géi biergof, an op eemol wor de Wee mat Brieder zou. Ech hunn d’Holz ausernee gerappt a wou souz ech? |
SONJA |
Hei an der Scheier. |
PIT |
Här Dupont! Dat ass de geheime Gank, dee mer sichen. |
DUPONT |
Ah, bravo, Tom. |
TOM |
(verwonnert) Wéi ... Här Dupont? ... Geheime Gank? A wat soll dat do alles? |
SONJA |
Komm, mer mussen der nach villes erzielen. |
DUPONT |
An den Owend, esoubal et vun der Buerg erof liicht, da lauere mir hei, bis d’Banditte mat dem Gold aus der Scheier erausgeschlach kommen.
****
|
ERZIELER |
Owes spéit sëtzt den Här Dupont mat de Bouwen ongedëlleg an der Heck ze laueren, an esoubal am „Margréiderches-Hotel“ all Luuchten aus sinn --- (Den Tom päift duerch d’Fangeren.) --- gëtt d’Sonja erbäi gepaff, well elo ass et gläich esou wäit, wou der Kaz de Schwanz ausgeet. ('t schléit op der Kierch 12 Auer.) |
DUPONT |
A voilà. Punkt Mëtternuecht. |
TOM |
Mmm, d’Däiwelsbuerg bleift roueg, Här Dupont. Gëschter ëm dës Zäit huet se scho geliicht. |
PIT |
Da gedëlleg dech dach emol. (Eng Gaardepäertche jiipst.) |
SONJA |
Héier. Eis Gaardendier. |
DUPONT |
An hopp, d’Täscheluuchten aus. ('t héiert ee Schrëtt.) |
PIT |
Aha, Sonja, do schläicht een duerch är Wiss. |
TOM |
A wee soll dat nëmme sinn? |
DUPONT |
Hei kuckt, elo klëmmt en op de Kiischtebam erop. |
SONJA |
Jëses neen! An eis Leeder ass dach ural an hallef verfault. Déi fiert klak a Stécker. (D’Trëtt vun der Leeder kraachen – et fält een an d’Gestraiss – dee grommelt rosen – d’Sonja deet e spatze Kreesch.) |
TOM |
Sonja! |
SONJA |
Do! Ech sot et jo. Elo läit en nees hei ënnen. |
JEMPI |
(grommelt vu wäit) Kanounendamp a Pistoulepolfer! |
DUPONT |
Wat gelift? Wat knoutert en do? |
TOM |
Kanounendamp a Pistoulepolfer … Mä ... dat kenne mer dach. |
PIT |
Tom ... 't ass de Jempi. |
SONJA |
De Jempi? An do hat ech gemengt, dee wier op Paräis. |
PIT |
Du mengs eben ze vill. Ech sot der et jo schonn. |
TOM |
Hei kuck, a wat mécht en dann elo? |
DUPONT |
E liicht op d’Buerg erop. |
PIT |
Verréckt! |
|
(De Wand fänkt un ze blosen - eng Eil rifft – en Hond billt vu wäitem.) |
TOM |
Eemol ... zweemol ... |
SONJA |
Här Dupont ... kuckt ... an d’Däiwelsbuerg ass och erwächt. |
TOM |
Tatsächlech! D’Lanter liicht nees beim alen Tuerm. |
DUPONT |
Voilà. Dat ass hiert Zeechen. Elo wëssen déi do uewen, dass hei ënnen een op se waart, wa se mat dem Gold duerch de Geheimgank kommen. |
PIT |
Mä déi Iddi ass ewell nach guer net esou domm. |
TOM |
Nëmme schued, dass se net vun dir ass, gelu. |
PIT |
Tozert! (Äscht kréckelen.) |
SONJA |
Duckt iech! E kënnt nees zréck. |
DUPONT |
Aha, da passt op, elo plécke mer eis en. |
PIT |
Ho-hopp! (Den Tom päift nees duerch d’Fangeren – den Dupont an de Jempi geroden uneneen– Kette rabbelen.) |
DUPONT |
Ah, da komm, mäi Männchen! |
JEMPI |
Birebam, du? A wat soll dat do? Léiss de d’Patte wuel ewech, du Päiperleks-batti! |
TOM |
Hee, lues, Monni! |
JEMPI |
Wat? An dir dräi och nach? |
SONJA |
Ah jo. An du wäers dech wonneren, Jempi, well éischtens heescht den Här Birebam Dupont --- |
PIT |
--- an zweetens ass de Päiperleksbatti ee vun der Police. |
JEMPI |
Hë? Een ... ee vun der Police? – Kanounendamp a Pistoulepolfer! (D’Hausdier geet op – Schrëtt komme méi no.) |
ROSALIE |
A wat der Däiwel ass blouss hei lass? |
SCHMITTCHEN |
Wann d’Madame Peffermeyer ower elo net erwächt ass, da friessen ech e Biesem. (op eemol:) Wat, Jempi ... du? |
