1. DE KUEB AN DE FUUSS
Persounen: den Arnold Kräckzert, de Kueb
de Luussi Schlaubengel, de Fuuss
d’Madamm Fuuss
d’Eil
den Hond
den Erzieler
ERZIELER |
Dëser Deeg ass Kiermes am Bësch, an alles ass op de Patten, wat nëmme Patten huet: d’Feldhénger bei der Schéissbud, d’Kawee-chelcher um Karussell, an duerno alleguerte bei dem Wëllschwäin senger Danzmusek. (Danzmusek) |
EIL |
Wéi ass et, Arnold, hues de d’Schong geschmiert? Den Owend geet et op de Bal. |
KUEB |
Bass de weis? Ech sinn dach nëmmen e Kueb. |
EIL |
Jo an? Ech si jo och nëmmen eng Eil. |
KUEB |
Mä e Kueb muss sech dach iwwerall schummen, well et deen ellensten an dee schappegste vun alle Vullen ass. Kuck nëmmen, wéi ech ausgesinn: pechschwaarz vun uewe bis ënnen a meng Fiederen hunn ech zerzauselt, wéi wann ech ni am Liewe bei de Coiffeur géng. |
EIL |
O mäi Gott! Wéi klenglech, Här Kräckzert! |
KUEB |
An da voilà: Här Kräckzert! Du sees et. All meng Kosenge sangen a musizéieren hiert meescht an hiert bescht, mä wann ech eemol de Schniewel opdinn, da geet et blouss: kräck-kräck, an ‘t rabbelt, wéi wann ech Blech an der Strass hätt. Neen, Marjänni, ech sinn net esou kéng. Géi du eleng. Ech bleiwe léiwer doheem. |
ERZIELER |
An esou gëtt dann eben ouni de Kueb um Kiermesbal gedanzt, bis et hell dobausse gëtt, an dee leschte geet eréischt heem, wéi de Fuuss scho bei der Gare steet op säi Monni, den Hond vum Féischterhaff, ze waarden. (En Zuch leeft an.) |
FUUSS |
Salut, Leo. An, goufs de gutt an där aler Dampmaschinn gestuckelt? |
HOND |
Ah, Fiiss-chen, ‘t ass egal. Ech kommen ëmmer gäre bei dech op Besuch - an zemol fir d’Kiermes. |
FUUSS |
Komm, ech hëllefen der deng Wallissen droen. Mir si gläich doheem. (Den Zuch fiert fort – Naturgeräischer) |
HOND |
(ausser Otem) Hee, Fuussi Luussi, e wéineg méi gemittlech. Ech komme jo an de Schweess. |
FUUSS |
Ma ja, so, du hues e schéinen, ronne Bäichelche kritt. Dat kënnt sécher vun deenen décke Mäifel, déi däi Meeschter der op den Teller leet. |
HOND |
Ho, duerfir muss ech him ower och Dag an Nuecht op säi Bauerenhaff oppassen. Mä weess de wat, komm bei eis an den Déngscht. Mir brauchen nach grad esou e gewëtztene Gesell ewéi dech. |
FUUSS |
An da géif ech grad ewéi s du mat Ketten am Hondshais-chen ugestréckt ginn? Ah neen, Monni, ech lafe léiwer fräi am Bësch erëm. |
HOND |
Ma do fënns de dach nëmmen al Igelen a gouereg Mais. |
FUUSS |
O, donk Uecht, ech sinn e Fuuss, ech heeschen net ëmsoss Luussi Schlaubengel an ech hunn e Sak voller Tricken, fir mer de Bauch puppsat z’iessen, hahahaha ... („Hämmelsmarsch“) |
ERZIELER |
Ah jo, eng Kiermes ouni Hämmelsmarsch ass keng Kiermes! A wéi d’Spanne-Musek herno laanscht d’Fuussekaul marschéiert, do sëtzt d’Famill mat dem Monni scho beim Aperitif ënnert dem Sonne-prabbeli. Mä hei, op eemol --- |
FUUSS |
Hee, Fra, richs de näischt? |
FUUSSEFRA |
Wat? |
FUUSS |
Mä do richt dach eppes. (D’Eil an de Kueb laache fir sech.) Héier! A wat wor dann dat do? |
HOND |
Ha, kuck! Do uewe sëtzen der zwéin an den Äscht. |
FUUSS |
Jo. D’Eil an e Kueb, déi zwee Strummerten. |
FUUSSEFRA |
Tatsächlech. An deen ellene Kräckzert huet eppes am Schniewel. Gëff mer emol huerteg mäi Brëll. |
HOND |
‘t ass e Kéis, Helène. En décken, ronne Kéis. |
FUUSS |
Voilà, ech sot et jo. Mmmm, wéi dat richt!!! (D’Eil an de Kueb laachen nees.) |
FUUSSEFRA |
E Kéis? A wat hutt dir zwee da mat deem wëlles, Eilemarjänni? |
EIL |
Ho, mä da lauschtert emol, et ass dach Kiermes, Madame Schlaubengel. |
FUUSS |
Ah, d’Waasser leeft mer am Mond zesummen. - Monni Leo, dat doen, dat wier eppes fir eis. |
ERZIELER |
A schonns fänkt de schlaue Luussi ënnert dem Bam un ze rieden an ze schmeechelen, well fir e Kéis ze kréien, deen e Kueb am Schniewel huet, do muss ee scho gutt léie kënnen. (Weider Naturgeräischer am Bësch) |
FUUSS |
O, Här Kueb do uewen, wat e Pleséier Iech erëmzegesinn. A wéi hu mer et dann? |
EIL |
Wéi? Här Kueb seet deen zu dir? (De Kueb laacht zefridde fir sech.) Droleg, déi do ... |
FUUSS |
Wéi laang hu mir zwee schonn net méi zesumme Schach gespillt a bei engem Pättche Wäin iwwert déi grouss Weltpolitik diskutéiert?! |
HOND |
A wat der Däiwel schnësst en nëmmen do? |
FUUSSEFRA |
Looss en. Dat gehéiert zu sengem Handwierk. |
