Persounen: den Detektiv Batti Schnoffelnues
den Isidor, säi Gesell
d’Francise de la Moulinière, Madame an der Villa „PICASSO“
de Butler Augustin
d’Kummermeedchen Babsie
d’Peggy Hollywood, eng Fimschauspillerin
den Abbes Eilebecker
d’Louise Eilebecker
de Fred
d’Linda
den Erzieler
ERZIELER |
„ARTHUR EMIL BATTI SCHNOFFELNUES" – esou steet et a grousse Buschtawen op senger Dier, an esouguer am Telefonsbuch nach derbei: „Dee beschten Detektiv vun der Welt“, eppes wat bal guer net gelunn ass, wann ee bedenkt, dass e schonn emol e Papagei erëmfonnt huet, deen der Prinzessin vun Honolulu geklaut gouf. An haut den Owend sëtzt en a sengem Bistro bei engem Pättche Wäin an do kritt en op eemol vum Dësch niewendrun e ganz drolegt Gespréich mat. (Am Bistro: Leit schwätzen duercherneen.) |
FRED |
(am Pëspertoun) Wat, Linda? 25 Milliounen ass esou eppes wäert? |
LINDA |
(idem) Ah jo. De Wuppa brauch nëmmen där Aler hire Safe opzebriechen a schonns huet hie se am Paltong. |
FRED |
Neen, der Däiwel! Eng „Rout Mauritius“ fir 25 Milliounen! |
LINDA |
Wann net nach méi, Fred. Huel Gëft drop. |
ERZIELER |
Déi „Rout Mauritius“! Dem Batti Schnoffelnues leeft et kal de Réck eran. Dat ass jo bal deen deiersten Timber, säitdeem et iwwerhaapt Timbere ginn. Se ass scho méi ewéi 150 Joer al, op der ganzer Welt ginn et där nëmme méi 12 Stéck, an ee vun deene wëllen se elo klauen. (Nach ëmmer am Bistro) |
FRED |
(am Pëspertoun) A wou sees de, Linda? An der Villa „PICASSO“? |
LINDA |
(idem) Jo. D’Lady Francise de la Moulinière gëtt nees eng Party, an do soll och dat Peggy Hollywood opkräizen. |
FRED |
D’Peggy Hollywood? Ass dat déi Filmschauspillerin aus dem neien James-Bond-Film? Schwaarzgekrauselt a geschminkt ewéi de Winnetou? |
LINDA |
C’est ça, Fredi. Et kënnt um 9.50 Auer mat dem Fliger vu London, wou et déi „Rout Mauritius“ vun engem Mexikaner ofkaf huet. 't weess keen eppes dervun. Ausser eisem Boss natierlech. |
FRED |
O, de Wuppa kritt déi Affär bestëmmt scho geschosselt, soss friessen ech e Biesem. |
ERZIELER |
A wat jickt de Pätter! De Batti Schnoffelnues kennt zwar weder de Boss nach de Wuppa, mä duerfir e sëllechen Tricken. An deen anere Muere steet hie frësch raséiert um Findel ze waarden. |
|
(Am Hall vum Flughafen - matten an de Leit) (GONG - Stëmm aus dem Hautparleur: Den Avion London-Lëtzebuerg ass op Pist 6 gelant. D’Passagéier vum Flug LX 355 kommen duerch d’Sortie 4. Merci.) |
BATTI |
(fir sech) Aha, da waart. Schwaarzgekrauselt a geschminkt ewéi de Winnetou. (op eemol) Hei, dohannen. Dat ass et. Da lass, Batti Schnoffelnues! Eehh ... entschëllegt ... pardon ... Dir do, sidd Dir d’Joffer Hollywood? |
PEGGY |
Jo. Peggy Hollywood. A mat weem hunn ech d’Éier? |
BATTI |
Ech? Ah ... ma ... ech ... eh ... ech sinn de Chauffeur. |
PEGGY |
Vun der Madame de la Moulinière? |
BATTI |
Geroden. 1-0! An ... ech ... ech soll Iech dohi féieren. |
PEGGY |
An d’Villa „PICASSO“? |
BATTI |
Pang! A schonn nees geroden. 2-0! |
ERZIELER |
Tja, e gudden Detektiv muss och e ganz bësselche schwindele kënnen. An hei geet et dem Batti Schnoffelnues net nëmmen drëm, fir dem Peggy Hollywood seng „Rout Mauritius“ am Aan ze behalen, mä och fir an der Villa „PICASSO“ erëmzeschnoffelen an dee Gauner Wuppa mat Handschellen ze décoréieren. (Am Auto duerch den décke Verkéier) |
BATTI |
O, wat e Verkéier am Verkéier! (Bremse quiitschen.) Hee, lues mat denger Schrottmillen, du Raudi do! (Autogetuuts) |
PEGGY |
A ratsch duerch rout. Also erlaabt, mä fir e Chauffeur fuert Der ower wierk-lech miserabel. |
BATTI |
Bon, also fir Iech d’Wouerecht ze soen, ech ... ech si grad esou wéineg e Chauffeur ewéi Dir d’Maus Kätti. |
PEGGY |
Pardon? Kee Chauffeur? Mä ... mä a wee sidd Der dann? |
BATTI |
Eh ... ech ... ech sinn en ... en Artist. |
PEGGY |
Puh, wat eng faul! |
BATTI |
Dach. Wann ech net grad molen, da schreiwen ech Gespensterromaner a wann ech net schreiwen, da spillen ech um Piano de „Vullendanz“. |
PEGGY |
En drolegen Artist ... A firwat kommt Der da grad mech op de Flughafen ofhuelen? |
BATTI |
Mä ... mä ech wollt schonn ëmmer emol e Week-End an der Villa „PICASSO“ Vakanz maachen, fir e Portrait vun der Madame de la Moulinière ze molen, mä hire Butler, deen hätt mech jo ni eragelooss. Esou wéi ech ausgesinn. Neen, da kommen ech léiwer mat Iech. |
PEGGY |
Mat mir? |
BATTI |
Jo. Wa mer elo auspaken, da sot Der einfach zur Madamm, ech wier Ären ... Äre private Sekretär. |
PEGGY |
Hë? Geet et mat Iech? |
BATTI |
Ei, a frot net wéi. Well ech mengen, do kënnt d’Madamm mech dann net dobaussen am Reen stoe loossen, oder? |
PEGGY |
Also, Dir sidd mer villäicht Är Sue wäert! D’Peggy Hollywood huet e Privat-sekretär. Super. – Mä mäi Gott, wat mécht een net alles fir en aarme Moler? - An der Rei. Okay, ech wëll. An, wéi wor Ären Numm scho méi ? |
BATTI |
Mäin? Ah jo ... mä ... eh ... Bullowsky. Vladimir Bullowsky.