SONJA |
Ma jo, Mamm, 't ass ee vun deenen, déi den Owend d’Gold vun der Däiwels-buerg klauen. |
SCHMITTCHEN |
Mon Dieu, neen! |
ROSALIE |
Wéi schrecklech! |
SCHMITTCHEN |
O Madame Rosalie, gitt mer séier eng vun Ären Häerzpëllen. |
ERZIELER |
Tja, wa mer elo nach gutt wéissten, weem de Jempi op d’Buerg erop geliicht huet. Mä dee verréit keen. An esou sëtzen se eben ongedëlleg virun der Scheier ze waarden, dass sech eppes aus dem Geheimgank weise soll. (An der Scheier fält alles duercherneen.) |
TOM |
Här Dupont! Pit! Lauschtert dobannen! |
SONJA |
Se sinn do. O, ech ziddere vun Opreegung. |
ROSALIE |
Dat ass jo dee rengste Krimi, Madame Schmittchen. |
PIT |
Allez hopp, alles an d’Gestraiss! (Äscht an Heckegestraiss kréckelen.) |
ROSALIE |
Eeeeh, wéi pickeg! – O, wat eng Vakanz ... |
DUPONT |
Pscht. (D’Scheierpaart gëtt opgemat.) Hä? A wee kënnt dann do aus der Scheier eraus? |
SCHMITTCHEN |
D’Famill Peffermeyer! |
PIT |
Do soll der Däiwel en Af ginn! |
TOM |
Den Emil an d’Madeleine ... |
SCHMITTCHEN |
A séier nach eng Häerzpëll, Rosalie. |
MADELEINE |
(ausser Otem) Tjëft, Emil, de Wee wor zimlech onkammoud. |
EMIL |
(keimt) An d’Këscht verdäiwelt schwéier. |
MADELEINE |
Mä so, wou stécht de Jempi nëmmen? En huet eis dach geliicht. |
EMIL |
Ah, hannert dem Holzkoup géif en op eis waarden, sot en zu mir. |
MADELEINE |
't réiert sech ower näischt. |
EMIL |
Komm, Madeleine, komm, mer bewonneren nach eng Kéier eis Goldstécker. (D’Këscht gëtt opgereedelt.) |
MAFELEINE |
(ausser sech) Emil! Neen ...! ('t gëtt a Kiselsteng gewullt.) |
EMIL |
Kiselsteng! |
MADELEINE |
(rifft) Jempi! Jempi! |
PIT |
Ho-hopp! (Den Tom päift nees duerch d’Fangeren.) |
DUPONT |
Da kommt Dir, Här Peffermeyer, dann ass d’Rei elo un Iech. (Kette rabbelen.) |
EMIL |
Mä ... mä ... lauschtert emol ... Loosst Der mech wuel lass, Dir! |
MADELEINE |
Onerhéiert! Da bäiss en dach einfach, Emil. |
SONJA |
't ass ze spéit, dir Herrschaften. Den Här Dupont ass ee vun der Polizei. |
MADELEINE |
Waaat? Polizei? – O jee ... |
EMIL |
(geschloen) Madeleine ... eist Spill ass aus. Kuck, se hunn de Jempi och. (De Jempi grommelt rosen.) |
ROSALIE |
Jo Madame Schmittchen, a wou ass dann elo d’Gold vun der Däiwelsbuerg? |
SCHMITTCHEN |
Ma ja ... komesch. |
DUPONT |
Keng Angscht, dir Dammen. Esoubal et den Owend däischter gouf, hunn ech d’Gold mat mengen dräi Kolleegen elei a mäin Auto getesselt --- |
ROSALIE |
Ah, ee Gléck. |
DUPONT |
--- an du hu mir hinnen d’Këscht voller Kiselsteng geschott. (D’Madeleine grommelt.) |
SCHMITTCHEN |
Wéi Sonja, dir hat nees eemol d’Hand am Spill? An do has de gefaart, du misst dech an der Vakanz langweilen. |
TOM |
Hee, Pit, a mat wat kënns du dann do ugereest? |
PIT |
(ëmmer méi no) Ah, emol eng Kéier, wou s du net als éischte mat der Nues vir woors, hë? |
SONJA |
Dem Peffermeyer seng Harmonikaskëscht! (Den Emil grommelt.) |
PIT |
Ma jo, déi louch hannert dem Holz am Gras. |
DUPONT |
Et voilà, hei an dëser Këscht sollt de Jempi d’Goldstécker verstoppen, an den Emil Peffermeyer hätt se mat heem geschleeft, ouni dass iergendeen eppes an Uecht geholl hätt. |
PIT-SONJA-TOM |
(duercherneen) - Ah, clever, déi do. - Genial! - Super! |
ROSALIE |
Also neen – eng richteg Gangsteréquipe! |
SCHMITTCHEN |
An dat alles a mengem Hotel?! |
JEMPI |
Kanounendamp --- |
ALL ZESUMMEN |
--- a Pistoulepolfer!
****
|