FUUSS |
Sot, a wat gesinn ech? Weist Iech emol! Äre Kostüm ... olala! Déi neitste Moud aus den U.S.A. Elo sidd Der mat Ären houfrege Kuebefiederen e besseren, distinguéierten Här Professer. All mäi Respekt, Monsieur! |
EIL |
Gesäis de, du Tutebatti do! |
FUUSS |
Ah, do mussen dach all déi aner vu Roserei a vun Näid a Stécker fueren. (De Kueb laacht houfreg fir sech.) |
EIL |
An du hues gejéimert a wolls net mat op de Bal. |
FUUSS |
An dann, net nëmmen, dass Der deen eenzege vun eis alleguerte sidd, dee franséisesch kann - ech hat Iech jo och schonn als Minister virgeschloen --- |
EIL |
Waaaat? Du? Eeenorm!!! (De Kueb grommelt zefridden.) |
FUUSS |
Neen, dobei sidd Der och nach esou musikalesch. Eng Stëmm hutt Der fir ze sangen, et ass en eemolege Genoss, fir Iech nozelauschteren. |
HOND |
Hë? A just de Kueb, deen ale Kräckzert?! |
FUUSSEFRA |
Pscht. Mä gëff dech dach. |
HOND |
Dass ech net laachen ... |
FUUSS |
Dach. Ech hu jo Äre Papp gutt kannt an Äre Bopi nach besser – si hunn zwar allen zwee sonndes d’Mass gesongen, mä Dir, Monsieur Kueb, wann een Iech héiert, ah, dat ass Musek, dat ass Konscht, do kommen engem direkt d’Tréinen an d’Oueren. (De Kueb laacht nees zefridden.) |
EIL |
Do! An dann erziels du mir, du wiers raschteg an der Strass. |
FUUSS |
Kommt, Här Minister, maacht eis fir d’Kiermes déi éierevoll Éier a gitt eis e Stéckelchen zum beschten. Et muss jo näischt aus enger Oper sinn. Hei, meng Fra begleet Iech och op dem Mondspill. (Op der Mondharmonika gëtt „Et wor emol e Kueb“ gespillt.) |
EIL |
Dajee, Arnold, da looss der dach net fléiwen. |
FUUSS |
A wat mengt Der, wa mäi Monni Leo doheem vun Ärem Gesank erzielt, da kommt Der op eemol nach an d’Televisioun an op déi éischte Plaz vun der Hitparad. |
ERZIELER |
Tja, soll en oder soll en net? Ah, de Fuuss huet him däermoosse schéi geschwat, vu Minister a vu Konscht … Allez hopp, elo gëtt probéiert. E schléit den Takt mat dem rietse Been an dem lénke Flillek: Een, zwee an --- |
KUEB |
(probéiert mat vollem Mond zesangen) „Et wor emol e Kueb .....“ |
ERZIELER |
Mä ho-hoppla --- (D’Eil deet e spatze Kreesch.) --- well ee jo beim Sangen de Mond opmaache muss, du fält him de Kéis aus dem Schniewel a riicht virun dem Fuuss seng Féiss. (De Fuuss a seng Fuussefra laache knaschteg.) |
KUEB |
O neen … mäi gudde Camembert! |
EIL |
Ass dat do nach dran! |
FUUSSEFRA |
Bravo, bravo, Här Kräckzert. |
FUUSS |
Haha, hues de gesinn, Monni? Dat ass Fuussenhandwierk. |
HOND |
Jo, jo, du brauchs wierklech net bei mäi Meeschter op de Bauerenhaff ze kommen. |
FUUSS |
Hopp, komm mat. Deen doe loosse mir eis elo gutt schmaachen. (Eng Dier quiitscht – si geet op.) |
EIL |
Tjëft! Dee Fuussi Luussi ass méi lous a schlau a raffinéiert ewéi een, dee siwe Joer op der Universitéit wor. |
KUEB |
An op een Hoer no wor ech nach bal mat vun dem Aascht erofgefall ... O, wat sinn ech en dommen Eefalt! |
FUUSSEFRA |
Jo, dat bass de! Well esou chic gesäis de och net mat denge schwaarzen, zerzauselte Fiederen aus, an éierlech gesot, wann iergendzwousch gesonge gëtt, dann hues du besser de Bak ze halen, well du bass jo blouss en hondsgewéinleche Kräckzert. (D’Dier quiitscht nees – si geet zou.) |
KUEB |
Gesäis de, Eilemarjänni, wat sot ech? E Kueb muss sech ëmmer nëmme schummen. |
EIL |
Neen. Dat emol net. Well du hues dach haut villes bäigeléiert. |
KUEB |
Jo,jo. Kengem Schmeechler méi nozelauschteren --- |
EIL |
--- a virun allem, fir d'éischt gutt ze iwwerleeën, éier een iergendeppes mécht - well soss geet et fir de Kéis. Komm, an elo gi mer op d’Kiermes. (Kiermesmusek)
***** |
2. D'SEECHOMES AN D'GRILL
Persounen: d’Ketti Wibbeldewapp, d’Seechomes
d’Florentine Tirlititti, d’Grill
den Här Seechomes
de Päiperlek
d’Himmelsdéierchen
d’Bei
de Kierwerlek
d’Stewardess am Fliger
den Erzieler
|
(An enger Pâtisserie: Telleren a Läffelsgeschir rabbelen.) |
GRILL |
Nee, Yolande, keng Blus mat Sträifen. Sträife maachen esou gouereg. |
HIMMELSD. |
Da villäicht getëppelt. |
GRILL |
O, ass getëppelt iwwerhaapt nach modern? |
PÄIPERLEK |
Ah, Florentine, den Dernier-Cri vun New-York ass dëst Joer karéiert. |
GRILL |
Karéiert? Ower dann nëmmen am Brongelzegen, soss passt et net bei mäi beigen Hittchen. |