*****
|
ERZIELER |
Et huet geklappt. De Batti Schnoffelnues krut säin Zëmmerche mat Balcon an der Villa „PICASSO“, ouni dass iergendee vun den Herrschaften iwwerhaapt gemierkt hätt, dass hien de Batti Schnoffelnues ass. An owes sëtzen se mat der Madamm beim Apéritif: hien als Vladimir Bullowsky, d’Peggy Hollywood an nach zwee aner Droleger: d’Louise Eilbecker, eng Operesängerin, an hiren Abbes Eilebecker, e groussen Erfinder, deen ower bis haut nach ni eppes erfonnt huet. (Gemittlech Ambiance am Salon: e Feier am Kamäin – am Hannergrond eng douce Musek) |
PEGGY |
Ah, wéi laang hunn ech mech drop gefreet, fir Är Bekanntschaft ze maachen, Madame de la Moulinière --- |
MOULINIÈRE |
--- an ech hunn ëmmer gären Invitéë bei mer, vun deenen se op der ganzer Welt schwätzen - a wee kennt do d’Peggy Hollywood schonn net? (zimlech queesch) Allez Babsie, nu stéi net do an hëllef léiwer dem Butler Augustin de Schampes servéieren. (Glieser rabbelen – iwwerdeems:) |
BUTLER |
Madame Eilebecker, wann ech gelift ... Här Bullowsky ... Joffer Hollywood, please ... |
MOULINIÈRE |
Merci. Augustin. Merci fir den Service. – Voilà, Dir kënnt eis dann elo eleng loossen. |
BUTLER |
Wéi d’Madamm ordonnéiert. Ech maache mech dënn. |
MOULINIÈRE |
An du och, Babsie. |
BABSIE |
O mei ... a grad elo, wou et esou interessant gouf. (Eng Dier gëtt zougeklaakt.) |
MOULINIÈRE |
Wësst der, d’Babsie ass Kächin a Kummermeedchen an enger Persoun an duerfir virwëtzeg fir hirer dräi. |
PEGGY |
Sot Här Eilebecker, an Dir sidd e Genie, hunn ech héieren. Erzielt emol, wellech phantastesch Erfindungen hutt Der da schonns gemat? |
ABBES |
O, den James Watt huet d’Dampmaschinn erfonnt, de Gottlieb Daimler den Autosmotor - jee, mäi Gott, an ech wäert jo och eng Kéier un den Tuer kommen. |
MOULINIÈRE |
Ah sou? Dir sidd nach ëmmer blouss am Gaang ze iwwerleeën? |
LOUISE |
Jo, an domat kënnt en ni wäit, well ech en ëmmer mat mengem Sange stéieren, seet en. |
ABBES |
Mat dengem Sangen? Du dees Kreesch duerch d’Haus, dass esou guer de Kueder de Schwanz bäizitt. |
LOUISE |
Dat si keng Kreesch, dat ass klassesch Musek aus groussen Operen ewéi „Rigoletto“, „Traviata“ oder d’"Houchzäit vum Figaro“. (séngt e puer Täkt aus enger Oper) |
PEGGY |
Ah immens, wann een esou interessant Leit rondëm sech huet. – Sot, an dann erwaart Der jo och nach en anere berühmten Invité, Madamm ? |
MOULINIÈRE |
Jo. De Pierrot Laplume. Ech hunn en zwar nach ni gesinn, mä scho vill vun him a Bicher gelies. Leider kann en eréischt iwwermuer bei eis kommen, de Moment sëtzt en nämlech nach a Marokko. |
LOUISE |
Sécher mécht e Vakanz, de Monsieur? |
MOULINIÈRE |
O neen. Esou ewéi fréier den englesche Philéas Fogg an 80 Deeg ëm d’Welt gereest ass, esou huet de Pierrot Laplume och mat sengem Segelboot all Mier an all Ozean op eisem Globus geklappt, vu Jamaica bis an Norwegen a vu Kalifornien bis an Australien. |
BABSIE |
(platzt op eemol mat Laachen eraus) Bei d’Känguruen? Schassmätsch! |
MOULINIÈRE |
Babsie, du? A wou hues de dech dann elo nees verstoppt? |
BATTI |
Hei, do steet et. Hannert der Fënsterrido. |
MOULINIÈRE |
Ah, mon Dieu! Du solls deng Nues dach net an alles strecken. |
ERZIELER |
E virwëtzegt Kummermeedchen, e langweilege Butler, zwee droleg Eilebeckeren an eng räich Lady Hollywood mat der „Rouder Mauritius“! A wat ass en nëmmen hei erageroden, de Batti Schnoffel-nues?! A gläich no dem Dîner schläicht en heemlech op d’Zëmmer, fir sengem Gesell, dem Isidor, ze telefonéieren. (De Schnoffelnues um Telefon, schwätzt ganz lues – den Isidor ass um aneren Enn vun der Leitung. Et tut e puermol, dann:) |
ISIDOR |
(gaapst) Ja? |
BATTI |
Isidor, ech sinn et. |
ISIDOR |
Patron, du? So, kuck emol op de Wecker. Et ass matten an der Nuecht. |
BATTI |
Hal elo keng Rieden, Isidor, mä léiwer däi Mond a lauschter, wou ech sëtzen, nämlech an der Villa „PICASSO“ bei der Herrschaft de la Moulinière. |
ISIDOR |
Hä? Wou bass de? Da schwätz dach méi haart. |
BATTI |
Ech kann net. - Waart emol een Abléck. Ech stoussen d’Dier op. Dobaussen héieren ech schonn erëm ee rumoueren. (D’Dier gëtt opgestouss.) Neen. Ower näischt. (D’Dier geet nees zou.) Komesch. Isidor, do hätt ech geschwuer, et géif ee bei der Dier lauschteren. |
ISIDOR |
Mä bass de dann ënnert d’Raiber gefall, Patron? |
BATTI |
