… fräi no de Geschichte vum Carlo Collodi
"Le avventure di Pinocchio" (1881) ...
(als Kannertheaterstéck - 2019)
Persounen: de Pinocchio
den ale Schräiner
d’Spann
de Spillmann
de Fuuss
d’Kaz
de Bauer
déi gutt Fee
de Schleek
den Erzieler
|
(Holzstécker gi getesselt.) |
ERZIELER |
Kuckt deen ale Schräiner, dee vu mueres bis owes a senger Wierkstat Still zammert an Dëscher fléckt, fir alt e puer Su ze verdéngen, elo tesselt en dohannen am Eck aalt Holz openeen, fir am Wanter seng Stuff ze hëtzen. An hei, op eemol --- |
SCHRÄINER |
O ho! |
ERZIELER |
--- du erbléckst en ënnen am Koup e wonnerschéint Stéck Holz. |
SCHRÄINER |
Mä so, du bass vill ze vill schued, fir einfach esou am Uewe verbrannt ze ginn. Neen, aus dir kann ech mengem ale Schaf nees nei Bee maachen. Komm, mer setzen eis gläich un d’Aarbecht!
('t gëtt op Holz geschloen – et räisst.) |
PINOCCHIO |
(mat verzerrter Stëmm) Au! Au! |
SCHRÄINER |
Wéi? |
PINOCCHIO |
Du duerfs net esou fest op mech schloen. |
SCHRÄINER |
Mä … do huet dach ee geschwat? (’t gëtt am Handwierksgeschier gewullt.) Neen, hei ass keen. (Eemeren a Këschte gi geréckelt.) An do ass och keen … Hopp, weider! Ech muss sécher gedreemt hunn. ('t gëtt nees weider op d’Holz geschloen.) |
PINOCCHIO |
Auaah! Du dees mer wéi. |
SCHRÄINER |
Ech dreemen also ower net. Dat Stéck Holz ass jo verhext. (De Pinocchio kichert.) Lauschter nëmmen! (D’Holz spréngt doruechter.) Wéi? An elo spréngt et och nach doruechter? Hoho, huet scho jeemools e Mënsch esou e lëschtegt Stéck Holz gesinn?! Mä weess de wat: ech maachen och kee Schaf aus dir, du géifs mer jo ëmmer an der Stuff hin an hier jauwen, neen, ech schnëtzele mer en Hampelmann. En Hampelmann, dee richteg schwätzt a Konschtstécker maache kann. Komm hier, et geet gläich lass. (En hummert, huwwelt a feilt.) |
PINOCCHIO |
(kichert a laacht) Huhu ... hihi ... |
SCHRÄINER |
A weess de, wéi ech dech nennen? «Pinocchio» nennen ech dech. Esou heescht nach kee Kand op der ganzer Welt. |
ERZIELER |
Déi ganz Nuecht schnëtzelt an huwwelt den ale Schräiner, a mueres, wéi den éischten Hunn kréint, spréngt de Pinocchio, en aartleche Lausbouf aus Holz, dem Schräiner vum Schouss --- (Waasser leeft an eng Schossel.) --- a schëtt sech aus der Blummestrenz Waasser an eng Schossel, fir sech emol dran ze bekucken. |
PINOCCHIO |
O mei, wat gesinn ech esou komesch aus. En hëlzene Kapp, hëlzen Äerm ... an dann déi laaaaang Nues! Mengs de net, déi aner Kanner géife mech auslaachen? |
SCHRÄINER |
Gewëss! Wann s de dech am Liewen opféiers, wéi et sech gehéiert, da kriss de bestëmmt vill Kolleegen an der Schoul. |
PINOCCHIO |
Wat? Ech soll an d’Schoul goen? Als hëlzene Männchen? |
SCHRÄINER |
Een Abléck. (Eng al Schafendier quiitscht.) Mooss dëst Gezei mol un, Pinocchio. Méi kann ech der net ginn. Ech sinn aarm, ech hu selwer bal näischt fir unzedoen. |
PINOCCHIO |
Ah, wéi e feinen Här gesinn ech elo aus. Mä so emol, wann ech an d’Schoul goe soll, da feelt mer ower nach mäi Liesbuch. |
SCHRÄINER |
E Liesbuch!? A wee bezilt mer et? Ech hu kee Geld. Mä waart ... |
ERZIELER |
Hee Schräiner, a firwat dees de dann elo däin aalt Hiem aus? Hee Schräiner, a wouhin --- (Eng Dier klaakt zou.) Do, a schonns ass e fort! A wärend de Pinocchio nach verwonnert op d’Strooss eraus kuckt --- |
SPANN |
Kr-kr-kr ... |
ERZIELER |
--- du kënnt eng mockleg Spann mat hiren aacht laange Been hannert dem Kicheschaf erausgekrabbelt. |
PINOCCHIO |
Héier. Ween ass heibannen? |
SPANN |
Ech. Ech wunne scho säit honnert Joer hei an dëser Wierkstat. |
PINOCCHIO |
Mä vun haut u wunnen ech hei. Mierk der dat. |
SPANN |
Ech wëll ower e gudde Frënd vun dir ginn. |
PINOCCHIO |
Hopp, kuck, dass de verschwënns, well soss --- (Et rabbelt am Handwierksgeschier.) |
ERZIELER |
An de Pinocchio hëlt den Hummer, fir no der Spann ze werfen, mä mat engem Saz ass se nees hannert hiere Schaf verschwonnen. |
PINOCCHIO |
Ech mengen ower och. |
ERZIELER |
Schumm dech, Pinocchio. (Schrëtt komme méi no.) Mä lauschter, do kënnt den ale Schräiner nees aus dem Duerf erëm. (Eng Dier gëtt opgespaart.) |
SCHRÄINER |
Hei sinn ech nees, Pinocchio. |
PINOCCHIO |
Papp, endlech ... So, a wou ass däin Hiem? |
SCHRÄINER |
Dat hunn ech dem Lompekréimer verkaf. Ech hu jo Sue gebraucht fir däi Liesbuch. Hei, an nu sprang séier. |
PINOCCHIO |
O villmools merci, Papp. Elo ginn ech voller Freed an d’Schoul.