HIMMELSD. |
Super! Jo! A mat deem neitste Paräiser Make-Up bass de dann eis Miss „Schokklaskichelchen“. |
ERZIELER |
Si dräi féiere wierklech e Liewen ewéi en Hond ouni Fléi: déi houfreg Grill, dee fuerwege Päiperlek an dat flott Himmelsdéierchen. All Nomëtteg sëtzen se an der Pâtisserie an owes rocken a swingen se an der Disco „Las Vegas“, dass d’Fatze fléien. (Rockeg Discomusek – Disco-Ambiance) |
HIMMELSD. |
Ouauhh! Dat rëselt engem d’Himmelsdéierchespunkten esou richteg cool duercherneen. |
PÄIPERLEK |
Ah, wee sech am Liewen net ameséiert, Bianca, net séngt an net danzt, deen ass selwer dru schold. |
GRILL |
Eben. Hei, ech hunn esou eng flemmzeg Nopesch doheem. Vu moies bis owes leeft se am Haus ronderëmmer. Ech froe mech blouss, wat et do esou vill ze schaffe gëtt. |
HIMMELSD. |
Waaat? De ganzen Dag am Schierteg? |
PÄIPERLEK |
Do géif ech vergadderen. |
GRILL |
Mä du misst se ower och emol gesinn, Yolande, wéi se esou granzeg drakuckt. O, wat sinn ech frou, dass ech keng esou eng Seechomes sinn! („La Bamba“) |
PÄIPERLEK |
Héier! La Bamba! |
GRILL |
A lass! |
ZESUMMEN |
Äktschen!!! |
ERZIELER |
Jo, vis-à-vis vun der Grill wunnt eng fläisseg Seechomes. Esoubal mueres d’Sonn opgeet, rabbelt hire Wecker, an da bëselt a wuddert d’Ketti Wibbeldewapp am Haus, bis et owes däischter gëtt. (An der Kichen: Dëppe rabbelen – e Kaffisbiitz päift – aner Kichegeräischer.) |
SEECHOMES |
Kuck, elo ass et kuerz viru Mëtteg a bei der liddreger Grill sinn d’Lueden nach ëmmer zou. De ganzen Dag läit se op der fauler Haut. |
BEI |
Ho, wonnert dat dech dann? Si heescht dach net fir näischt Madame Florentine Tirlititti. |
SEECHOMES |
A wat huet se da vun hirem Tirlititti? Näischt. Guer näischt. Mä kuck, wat ech schon haut alles geschafft hunn: (Glieser rabbelen.) Äerdbiergebeess fir den Hierscht, Müsli mat Äppel a Roséngercher fir de Wanter, an elo gëtt nach den Hunneg agekacht, deen s du mer matbruecht hues. |
BEI |
Ja ja, mir Seechomëssen a Beien, mir schaffen eben de ganze Summer an herno am Wanter hu mer d’Kichen an de Späicher och strubbelvoll. |
SEECHOMES |
Genau. An duerfir verstinn ech dat geckegt Florentine net. Stell der emol vir, elo fiert et och nach e Mount an d’Vakanz. (Am Fliger – Gong) |
STEWARDESS |
(iwwer Spriechanlag) Dir Dammen an dir Hären, dir sidd gebieden iech nees unzeschnallen. An e puer Minutte lande mer mat eiser Boeing 747 zu Malaga. De Kapitän Fléipéiter a seng Stewardesse wënschen iech eng schéi Vakanz. |
HIMMELSD. |
E viva Espana! Hei si mer! |
PÄIPERLEK |
Spuenien – olè! |
GRILL |
Haha, an de Mueren, wéi mer mat de Wallissen doheem op den Taxi gewaart hunn, stong déi topeg Seechomes hannert der Rido de Kapp ze rëselen. |
HIMMELSD. |
O waart, haut den Owend nach schécke mer hir eng Kaart --- |
PÄIPERLEK |
--- a pass op, da bascht där Aler vun elauter Näid den Tuppi auserneen. (Déi dräi laachen a kickelen.) |
ERZIELER |
Ah jo, déi houfreg Grill, dee fuerwege Päiperlek an dat flott Himmelsdéierche sinn dëst Joer a Spuenien geflunn. A schonn no enger Stënnche leien se an dem Bikini am Sand. (Mierwellen) |
HIMMELSD. |
Immens! Bloen Himmel a blot Waasser, esou wäit een nëmme kucke kann! |
PÄIPERLEK |
An d’Sonn, déi schéngt der ewéi an engem Billerbuch! |
HIMMELSD. |
Wa mer heemkommen, Yolande, da si mer bronggebrannt ewéi d’Mouerekäpp. |
GRILL |
An all déi fläisseg Seechomëssen a Beien, déi kucke wäiss a blatzeg a schlechtgelaunt aus dem Gezei. |
PÄIPERLEK |
Hopp – an elo geet et an d’Waasser! |
HIMMELSD. |
Fir d'éischt mat dem Pupes an da flatsch bis un d’Nues! |
GRILL |
Caramba, amigos – dat ass déi Saach! |
ERZIELER |
Mä doheem a Wibbeldewappesch, do denkt keen u Puddelen a Paddelen am bloe Mier, well den Alfred – der Seechomëssefra hire Seechomëssemann – ass Dag fir Dag déck un der Aarbecht. ('t gett Holz geseet, duerno gehummert.) |
ALFRED |
Ah jo, mäi léiwe Kierwerlek, un engem Haus gëtt et ëmmer ze schaffen. |
KIERWERLEK |
An haut zammers de nei Fënsterlueden? |
ALFRED |
Ma jo. Déi al wore vermuuscht an hunn net méi richteg zougehalen. Wéi wëlls d’ et dann am Wanter waarm an der Stuff kréien? |
KIERWERLEK |
Ah, et duerf een eben d’Aarbecht net fäerten, Alfred. Ech kënnt och net de léiwen, laangen Dag um Réck leien a faulenzen. |