Neen, mä ënnert elauter steeräich a berühmte Leit. An engem vun deenen – dem Peggy Hollywood – soll en alen Timber geklaut ginn, esou eng Mauritius. |
ISIDOR |
Waat? Déi Blo? |
BATTI |
Neen. Déi Rout. Déi ass nach méi wäert. 25 bis 30 Milliounen. |
ISIDOR |
Waaat? Vrecks de net, mäi Mippchen! – Okay, Patron, ech hu verstanen. An enger hallwer Stonn sinn ech bei der. |
BATTI |
Neen. Du kräiz eréischt muer viru Mëtteg hei op, an zwar – notéier der et – mat Spektiv, Aangel an Taucherkostüm. |
ISIDOR |
Hee, so, hu se dech? |
BATTI |
De Pierrot Laplume ass nämlech op allen Ozeane vun der Welt gesegelt. |
ISIDOR |
Jo ... vu mir aus. Mä wat hunn ech mat esou engem Schëffskapitän ze doen? |
BATTI |
Mä du bass de Pierrot Laplume. |
ISIDOR |
Ah sou … (op eemol erféiert:) Hë? |
BATTI |
Iergendwéi muss de jo hei erakommen. Si erwaarden en zwar eréischt an en etlech Deeg, mä da koums de eben éischter, sees de. |
ISIDOR |
O neen! Muss ech elo och nach an der Schwammbox doruechter lafen ... Allez Patron, da schwamm nach gutt --- eh, schlof nach gutt. |
BATTI |
Hee, nach eppes. |
ISIDOR |
Wat dann, Chef? |
BATTI |
Ech lafen hei net als Detektiv Batti Schnoffelnues erëm, mä als dem Peggy Hollywood säi Privatsekretär Vladimir Bullowsky. Verhal der dat. |
ISIDOR |
Hë? Knadimir Schmullowsky? Deen ass mëll ewéi e Pangech! (En hänkt an – et tut nees.) |
ERZIELER |
D’Peggy Hollywood huet natierlech kengem e Pippcheswiertche vu senger „Rouder Mauritius“ gespëspert, an ower ass villes ganz vill komesch an der Villa „PICASSO“ – dat virwëtzegt Babsie an de Butler kënnen deen Dag duerno nëmmen de Kapp rëselen. (An der Kichen – hei an do gëtt getesselt a geraumt.) |
BABSIE |
O neen, Augustin, wat eng Gesellschaft! |
BUTLER |
Du sees et, Kand. |
BABSIE |
Huel blouss dee Litti, deen d’Peggy Hollywood als Sekretär mat erëmschleeft, dee Bulli --- Bulli --- |
BUTLER |
Bullowsky. |
BABSIE |
C’est ça. Ech mengen, deen huet e Rëss an der Schierbel, well en huet hënt a sengem Zëmmer mat sech selwer geschwat. |
BUTLER |
Neen! |
BABSIE |
Dach, Butler. Mä leider hunn ech kee Wuert vu sengem Gegrommels verstanen. An op en Hoer hat e mer nach d’Dier op d’Nues geknuppt. |
BUTLER |
Verréckt! – So, an dann ass jo elo och dee Pierrot Laplume agelaf, vun deem d’Madamm ëmmer esou vill erzielt. |
BABSIE |
Hu, eng richteg Schéissbudefigur! |
BUTLER |
E leeft un engem Stéck mat der Aangel duerch d’Haus – pass nëmmen op, Babsie, dass en net op eemol de Goldfësch aus dem Aquarium gefëscht huet. – Hei kuck, dohannen trëppelen se elo am Park zesummen. |
BABSIE |
Ah jo, déi zwee Klautercher passe gutt beieneen. (Dobaussen am Park: Naturgeräischer asw.) |
ISIDOR |
O, Batti Schnoffelnues, elo sëtzen ech hei als Schëffskapitän an dobei ginn ech schonn an der Buedbidde séikrank. |
BATTI |
Isidor, pscht! Wann een dech héiert. |
ISIDOR |
Keng Angscht, Patron. Hei an den Hecke si mer fir eis eleng. |
BATTI |
Also ech traue kengem méi an dësem Haus. An am mannsten deem Ge-Eilebeckesch, well wann hiren Abbes en Erfinder ass, da sinn ech d’Schneewittchen. |
ISIDOR |
Jo, Chef. En Erfinder gesäit ganz anescht aus. Ech weess zwar och net richteg wéi, mä villäicht wéi den Daniel Düsentrieb. (D’Hausdier geet op.) |
BATTI |
Pscht! Hei vir kënnt een. |
ISIDOR |
An esouguer mat der Walliss?! |
MOULINIÈRE |
An Dir verloosst eis schonn, Här Eilebecker? |
ABBES |
Ma jo, Madamm. Ech muss e puer Deeg op Monaco. Do gouf endlech dee Stabilihyperpolylogographoskop erfonnt. |
ISIDOR |
Wéi? Logopolyschwabbili --- |
BATTI |
Gëtt et net. Alles erstonk an erlunn. |
ISIDOR |
't ass och Wurscht. D’Haaptsaach, e fiert fort. (Eng Autosdier klaakt zou – den Auto fiert fort – iwwerdeems:) |
BATTI |
Mä seng Fra bleift. An déi kënnt mer nach méi komesch vir. |
ISIDOR |
Déi Operesängerin? |
BATTI |
Eben. Mä gleef net drun. |
ISIDOR |
Wéisou? |
BATTI |
Si hätt schonn 268 mol dem Beethoven seng „Zauberflöte“ gesongen, huet se sech gebretzt. |
ISIDOR |
Ja, an? Bass de éieren neidesch? |
BATTI |
Neen, Isidor, mä pass op: d’“Zauberflöte“ ass keng Oper vum Beethoven, mä vum Mozart – do! Also, wann s de mech frees, dann ass d’Tatta Louise och keng Operesängerin. |
ISIDOR |
Chef, du bass turbogenial. |
BATTI |
Jo sécher, dat weess ech scho laang. – Mä hätte mer elo nach gutt dee schroe Mister Wuppa!