ALFRED |
Där ginn et der ower. Hei kuck, bei der Tirlitittis déi Säit feele scho wéi laang zwou Zillen um Daach. Mä mengs de, si géif dat Lach flécken? Gewëss! Déi spillt léiwer déi räich Prinzessin do ënnen a Spuenien. |
KIERWERLEK |
Looss se. Wann et herno reent a schneit, da sëtzt se ebe mat dem Prabbeli virun der Televisioun. |
ERZIELER |
O jo, an esou laang dauert dat och net, well no dem waarme Summer kënnt den naassen Hierscht, an da steet de kale Wanter vrun der Dier, an der Madame Tirlititti, där liddreger Grill, ass et elo guer net méi no Kaffiskränzchen, Disco a Vakanz a Spuenien. (De Wand bléist an hault.) |
GRILL |
Ooo, mon Dieu! Iwwerall bléist et an huerelt et a meng Villa eran, an ech sëtzen hei ze schnadderen, well ech hunn emol keen Holz, fir e Feierchen am Kamäin ze maachen. A wat nach méi schro ass: de Frigo ass eidel, am Stuffeschaf ass guer näischt méi an am Keller nach vill manner - an dobei knoutert mäi Grillebauch vun déckem Grillenhonger. O jee, hätt een dach nëmmen e Mënsch, deen engem e Stéckelche mat gëtt! Mä waart, d’Wibbeldewapps vis-à-vis, dat fläissegt Seechomëssekätti, dat ka mer hëllefen, dat huet jo de ganze Summer ewéi benzeg geschafft. |
ERZIELER |
D’Grill zitt sech eng gestréckte Mutz iwwert de Kapp, wéckelt sech en décke Schal ëm den Hals an esou trëppelt se iwwer bei d’Famill Wibbeldewapp. (Et bléist an hault nach – Schrëtt am Schnéi) |
GRILL |
Brrr, wéi äiseg! O, ech aremt Déierchesvéi ... (Et schellt un der Dier.) |
SEECHOMES |
(vu bannen) Ja, ween ass do? |
GRILL |
Mä ech. D’Florentine vu vis-à-vis. |
ALFRED |
(vu bannen) Wat? Esou spéit? So, kuck emol op d’Auer, Meedchen. |
GRILL |
Här Alfred, maacht mer wann ech gelift op. Et geet mir hondsmiserabel schro. (D’Dier geet op – dobanne gemittlech Atmosphär: Feier am Kamäin ...) |
SEECHOMES |
A wat ass dann nëmme passéiert, Madame Tirlititti? Hutt Der éieren d’Gripp erwëscht? |
GRILL |
O, nach vill méi fierchterlech uerg, mäi beschte Kätti. Et ass eng katastrophal Katastroph. Ech ... ech sichen a sichen, mä ... mä ech fannen doheem näischt méi fir z’iessen. |
ALFRED |
(ironesch) Wéi? Dir hutt näischt méi fir hannert d’Knäpp? |
GRILL |
Neen. Net déi Boun. An do wollt ech emol grad froe kommen --- Wësst Der, mir wore jo ëmmer gutt Noperen zesummen ... An dir sidd jo alle béid esou fein a léif an häerzensgutt Seechomësseleit ... an et wier jo och nëmme fir e butzege Mäifelche fir eng butzeg Grillchen --- |
ALFRED |
Jo, mä lauschtert emol, Nopesch, wat hutt Der dann de ganze Summer duerch gedriwwen? |
GRILL |
De Summer? Ech? Eh ... eh .... ma ech --- |
SEECHOMES |
Hutt Der dann net ewéi mir aner geschafft a fir de Wanter gesammelt, gekacht an ageluecht? |
GRILL |
Jo ... eh ... also .... |
SEECHOMES |
Dir hutt dach esou e groussege Späicher, an et gouf jo iwwerall esou gudde Weess a säftege Kléi an déck Blummen. |
GRILL |
Sécher ... schon ... mä ... mä --- |
ALFRED |
Mä d’Madämmchen huet sech léiwer ameséiert, gelu ... d’Madämmche gong mëttes Schokkelaskichelcher iessen an owes d’Bamba an d’Lambada danzen ... an duerno louch d’Madämmche mat deenen zwou anere Klaptuten a Spuenien sech an der Sonn de plakege Speck broden ze loossen. |
GRILL |
(ripostéiert) Also, Här Alfred, nu sot ower emol --- |
SEECHOMES |
Ah neen, Florentine, esou einfach geet et ower net: wann ee fir d'éischt de Lidderhanes spillt, da brauch een herno och net doruechter heeschen ze goen – soss wiere jo all déi aner, déi fläisseg schaffen, elauter Toperten. |
ALFRED |
Voilà. An do ass d’Dier, Madame --- Tirlititti. (D’Dier klaakt zou - et bléist an 't stiermt nees.) |
ERZIELER |
Pang! Déi ass zou, an d’Grill steet nees mat hirem eidele Bauch dobaussen op der Gaass, si huet näischt kritt. Vun elauter Schreck gesäit se d’Bei an de Kierwerlek emol net, déi deem ganze Spillchen nogekuckt haten. |
KIERWERLEK |
Tja, et heescht ebe schaffen, wann et gëllt ze schaffen, an net blouss Larrifari opzeféieren --- |
BEI |
--- well soss stees de herno mat dem Fanger am Mond do, ob s de eng Grill bass oder eng Seechomes --- |
KIERWERLEK |
--- eng Bei oder e Kierwerlek --- |
BEI |
--- oder esouguer nëmmen e Mënsch bei de richtege Leit ...
*****
|
3. DE LÉIW AN D'MAUS
Persounen: de Knabberspecks Flëpp
d’Kéiseschnëfflesch Josefinn, zwou Mais
Seng Kinneklech Majestéit Jupp I., de Léiw
den Af
d’Kaweechelchen
den Erzieler
ERZIELER |
Dëse Week-End marschéiere mer duerch déck an dënn – esou duechten eis zwou kleng Mais, de Knabberspecks Flëpp an d’Kéiseschnëfflesch Josefinn, a se hu sech mat dem Rucksak um Bockel op de Wee gemat. (Naturgeräischer) |
FLËPP |
Ah, Josefinn, dat elei wor eng flott Plaz fir ze picknicken. So, hei kënnte mer jo och eist Zelt fir hënt opriichten. |
JOSEFINN |
Ah jo – mä fir d'éischt klotere mer ower emol bis op dee Bierg do erop, fir déi aner Säit an d’Lach erofzekucken, net dass mer nach vun Indianer a Cowboyen iwwerfall ginn. |
FLËPP |
O, ech mengem, du lies ze vill Texas-Nuckes-Geschichten. |
ERZIELER |
Mat engem laange Seel strécke se sech uneneen, an da geet et lass, ewéi déi richteg Biergsteiger. Mä knapps sinn se uewen op der Kopp, hei fänkt de Bierg op eemol un ze wackelen a bannendran ze grommelen. (De Léiw grommelt a schnaarcht.) |
JOSEFINN |
Hee, a wat heescht dat do? |
FLËPP |
Kannergottes neen! Eise Bierg ass jo kee Bierg, mä 't ass e Léiw, deen am Schiet ze schlofe läit. |
JOSEFINN |
Waaat? Den Här Kinnek? |
FLËPP |
Jo. Hei kuck duerch meng Spektiv. Dohannen ass säi wujelege Kapp. |
JOSEFINN |
Tatsächlech. – O, wat si mir topeg Mais! Dass mer dat emol net vun do ënnen an Uecht geholl hunn. |
FLËPP |
An elo huerteg erof elei, soss huet et ower fir eis gelaut. |
ERZIELER |
Mä fir biergof rëtscht d’Josefinn e puermol aus, de Flëpp schléit och en etlechmol de Kopplabunz – jee, an dat këddelt de Léiw iwwerall, dass deen op eemol ophält mat schnaarchen an ufänkt ze erwächen. |
LÉIW |
(gaapst) Uaaahhh! |
FLËPP |
Dajee Josefinn, träntel net! |
JOSEFINN |
Ooo ... ech hu mer d’Bee verknackst. |
LÉIW |
Hë? Beim hellege Bommenzinnes! Zwou frech Mais dabberen op mengem Réck an op menge Been erëm – dann hunn ech also ower net gedreemt. Kommt, weist iech emol! |
FLËPP |
Autsch! |
LÉIW |
Hahaha, wéi laang hat ech schonn näischt méi esou eppes klenges Wibbleges a menge Patten? |
JOSEFINN |
Hee, du Bëlles! Net esou fest drécken! (De Léiw laacht fir sech.) |
FLËPP |
An elo rëselt en eis och nach doruechter ... Huu, ech si scho ganz dronken. |
LÉIW |
Mä wat geet iech zwee Brigangen dann un, fir mech op menger Mëttesrascht ze stéieren? |
JOSEFINN |
O, wann ech gelift, do eis näischt. Hien ass Knabberspecks Flëpp, an ech si Kéiseschnëfflesch Josefinn, a mir wollten eis blouss d’Géigend vun uewen ukucken. |
LÉIW |
Déi Géigend gëtt iech ower eng deier, well ... (gaapst) ... ech sinn nach esou midd ... an esou hongereg. |
FLËPP |
O mei, Josefinn, elo komme mer an d’Pan. |
LÉIW |
Du sees et. E puer gutt zaart Mauskotletten ... mmm, e Genoss! |
JOSEFINN |
O, beschte Kinnek, et deet eis jo esou leed --- |
FLËPP |
--- an Dir fannt dach bestëmmt nach aner gutt Mäifelcher, wou méi drun ass ewéi un eise Schanken. |
LÉIW |
Ah neen, an eisem Gesetz do steet: Ween de Kinnek erwächt, dee gëtt zum Doud verurteelt. - An eng Maus ass wierklech eng Delikatess. (Blieder raschelen.) |
ERZIELER |
An deem Abléck streckt d’Kaweechelchen d’Nues aus de Blieder a bei esou Gespréicher kann et nëmme fir sech de Kapp rëselen. |
KAWEECHEL. |
Äää pfui, schumm dech! |
LÉIW |
Tina, du? |
KAWEECHEL. |
So, fënns d’ et net e bësselchen uerg, fir engem wéinst dem Gesetz direkt de Pelz iwwert d’Oueren ze zéien? |
LÉIW |
Tina, e Kinnek brauch net all Gedéiesch op sech erëmdanzen ze loossen. |
KAWEECHEL. |
Jo, mä ass et dann net schappeg a feig vun dir, fir grad bei zwou klenge Maisercher de wëlle Mann ze spillen? |
LÉIW |
(knoutert fir sech) O ... also ... ech .... |
KAWEECHEL. |
Wann et de Bier oder de Wollef gewiescht wieren, dann häss de dech net getraut, gelu. |
LÉIW |
(idem) Jo ... eh ... hm ... |
KAWEECHEL. |
Jee, maach wéi s de wëlls, mä bedenk: elo bass de nach e grousse Kinnek, ower herno misst de dech fatzeg schummen. Äddi, Majestéit --- Mausfrësser! (Nees Bliedergeraschels) |
LÉIW |
Ah, et mierkt een direkt, dass hatt en Affekot ass. Wéi dat riede kann! Mä esou onrecht huet et jo och net ... neen, ech kënnt mech jo enéierens méi als Kinnek weisen. Allez hëpp, dir zwee, da sprangt alt vu mir aus! |
FLËPP |