*****
|
ERZIELER |
Ausser dass den Eilebecker also op Monaco gefuer ass, wor de ganzen Nomëtteg net vill lass an der Villa. Mä hei, wéi d’Madame de la Moulinière owes nom Iessen eng Rëtsch Diae vun hire grousse Weltreese weist --- MOULINIÈRE: ... Pyramiden an Ägypten ... ALLES: Ooo! MOULINIÈRE: ... d’Chineesesch Mauer ... ALLES: Ooo! --- du geet op eemol um éischte Stack eng Fënster a Schierbelen --- (Glas zerbrécht.) --- Diere klaken --- (Et klaakt hei an do.) --- d’Babsie léisst vu Schreck déi ganz Spull falen --- (Telleren, Tasen asw. falen op de Buedem an zerbriechen.) --- a leeft eenzock aus der Kichen ewéi geckeg duerch d’Haus. (Am Hall: d’Stëmme schalen e wéineg.) |
BABSIE |
(jäizt, ausser Otem:) Uaaahhh, Madamm! Kommt huerteg! |
BUTLER |
(séileroueg) Babsie, mon Dieu ... |
BABSIE |
Augustin, du? Dech hat ech elo am Däischteren emol guer net gesinn. |
BUTLER |
A wat der Jomer ass dann nëmme lass? |
BABSIE |
Mä ... mä ... e Raiber ... |
BUTLER |
Gewëss. Du lies ze vill Krimien, Babsie. |
BABSIE |
Maach net de Geck. Ech hunn et dach héiere rabbelen. An elo sëtzt e bestëmmt iergendzwousch. O Butler, ech fäerten. Mä waart, ech huelen däi Gewier hei aus dem Schaf --- ('t gëtt a Saachen erëmgewullt.) --- an da gi mer op Zéiwespëtze kucken. Du gees ower vir. |
BUTLER |
Hee, pass op, Meedchen, dat Déngen ass gelueden. (E Schoss geet lass – d’Babsie deet e Kreesch.) Do gesäis de, dommt Stéck. |
ERZIELER |
A bei esou engem Klakert ass natierlech gläich dat ganzt Haus op de Been. Alles stiermt d’Trap op a bëselt duerch d’Zëmmeren. An hei, beim Peggy Hollywood – o Schreck! do ass d’Fënster a Schierbelen, d’Balconsdier steet grouss op, mä keng lieweg Séil wäit a breet. (Am Zëmmer vum Peggy: eng Auer téckt.) |
LOUISE |
Dann hat dat Klengt jo ower d’Männercher net gesinn. |
BATTI |
Hei kuckt, do gouf um Tableau gewackelt. En hänkt schif. |
MOULINIÈRE |
Tatsächlech. An de Safe derhannert ass opgebrach. |
PEGGY |
Mon Dieu, Madame Francise, sot dat net. Weist emol hier. ('t gëtt dra gewullt – iwwerdeems:) |
LOUISE |
E Safe? Hannert dem Bild? |
PEGGY |
(ausser sech) Neen! Härgott, ech si ruinéiert. Si ass fort. |
BABSIE |
Ween? |
BUTLER |
Wat? |
PEGGY |
Mä meng „Rout Mauritius“. (ALLES DUERCHERNEEN: - Ooo! - Neen! - Déi „Rout Mauritius“? - Dir, Joffer Peggy? – Hei am Haus? - Ëmmerhin 30 Milliounen ... - E Skandal! ) |
BATTI |
A lass, him no! |
BUTLER |
Wat hutt Der wëlles, Vladimir Bullowsky? |
BATTI |
Mä dee Strulles mam Schlawittchen huelen, Augustin. Iwwerlee, e sëtzt ganz bestëmmt nach do ënnen am Gestraiss, soss wieren är Honn him schonn ewéi wëll nogelaf. |
MOULINIÈRE |
O, wann dat alt riicht ausgeet ... |
BATTI |
Keng Angscht, Madamm. – Allezhopp, Kapitän Laplume. Dir hutt jo och eppes anescht an den Äerm ewéi wäisse Kéis. Ech schläiche riets ëm d’Haus, Dir kommt vu lénks --- |
BABSIE |
--- an da muss dee Kärel schonn engem vun iech zwee an d’Gräpp geroden. |
MOULINIÈRE |
Genee. |
ISIDOR |
Jo, jo, ech paken eng Hand mat un. Mä d’Madamm stréckt ower den Hektor an den Tasso fest, net dass déi eis nach als Dessert an den Hënner bäissen, gelu Patron --- eh, Här Schmullowsky .... |
ERZIELER |
Op Zéiwespëtze geeschteren déi zwee elo dobaussen duerch de Park. An hei, op eemol --- (D’Honn billen ewéi verréckt – zwee Mann zerklappe sech.) Aha, do ass eppes lass. Se hunn en. – Ou jee, wat dat flätscht! Sot, dee wäert seng Schanke jo alt nach zesumme fannen. Mä hei, gläich drop steet de Batti Schnoffelnues nees an der Dier. (Nees beim Peggy am Zëmmer: d'Auer téckt.) |
PEGGY |
Mon Dieu, Vladimir, a wéi gesitt Dir aus? |
BABSIE |
Neen, d’Hiem zerrass ... d’Nues bluddeg ... |
MOULINIÈRE |
Schrecklech. |
BUTLER |
Mä ze pake krut Der en awer net, oder? |
BARTTI |