Aaahhh ... endlech! Ee Gléck! |
JOSEFINN |
Brrr, elo wor mir mäin Mausenhäerz bal a meng Mausebox gerëtscht. |
FLËPP |
Dat doe léiert eis, iwwerall aus Virwëtz eropzeklammen. |
JOSEFINN |
Komm, Här Kinnek, du kriss och e Kuss vu mir. (Eng Bees klaakt.) |
FLËPP |
Jo, villmools Merci, Monseigneur Majestéit Exzellenz Jupp I. A wa mir dir eng Kéier hëllefe kënnen, da si mir um Dill. Op eng Maus kann ee sech ëmmer verloossen. |
LÉIW |
(laacht) Wéi? Dir zwee mir hëllefen? Hahaha, ech kréien eppes u mech! Hopp, kuckt, dass der iech aus dem Stëbs maacht. (Juegdmusek mat Juegdbléiser.) |
ERZIELER |
Lauschtert – eng Zäitchen drop wor Juegd an de Bëscher. An, trëllereg ewéi en ass, op eemol hong de Léiw an engem groussen Netz, dat d’Jeeër tëschent zwee Beem ausgeluecht haten. (De Léiw keimt a grommelt.) Mä e konnt zéien a rappen – neen, et wor alles fir d’Kaz, en huet sech ëmmer méi dra verwéckelt. (Juegdgeräischer: Schëss vu wäitem – Honn, déi billen etc.) |
AF |
Mon Dieu, Majestéit ... a grad Dir als Kinnek?! |
LÉIW |
O, Af Bimbo, ech froe mech blouss, wat se mat mer wëlles hunn. |
AF |
Sécher verkafen se Iech fir deiert Geld an en Zoo --- |
LÉIW |
Wat? Dass d’Leit mech photographéiere kënnen, wann ech de Männche maachen? |
AF |
--- oder villäicht an en Zirkus ... |
LÉIW |
O neen, merci, Bimbo, ower net mat mir. Allez, hëllef mer schonn hei aus deem verflixtenen Netz eraus. |
AF |
Jo ... mä wéi dann? |
LÉIW |
Dat muss du wëssen. Schliisslech bass de dach mäin Zaldot. |
AF |
Jo,jo, Majestéit, mä ech sinn och nëmmen e klengen Af ... ouni Muskelen ... |
LÉIW |
(rosen) Dee weider näischt kann ewéi topeg Grimassen ze schneiden! Ah, beim hellege Bommenzinnes, 't ass fir aus der Haut ze fueren! (De Léiw keimt a rappt um Netz.) |
AF |
Ëm Gotteswëllen, Här Kinnek, net struewelen! Op eemol hutt Der Iech nach dran erhaangen. |
ERZIELER |
Tja – a wat elo? Dee ganze Regierungsrot kënnt zesummen, aus-lännesch Detektiven a Wëssenschaftler ginn esouguer erbäigeruff --- mä neen, et ass Esseg! Si kréien de Léiw net eraus. An hei, wéi et owes däischter gëtt, geeschteren op eemol zwou Täscheluuchten an dem Gestraiss erëm. (Äscht kréckelen.) |
LÉIW |
Bimbo, Zaldot, se kommen. Huel mäi Reesbengel a fach op se! |
FLËPP |
Neen, net schloen! |
JOSEFINN |
Mir sinn et dach nëmmen. |
AF |
Majestéit, hei kuckt, de Knabberspeck an d’Kéiseschnëfflesch! - Hee, sot, a wat sicht dir zwee dann nach ëm dës Zäit elei? |
JOSEFINN |
Mä mir kommen dem Monseigneur Majestéit Exzellenz Jupp I. hëllefen. |
FLËPP |
Si hunn et nämlech beim Metzler erzielt. |
JOSEFINN |
An dat ass jo schrecklech, dat elo. |
LÉIW |
Ho, mir ass vu kengem méi ze hëllefen. A scho guer net vun esou Schnuddleren ewéi iech. |
FLËPP |
Jupp, da schwätz alt net ze fréi. – A lass, Josefinn, an d’Patte gespaut an un d’Aarbecht! |
ERZIELER |
An een, zwee, dräi gi se sech drun, fir mat hire schaarfen Zänn dem Léiw säin Netz duerchzebäissen. Sécher, e gutt Stéck Speck oder Kéis géif elo besser schmaachen, mä versprach ass ebe versprach. An hei, et dauert guer net laang, do huet de Kinnek scho seng viischt Patten heibaussen, a gläich drop kënnt de Rescht vun der Majestéit no. |
LÉIW |
(perplex) Neen ...! Beim hellege Bommenzinnes! |
AF |
(idem) Exzellenz, ech ka mech nëmme wonneren. |
LÉIW |
An dat alles ouni Handwierksgeschier. Einfach esou mat den Zänn. |
JOSEFINN |
Gesitt Der emol, wat esou Schnuddleren ower nach fäerdeg bréngen, wéi? (Blieder raschelen.) |
AF |
Ah, an do ass eisen Affekot jo och, d’Madame Tina Kaweechelchen. |
KAWEECHEL. |
Gesäis d’ emol, Majestéit, gutt, dass de mer gefollegt has. |
LÉIW |
(grommelt nees fir sech) Jo ... hm ... ech weess jo ... |
KAWEECHEL. |
Eng Maus ass zwar nëmmen eng Maus, mä behal der: déi Kleng an déi Gouereg brauche wuel dacks déi Grouss an déi Staark am Liewen, mä déi Grouss an déi Staark brauchen ower och heiansdo déi Kleng an déi Gouereg. |
AF |
An eis Regierung an all déi Wëssenschaftler kënne sech op jidde Fall propper schummen. |
LÉIW |
Jo, dir zwee Mausartisten, a wat sinn ech dann elo an ärer Schold? Wëss der wat, dir kommt grad ewéi den Af Bimbo bei mech op d’Schlass: d’Josefinn als Kächin an de Flëpp als Butler. |
JOSEFINN |
(perplex) Neeeen! |
FLËPP |
Beim hellege Bommenzinnes! |
ZESUMMEN |
Yupppiii !!!
***** |
4. DEN HUES AN DEN IGEL
Persounen: de Pipo Zickzack, den Hues
de Mecki Däreldéier, den Igel
d’Madame Igel
d’Kaz
de Schleek
de Fräsch
de Spatz
de Maulwuerf
den Erzieler
(als Theaterstéck - 2020)
ERZIELER |
Se souzen eemol owes nach an der Wiertschaft beieneen, d’Kaze-Julli an de Schleeke-Jak – an hei, ech weess och net wéi, op eemol koum d’Ried op de Pipo Zickzack, deen agebiltenen Hues aus dem Dännebësch. (Wiertschaftsatmosphär: Leitsgespréich duercherneen ...) |
SCHLEEK |
De Pipo? Neen, erziel mer nëmmen näischt vun deem Bretzhari. |
KAZ |
Miauuu … Ah jo, säitdeem dass hien op der Olympiade eng Goldmedail am Lafe krut, mécht hien de Geck an den Uz mat Jänni a Männi. |
SCHLEEK |
Mä wann e säin Haus ewéi mir Schleeken iwwerall um Réck matschleefe misst, da wier en och net esou viv op de Been. Gleef mer et. |
KAZ |
Eben, miauuu ... |
SCHLEEK |
An duerfir brauch e mech dann och net ëmmer auszelaachen. Hei, stell der nëmme vir, d’lescht Joer op der Schueberfouer huet en op eemol Kreesch gedoen: „O, de Wuerm an de Schleek dohannen! Op d’Säit, op d’Säit, soss hunn déi zwee iech am Sprint ëmgerannt!“ |
KAZ |
Schrecklech, esou en Huesevéi! |
SCHLEEK |
A wat mengs de, wat et dunn e Furri gouf! Den Heesprénger hat nach daags- drop den Hick vu Laachen. |
KAZ |
Miauuu ... Also, ech géif mer scho mäi Kazeschnurres vu Freed ewech raséiere loossen, wann een deem ale Bretzert emol eng ferrem spille géif. |
ERZIELER |
An hei, eemol sonndes, wéi den Här Zickzack am Zylinder an am schwaarzen Huesekostüm an d’Houmass trëppelt, du sëtzt den Igel virun der Hausdier seng Päif ze fëmmen an d’Zeitung ze liesen. (D’Klacke lauden.) |
HUES |
Hei elei, de Mecki! A wéi hu mer et dann, Monsieur Däreldéier? |
IGEL |
O, wéi et deenen aarme Leit alt esou geet. |
HUES |
An du sëtz hei op der Gaass? - Ah, wann ech de Bockel esou voller Stachelen hätt ewéi s du, da géif ech mech net bei de Leit weisen. Grujeleg! |
IGEL |
O Pipo, ech hunn ower scho muencher engem d’Schnuff ganz houfreg dermat zerpickt, wann e mech als Dessert opfriesse wollt. |
HUES |
Jo, jo. Well lafe kanns de jo net, gelu ... mat denge kuerzen, kromme Been geet et blouss duer, fir doruechter ze wackelen. |
IGEL |
(rosen) Wat gelift? |
HUES |
Du käichs ewéi eng al Dampmaschinn, mä du kënns net vun der Plaz. |
IGEL |
Ah neen, Männchen, ech loossen ower net de Spunnes mat mir maachen. So, du bilts dir sécher an, besser lafen ze kënnen, wéi? |
HUES |
Ei, mä dat wëll ech mengen! Schliisslech hunn ech jo de Weltrekord. |
IGEL |
Ah, ech leeë mäi Schniewel derfir an d’Feier, dass ech dech bei enger Course nach iwwerhuele géif. |
HUES |
Waaat? Du mat denge kromme Been? |
IGEL |
Mir kënnten et jo emol probéieren. |
HUES |
Ha - verréckt! En Igel wëllt mat engem Hues eng Course maachen ... |
IGEL |
Trauts de dech éieren net? |
HUES |
Ei dach! Ech wëll. Wann et der Spaass mécht. |
IGEL |
Also ofgemat, Pipo Zickzack. Mir lafen. (Fläsche rabbelen.) Hei, et geet ëm eng Fläsch Branntewäin. |
HUES |
An ech leeën eng ganz Strëmp voller Daleren drop. (Geldstécker rabbelen.) |
IGEL |
Okay. D’Wett, déi gëllt. No der Mëttesrascht am Struppesbauer sengem Gromperestéck. |
HUES |
An der Rei, Mecki. An trainéier alt nach gutt ëm de Stuffendësch ... hahaha, ech kënnt mer eng Boss laachen. |
ERZIELER |
Mä och de Mecki Däreldéier schmuunzt fir sech an dabbert bei seng Igelfra an d’Kichen, well en huet sech eng raffinéiert ausgeduecht. (An der Kichen: Dëppen, Telleren asw. rabbelen.) |
IGEL |
Lisi, de Mëtteg spulls de e wéineg méi séier an da fiers de mat mir um Motorrad op d’Feld eraus, well ëm dräi Auer lafen ech mat dem Zickzackspipo ëm d’Wett. |
IGELFRA |
Hë? Du? Mat dem Hues? Jëses, Mecki, hu se dech? |
IGEL |
Da lauschter emol: mir lafen an dem Struppes sengem Gromperestéck; du, du dees mäin Hiem a meng Schaffbox un -- |
IGELFRA |
Waaat? Déi al mat de Bretellen? |
IGEL |
Mä 't gesäit jo keen dech. Du verstopps dech hannen um Enn an de Gromperestäck, a wann de Pipo gelaf kënnt, da krabbels d’ eraus a riffs: „Ha, ech si scho laang hei!“ |
IGELFRA |
Ah sou ... jo ... an du mengs, dee géif näischt an Uecht huelen? |
IGEL |
Gewëss! Deen ass da vill ze vill verwonnert a rosen, e mécht eenzock d’Kéier a jauft erëm zréck --- |
IGELFRA |
--- an do stees du da schonn nees wénken: Ech si scho laang hei! |
IGEL |
Genau. Esou geet dat hin an hier. Kucks d’ emol, dee gëtt geckeg. |