Gewëss. Hie knuppt dran, ech knuppen dran, an op eemol wor en an der Däischtert verschwonnen. (D’Dier geet op.) |
LOUISE |
An do kënnt den Här Laplume jo och. |
MOULINIÈRE |
O jee, Bëlzen op der Stir ... e blot Aa ... |
ISIDOR |
... an zwee Zänn huet e mer ageschloen, dee Rambo. |
BATTI |
Wéi? Hat Dir och eng Kläpperei mat him? |
ISIDOR |
Ei, a fro net wéi! Mä 't ass fir ze baschten: ech hat e mat der Krawatt, du rappt e sech lass a fort wor en. – Hei kuckt, hei hunn ech se nach. |
BATTI |
Hë? Mä ... mä ... dat ass jo meng Krawatt. |
PEGGY |
Är Krawatt? |
ISIDOR |
Deng Krawatt? |
BUTLER |
Mä ... wéisou dann? |
BATTI |
Kapitän, soll ech der eppes soen: et wor iwwerhaapt guer kee Raiber do. |
ISIDOR |
Hee, a mat weem hu mir eis dann zerknujelt? |
BATTI |
Mä du mat mir, an ech mat dir. |
ISIDOR |
Wéi? |
BATTI |
Jo. An der Däischtert huet keen deen aneren erkannt, mä nëmme blanne-männerches dra gebaatscht --- |
MOULINIÈRE |
Neen! |
BATTI |
--- a wéi mer genuch Streech haten, hu mer eis allen zwee séier verdréckt. |
BABSIE |
Haha, ech flippen aus! Se hu sech selwer een deen aneren an d’Schmull gefacht! (Alles laacht.)
*****
|
ERZIELER |
Neen, ass dat nach dran! De Batti Schnoffelnues a säin Isidor rolzen am Gestraiss mateneen, dass d’Fatze fléien ... Mä lauschtert weider, et kënnt nach méi knëppeldéck fir eisen Detektiv. (Am Hall: d’Stëmme schalen e wéineg.) |
MOULINIÈRE |
Ah, eemol ze domm, Här Laplume, dass dir zwee dee Borscht net kritt hutt. |
ISIDOR |
Mä wéi sollte mer, Madame de la Moulinière? Et wor guer keen do. |
PEGGY |
Sot, um Enn huet hie mer nach selwer mäi Mauritius-Timber geklaut. |
BABSIE |
Ween? |
PEGGY |
Ma de Bullowsky. |
MOULINIÈRE |
Allez! |
PEGGY |
Dach, well sidd mer net béis, Madame Francise, dee Vladimir ass guer net mäi Sekretär --- |
MOULINIÈRE |
Ah sou? |
ISIDOR |
Nu kuck do. |
PEGGY |
--- mä iergend esou e verrécktenen Artist, dee mech ënnerwee opgelammelt huet. E Moler, sot en, dee Piano spillt, wann en net grad Grujelmärercher schreift. – Ah, wéi konnt ech nëmmen drop erafalen, ech Eefalt! |
MOULINIÈRE |
Tja, an elo wäert e sech schonn aus dem Stëbs gemat hunn. |
BABSIE |
Ho, keng Angscht. Ech hunn en nämlech agespaart. |
MOULINIÈRE |
Wat, agespaart? |
ISIDOR |
De Batti --- eh, den Här Bullowsky? |
BABSIE |
Jo. Elo grad. An de Biesemschaf. Lauschtert nëmmen, wat en dobanne struewelt. (Et knuppt vu banne widdert d’Schafendier.) |
PEGGY |
Joffer Babsie! |
BABSIE |
Ah, et ass esou sécher e Gauner ewéi ech en Tozkätt sinn, well de Mueren, wéi ech der Famill Eilebecker hiert Bett wollt maachen, du souz en do an hire Wallissen erëmzekoschteren. |
ISIDOR |
Jo kloer – a firwat dann och net? Well de Bullowsky ass guer kee Bullowsky, mä den Detektiv Batti Schnoffelnues. |
PEGGY |
Ween? |
BABSIE |
E richtegen Detektiv? Uuuhh .... |
MOULINIÈRE |
Ha! A wou kommt Der dann un déi, Pierrot Laplume? |
ISIDOR |
Ma well ech och net de Pierrot Laplume sinn, mä säi Gesell, den Isidor. |
BABSIE |
Wat? Nach een aus deem Pistouleklibbchen? |
PEGGY |
An dat sécher alles wéinst menger „Rouder Mauritius“? |
ISIDOR |
Genee. |
MOULINIÈRE |
O Villa „PICASSO“, wat erliewe mir zwee Saachen! |
ISIDOR |
Also, Joffer Babsie, kommt mer loosse mäi Chef aus de Biesemen eraus. (De Schaf gëtt opgespaart – e ganz Koup Biesemen asw. trëllt eraus.) |
BABSIE |
Ou jee ... entschëllegt ... Monsieur Detektiv ... |
BATTI |
Puh, zimlech onkammoud dobannen. |
MOULINIÈRE |
Neen ... dee weltbekannte Batti Schnoffelnues! |
PEGGY |
Enchantéiert. Mä meng 25 Millioune sinn ech trotzdem lass. |
BATTI |
Ower net méi laang, Joffer Hollywood, well eppes kënnt mer spuenesch vir. Kommt, mer ginn emol nach eng Kéier an Äert Zëmmer, Peggy. (D’Dier gëtt opgespaart an opgemat.) |
BABSIE |
Also, do sinn ech elo ower gespaant. (Am Zëmmer vum Peggy: d’Stëmme schalen net méi – d'Auer téckt.) |