IGELFRA |
Ah Mecki, du bass einfach immens! ('t gëtt eng Nummer um Telefon gedréint.) Waart, ech telefonéieren all deenen aneren aus dem Keeleclub. Dat doen, dat gëtt décke Gas. |
ERZIELER |
Ah, dat doe gëtt wierklech Knuppefreed! An direkt nom Sonndesbrot kraucht de Schleek der Kaz op de Réck, a si zwee dorower bei dem Fräsch seng Baach. (Naturgeräischer – eng Baach plätschtert.) |
SCHLEEK |
Hei, do sëtze si jo och, de Spatz an de Quakert. |
FRÄSCH |
Ah, dat doen deet mer gutt bis an déi kleng Fräschenzéif, dass deen agebiltenen Zickzack eemol un der Nues erëmgefouert gëtt. |
KAZ |
So Spatz, du hues däi Photoapparat jo net vergiess? Miauuu ... |
SPATZ |
Keng Angscht. A muer ass de grousse Reportage vir op der éischter Säit an der Zeitung. (Um Kierchtuerm schléit et vu wäitem dräi Auer.) |
SCHLEEK |
Pscht – kuck, dohannen déi zwee. (Déi véier laache fir sech.) |
ERZIELER |
A punkt dräi Auer stréckt den Huesepipo seng Turnschlappen, den Igelmecki pëtzt senge Kolleegen en Aan zou, an de Maulwuerf gëtt den Départ uewen op sengem Maulëpskoup. |
MAULWUERF |
Si mer? Alles paletti? – Een, zwee dräi – lass!!! (Revolverschoss – Getroters – Gebläers – Gepäifs ... KAZ, FRÄSCH, SCHLEEK, MAULWUERF duercherneen: - Allez Mecki, gëff ëm es! - Séier! - Dréck an d’Pedallen! - Power, Power! - Weis him et! - Du wäers dach deen Ouschterhues do packen! ) |
ERZIELER |
Nach véier Meter, dräi Meter, zwee Meter --- an, o jeminee, dat sauert Gesiicht vum Här Pipo misst der gesinn, wéi d’Däreldéiesch Lisi op der Arrivée hannert de Grompereblieder erausluusst. |
IGELFRA |
Hihihi ... ech si scho laang hei! (Alles jäizt: Bravo! Bravo! – alles klappt an d’Hänn.) |
HUES |
Waaat? Du bass schonn hei, Mecki? Mä ... mä dat ass dach ... dat ass dach net hueseméiglech! Du mat denge kromme Been?! (Alles laacht a päift.) O neen! Dat léisst de Pipo Zickzack sech ower net gefalen. Komm, komm, mir lafen nees zréck, an da wäers d’ emol gesinn. Un, deux, trois – a fort mam Jabel! (Nees Getroters – Gejäiz asw. ... KAZ, FRÄSCH, SCHLEEK, MAULWUERF nees duercherneen: - Huiii Zickzack, schumm dech! - An duerfir dees du d’kuerz Box un? - Ech kréien Laachkrämpchen. - Pak an, Pipo! - Géi dach heem! Dann am Chouer: Mecki! Mecki! Mecki! ... ) |
ERZIELER |
An de Pipo jauft nees wéi eng Rakéit duerch d’Gromperestéck erop, dass dem Fräscheklos vum Loftzuch esouguer de Stréienhutt vum Kapp flitt. A wéi e beim Maulwuerf ukënnt, du steet de Mecki gemittlech mat enger Fläsch Béier do ze laachen. (Nees iwwerall Gejäiz a Getuuts) |
IGEL |
Prost! Hei sinn ech schonn nees. |
HUES |
(ausser Otem) Wéi? Däreldéier ... du? |
IGEL |
Ech mengen, du träntels ënnerwee. An da bass de och nach ausser Otem ... Hahaha, schumm dech, du Schlappschwanz! |
HUES |
Jéngi, pass op, wat s de sees. Ech wor op der Olympiade – kuck meng Goldmedail! – an du, du bass nëmmen en aarmséilegen Igel. |
IGEL |
Mä bis elo schon zweemol Champion. |
HUES |
Ower net méi laang. Komm, gëff mer e Schotz aus denger Fläsch, an da rappe mer nach eng Kéier un. |
IGEL |
Mäi Gott ... mengetweegen. Esou dacks wéi s de Loscht hues. |
HUES |
Maulwuerf – den drëtten Départ! |
MAULWUERF |
Messieurs, à vos marques. Okay? Een, zwee, dräi – lass!!! (Revolverschoss – Gepäifs – Getroters ...) |
ERZIELER |
Esou leeft den Hues nach 78 mol beim Struppes op an of – de Fräsch, de Spatz an all déi aner gerode bal aus dem Hais-chen, well all Kéier, wann en ukënnt, da rifft de Mecki oder seng Fra: |
IGELFRA |
Haha, Mister Pipo – hei sinn ech erëm! |
ERZIELER |
Ower bei deem 79. Tuer geet den Zickzack op eemol an d’Getten, e fält de laange Wee tëschent d’Gromperen, an et dauert 13 Deeg, bis en nees op de Been ass. |
IGEL |
(päift a rifft) Lisi, komm erop! D’Wett ass gewonnen --- (Geldstécker rabbelen.) --- an d’Dalere si fir eis. |
KAZ |
Ah Mecki, dat wor déi Iddi. |
SPATZ |
Dee krut et elo emol richteg gewisen, deen agebiltenen Dabo. |
FRÄSCH |
Kommt, an elo maache mer eng gutt Fläsch Schampes op. (E Schampesstopp klaakt – 't gëtt erausgeschott.) |
SCHLEEK |
Ja,ja, esou geet et, wann ee sech éiweg bretzt an de Geck mat deenen anere mécht. |
IGELFRA |
An et wäert esoubal keen Hues sech méi trauen mat engem Igel ëm d’Wett ze lafen. |
MAULWUERF |
Allez, prost op den Däreldéiesch Mecki a säi Lisi!! ('t gëtt mat e puer Glieser ugestousst – duercherneen Prost! Prost! Gesondheet!)
*****
|