BATTI |
Voilà. Ech duecht mer et jo. Den Isi an ech, mir sichen dobaussen ewéi d’Gecken no engem, dee guer net do ass, well et kann nëmmen een hei aus der Villa selwer gewiescht sinn. |
PEGGY |
Wat? |
MOULINIÈRE |
Ee vun eis? |
BABSIE |
Dee spënnt. |
BATTI |
Neen. Dee spënnt net, well kuckt, Punkt 1: den Hektor an den Tasso hätte misse billen, wann e Frieme bei d’Haus geschlach komm wier --- |
ISIDOR |
Richteg, Patron. |
MOULINIÈRE |
Jo ... an déi futtis Fënster elei? |
BATTI |
Eben, Madamm, dat ass mäi Punkt 2: wa Glas vu baussen ageschloe gëtt, da falen d’Schierbelen no bannen. Dat ass jo kloer. – Ower hei, kuckt emol --- ('t gëtt an de Schierbele gewullt.) --- dës Schierbele leie komescherweis dobaussen um Balcon. Also muss d’Fënster vun heibannen ageschloe gi sinn, oder? |
BABSIE |
Logo, Chef. |
BATTI |
Also. |
MOULINIÈRE |
Effektiv. |
PEGGY |
Jo, mä firwat schléit een alles kuerz a kleng, wann e souwéisou schonn heibannen ass? |
ISIDOR |
Mä dass mir gutt domm solle mengen, e wier vun dobaussen iwwert de Balcon agebrach an och erëm dohinner ugedréckt. |
MOULINIÈRE |
E gewëtztene Kärel ... |
BATTI |
Mä e gudden Detektiv léisst sech eben net uschmieren. |
PEGGY |
Ah, gutt geschnoffelt, dir Schnoffeler! |
BABSIE |
Ei, dat ass jo e richtege Krimi fir d’Mimi. |
ERZIELER |
Et wor also een aus der Villa „PICASSO“ ... mä ween? Elo sëtzen se am Salon beim Kamäin, de Batti Schnoffelnues a säin Isidor kucken hinnen all déif an d’Aan, mä et gëtt kee rout am Gesiicht. Ah, dat elei ass eng haart Noss. (Am Salon, gemittlech Ambiance: Feier am Kamäin ...) |
LOUISE |
Also neen ... elo mécht dee mir en déckt Ouer, ob ech déi Miau--- Miau--- Miauwitzibus do geschuppt hätt. Mä Schnoffelnues, ech souz dach déi ganzen Zäit hei nieft der d’Diae vu China an Ägypten ze kucken. Also. |
ISIDOR |
Madame Eilebecker, mir mussen ebe jiddwereen ënnert d’Lupp huelen. |
LOUISE |
Ah sou. A firwat pléckt Der Iech dann net de Rescht? |
BABSIE |
Villäicht d’Madamm selwer? Also looss mer jo meng Meeschtesch aus dem Spill, gelu. |
BUTLER |
O Babsie, wee weess ... |
MOULINIÈRE |
Augustin! |
BUTLER |
Déi 25 Milliounen, dat ass jo schonn en décke Koup Frick, mä mat deenen zwee gëllene Braceleten an där Diamanteketten, déi derbei louchen, ah, Madamm, do wier Der bestëmmt nach méi eng Madamm gewiescht. |
BATTI |
Nu kuck do! Braceleten, Diamanteketten ... interessant, interessant. |
ISIDOR |
Tjo, an den Eilebecker ass zu Monaco. Schued. |
BATTI |
Jo. Dat wier eise Mann derfir gewiescht. Ei, e Strulles ewéi am Billerbuch, an hopp, mam Abbes an de Kittchen! |
LOUISE |
O neen, dat ass nun ower de Kotteng! Mir sinn éierlech Leit, schreif der dat hannert d’Läffelen, an da schnoffelt der léiwer emol bei deem virwëtzege Kummermeedchen hei erëm. |
BABSIE |
Waat? |
LOUISE |
Jo. |
BABSIE |
Mä Bomchen, ech wor bei der Spull. |
PEGGY |
An hien do, de Butler? |
BUTLER |
Ech? Joffer ... also ... |
ISIDOR |
Ma ja, Augustin, du verdrécks dech ëmmer méi. |
BUTLER |
Mä ... mä ... Monsieur Sherlock Homes, ech ... ech ... ech wor hei ënne beim Babsie, gelu. Et huet nach mat mengem Klabes duerch d’Géigend geballert, also konnt ech net do uewe gewiescht sinn, oder? |
BATTI |
Gutt kombinéiert, Butler, mä trotzdem. Voilà, Monsieur, servéiert Iech. (Handschelle rabbelen.) |
PEGGY |
Wat? Handschellen? |
BUTLER |
Fir mech? Mä ... mä ... eh ... |
BATTI |
Komm, tuddel elo net. Wéi mir alleguerten am Salon souzen, hues du dem Peggy Hollywood seng „Rout Mauritius“ aus dem Safe geklaut, duerno hues de d’Fënster ageschloen a bass huerteg d’Trap erofgelaf, dass jiddweree menge soll, dee Raiber séiz nach uewenop. |
BABSIE |
Jo. Genau, Chef. A wat hunn ech mer den Hënner aus der Box gefaart! |
ISIDOR |
Ah, wierklech clever, déi do, Här --- Wuppa. |
PEGGY |
Wéi? |
LOUISE |
Wat gelift? |
MOULINIÈRE |
Wuppa? |
BABSIE |
Och nach e Wippchen! (platzt mat Laachen eraus) |
BUTLER |
Also neen, verréckt an affrontéiert. Mä da beweis mer dat emol, Schnoffel-nues. |
BATTI |
Beweisen? Ha, du hues dech dach selwer verroden. An zwar mat där Diamanteketten an deene gëllene Braceleten, vun deenen s de eis elo grad erzielt hues. Well pass op, een dee ganz genau weess, wat nach alles am Safe läit, deen huet dach mussen an dem Safe erëmwullen. Also. – Do kucks de elo, hë? (ALLES DUERCHERNEEN: - Ah super, Batti Bullowsky! - Chapeau, Detektiv! - E genialen Trick. )
|
BUTLER |
Eh ... mä also ... ee Moment ... |
MOULINIÈRE |
Nee Butler, schumm dech. Dat do hätt ech net vun dir --- (Still a Blummestäck ginn ëmgestouss – d’Peggy deet e Kreesch.) |
LOUISE |
Do! Elo leeft e fort. |
MOULINIÈRE |
Augustin, wouhin? |
BABSIE |
Hee, Wuppa! Wippchen! (E rabbelt a knuppt ewéi geckeg un der Dier.) |
BUTLER |
Ah, der Däiwel, déi ass zou. |
BATTI |
Kee Wonner, den Isi huet de Schlëssel an der Täsch. |
ISIDOR |
Komm Jéngi, bleif schéi bei Fouss. |
BUTLER |
Hee, du Bëlles, léiss de mech wuel lass. Oder soll ech d’Police ruffen? |
PEGGY |
Ma sécher. Probéier et. |
BATTI |
Also Wuppa, da poter emol: ween ass däi Boss? Gangsteren ewéi s du schaffe jo net fir sech eleng. |
BUTLER |
Ech verrode keen. |
ISIDOR |
Dann erziel eis wéinstens, wéini a wou en op dech an op déi „Rout Mauritius“ waart. |
BUTLER |
Ech soe kee Pippcheswuert. (Den Telefon schellt.) |
MOULINIÈRE |
O, entschëllegt mech ee Momentchen. |
BATTI |
Nee, Madame Francise. Loosst mech léiwer. (hieft den Telefon op – um aneren Enn ass d’Linda – hannendrun héiert een och nach Bistrosgespréich.) Ja? |
LINDA |
Wuppa, bass du et? |
BATTI |
(zéckt) Eh … jo, jo. |
LINDA |
An, hues de dat Klengt geplëmmt? |
BATTI |
M-hm. |
LINDA |
So, bass de éieren net eleng? |
BATTI |
Ma neen. |
LINDA |
Ah, da maachen ech et kuerz. Also, ech hu mat dem Boss geschwat: bréng eis d’“Mauritius“, an zwou Millioune si fir dech. |
BATTI |
Très bien. A wéini? |
LINDA |
Muer den Owend. Du weess jo: am Zuch Lëtzebuerg-Paräis, Wagon 347. |
BATTI |
Okay. |
LINDA |
Iergendwéi wäerte mer eis scho fannen. |
BATTI |
Jo, jo. Ech freeë mech schonn. (hänkt an)
*****
|
ERZIELER |
(Am Zuch) An deen Owend drop sëtzt de Batti Schnoffelnues am Wagon 347 vun deem laange Paräiser Zuch hannert senger Zeitung. Ganz genëschelt rappt e sech elo e Lach dran --- (Pabeier gëtt duerchgerappt.) --- a luusst derduerch, fir dem Wuppa säi Boss ze fannen. An hei, déi zwee Gesiichter do, déi kennt en dach! Jo, et ass de Fred an d’Linda, deenen en elo wéini am Bistro heemlech nogelauschtert hat. An do vis-à-vis vun hinnen? De Batti Schnoffelnues vergësst bal ze ootmen. Mat dem falsche Schnurres an dem Sonnebrëll hat en e bal guer net erëmerkannt. Jo, et ass en, den ... den Abbes Eilebecker. (Am Zuch, dee fiert) |
ABBES |
Donnerwetzki, a wou ass deen nëmmen? |
LINDA |
Bleif cool, Boss. |
ABBES |
Wéi? Ech soll cool bleiwen? Linda, et geet ëm 25 Milliounen. (Pabeier raschelt – d’Zeitung gëtt zesummegedruddelt.) |
BATTI |
Sécher. An ëm San Francisco. |
ABBES |
Hë? De Vladimir Bullowsky? |
BATTI |
Ma jo, esou begéint ee sech erëm, gelu. An et muss emol net zu Monaco sinn. |
FRED |
Mä ... mä ... mä ech duecht --- |
BATTI |
--- de Butler Wuppa séiz hannert der Zeitung, oder net? Mä neen, dee läit an Handschellen, an déi „Rout Mauritius“ och schonn nees laang beim Peggy Hollywood am Safe. |
ABBES |
Pardon? Also San Francisco ... Mauritius ... Ech versti kee Wuert. |
BATTI |
O, dann ower gläich, well d’Madame de la Moulinière hat immense Pech op hirer Party. Jiddweree wor en aneren ewéi en a Wierklechkeet ass. De Vladimir Bullowsky wor den Detektiv Batti Schnoffelnues --- |
ABBES |
Wat, du? En Detektiv? |
ISIDOR |
--- den Ozeankapitän Pierrot Laplume --- |
BATTI |
--- mäin éischte Gesell --- |
ABBES |
Ech dréien duerch. |
BATTI |
--- an d’Louise Eilebecker huet grad esou wéineg vun Opere-Sange verstanen ewéi s du vu Stabilihyperplylogographoskopen-Erfannen, well dir zwee sidd weider keng aner ewéi de Cricri an d’Lola aus enger internationaler Gangsterfirma, déi dem Peggy Hollywood seng „Rout Mauritius“ an der Nues hat. |
FRED |
Hë? |
LINDA |
Tjëft Boss, si hunn eis erkannt. Elo ass alles Esseg. |
ABBES |
Mä ... mä ... deen huet de Réck op. |
BATTI |
Neen, dat net. Mä dee weess eben alles, well e sech laang a breet bei Gendarmerie a Police ëmfrot huet – voilà. |
ABBES |
(rosen) Ah, Mëscht ... alles Mëscht! |
LINDA |
An du hues dem Wuppa schonn 100.000 Frang ginn, fir dass deen iwwerhaapt soll matmaachen. |
FRED |
Mä Boss, firwat huet d’Lola dann net telefonéiert, dass e Schnoffeler de Kéis geschnoffelt huet? |
BATTI |
Wéi hätt et sollen, wou ech dach gëscht de Kabel vun hirem Zëmmertelefon an der Villa „PICASSO“ duerchgepëtzt hat. |
ABBES |
Wéi? Also ech ... ech .... |
BATTI |
A fir aus dem Salon unzeruffen, neen, esou kéng wor et jo ower net. |
FRED |
Cricri, dann huel dach einfach deng Pistoul aus dem Rimm. |
LINDA |
Jo, blos deem komeschen Af do e Lach an de Bauch. |
ABBES |
Genau, Linda, dat maachen ech elo. Voilà, dann haalt iech brav är Oueren zou. Een, zwee, dräi --- (Eng Pistoul gëtt e puermol ofgedréckt – et klickst ower nëmmen.) Mä ... mä der Däiwel! |
BATTI |
Nee, Cricri, gëff et op. Déi doe klaakt net méi. Do hat ech der scho virun zwee Deeg de Polfer an d’Kugelen erausgeklaut. |
ABBES |
Waaat? |
BATTI |
Jo. An d’Babsie huet mech herno an de Biesemschaf agespaart, well et mech gesinn hat an denge Wallissen erëmwullen. |
ABBES |
Schnoffelnues – ah, ech huelen dech auserneen! |
BATTI |
Psch, net knouteren, Strulli. (Den Zuch bremst a bleift halen.) |
LINDA |
Wéi? A wat elo? |
FRED |
Den Zuch bleift stoen. |
LINDA |
A matten um Feld. Droleg. |
ABBES |
Komm, fort! Elo oder ni. (Sirene vu Polizeiween komme méi no.) |
BATTI |
O, ech mengen, et huet kee wäert méi. Dir kommt net wäit. |
FRED |
Hë? D’Flicken? |
ABBES |
(geschloen) Neen ... |
BATTI |
Mä dach. Déi hunn ech extra zu ärer Éier heihi bestallt. |
ABBES |
(idem) Ah, merci ower ... Här Knullowsky. |
LINDA |
Hei kuck, se hunn de Wuppa schonn hannen an der Këscht sëtzen. |
FRED |
Tatsächlech. An d’Lola niewendrun. |
ABBES |
(idem) Voilà, da si mer jo elo nees all gemittlech beieneen ... (D’Zuchendier geet op.) |
ISIDOR |
An, Patron, hu mer se? |
BATTI |
Jo, Isidor. Kuck, se sëtzen hei ewéi wann d’Hénger hinnen d’Brout geholl hätten. |
LINDA |
Nu maach du och nach den Uz mat eis ... (Schlussmusek – iwwerdeems:) |
BATTI |
Tja, Cricri, däi Plang wor tonnegutt: d’Louise Eilebecker – eh pardon, d’Lola, ass stonnelaang mat dem Peggy Hollywood dobaussen am Park erëmspadséiert, esou dass de Wuppa roueg a sengem Zëmmer wullen a siche konnt --- |
ISIDOR |
--- an du, du hues dech gëschter esou hoppla aus der Villa verfuusst, fir Zuch a Fliger vu Lëtzebuerg iwwer Paräis bis an Amerika ze reservéieren, well zu San Francisco wollt der elo déi „Rout Mauritius“ verkafen an als bommeräich Dollar-Kinneken de Rescht vun ärem Liewe weider liewen. |
BATTI |
Dat hätt och alles flott geklappt, wann den Augustins Wuppa d’Fënster net dommerweis vu bannen, mä wierklech vu baussen ageschloen hätt. |
ISIDOR |
Jo, mir zwee, mir géifen eis elo nach hannert dem Mauritius-Gangster d’Bee stompeg lafen, gelu, Batti. |
BATTI |
Mä neen ... Pech! D’Schierbele louchen eben op der falscher Plaz, an de Butler huet sech herno och nach selwer verroden. |
ISIDOR |
Schued ... an äddi, San Francisco! |
BATTI |
Jee, kommt, dir Herrschaften, da gi mer. Se waarden dobaussen op eis.
*****
|