****
|
|
(Den hëlzene Männche trëppelt doruechter a päift fir sech.) |
ERZIELER |
Do mécht e sech op de Wee fir an d’Schoul, eise Pinocchio, houfreg mat dem Liesbuch ënnert dem Aarm. Mä knapps ass en zwee Haus wäit gaang --- (Mondharmonika-Musek vu wäitem) |
PINOCCHIO |
Lauschter! |
ERZIELER |
--- du kënnt e Spillmann an zitt eng Kiermesbud mat Marionette-poppen hanneru sech no. |
PINOCCHIO |
Schued, dass ech elo an d’Schoul goe muss ... Mä wësst der wat: haut ginn ech ower bei d’Musek, fir Liesen a Schreiwen ass nach ëmmer Zäit. (D’Mondharmonika-Musek kënnt méi no.) |
SPANN |
Kr-kr-kr ... |
PINOCCHIO |
Kënns du mir nach ëmmer no, du al Spann? |
SPANN |
Pinocchio, firwat gees du net an d’Schoul? |
PINOCCHIO |
Well ech keng Loscht hunn. Duerfir. – Hee Spilmann, wat kascht et, fir dengem Poppentheater nozekucken? |
SPILLMANN |
Zwanzeg Frang. |
PINOCCHIO |
An ech hu kee Su bei mer. So Spillmann, a wann ech der mäi Kleed ginn? |
SPILLMANN |
Wat? Deen ale fatzege Kaseweck do? |
PINOCCHIO |
Da kaf mer wéinegstens meng Schong of. |
SPILLMANN |
Dass d’Leit mech auslaachen? Nee merci. |
PINOCCHIO |
Villäicht kanns de mäi Schoulbuch gebrauchen? |
SPILLMANN |
O jo, dat ass eng gutt Iddi. |
PINOCCHIO |
Juch-hu! Hei Spillmann, huel et a looss deng Pëppercher danzen. |
SPANN |
Pinocchio, däin aarme Papp huet säin eenzegt Hiem beim Lompekréimer verkaf, fir der dat Liesbuch matzebréngen, an elo gëss du et dem Spillmann. |
PINOCCHIO |
Pscht! (Eng Klack bimmelt.) Bravooo! |
ERZIELER |
A gläich drop kuckt de Pinocchio begeeschtert no, wéi de Jeeër an de Kinnek viru senge Féiss hiren Theater opféieren. |
Kinnek |
So, hues de da wéinegstens e Wëllschwäi fir mech geschoss? |
Jeeër |
Entschëllegt villmools, Exzellenz, mä Äert Wëllschwäi wor méi séier ewéi ech an éier ech d’Flënt am Grapp hat, du wor et schonn duerch d’Bascht. |
PINOCCHIO |
Wat? Schumme solls de dech, du schappege Jeeër. |
Jeeër |
Entschëllegt villmools, Exzellenz, mä sëtzt do net de Pinocchio? |
Kinnek |
De Pinocchio? Dach. Et ass en. |
Jeeër |
Komm bei eis, Pinocchio! |
Kinnek |
Komm bei deng hëlze Bridder! |
PINOCCHIO |
Tatsächlech. Dat si grad esou Hampelmännercher ewéi ech – just, dass si nach mussen un de Seeler hänken. |
SPILLMANN |
An trotzdem sidd dir aus enger Famill. Dat wosst ech jo guer net. So, wéi heescht dann däi Papp? |
PINOCCHIO |
Fro mech net, ech weess et net. |
SPILLMANN |
Wellecht Handwierk huet en dann? |
PINOCCHIO |
En ass aarm. Weider näischt. (Geldstécker klirren.) |
SPILLMANN |
Hei, da stiech der dës fënnef Goldstécker an d’Täsch an dann hëls de se dengem Papp mat heem. |
PINOCCHIO |
(verwonnert) Fënnef Goldstécker? |
SPILLMANN |
Mä gëff jo uecht, dass keen der se ënnerwee klaut. |
PINOCCHIO |
O, villmools merci, Spillmann. (D’Mondharmonika spillt nees, ower ëmmer méi wäit ewech.) Haha, vun haut u sinn ech e besseren Här, e räiche Monsieur.
*****
|
ERZIELER |
Pscht – lauschtert emol! (Gestraiss raschelt.) A wee kënnt dann do? (Schrëtt komme méi no – ee mat enger hëlze Kretsch) De Fuuss an d’Kaz! Kuckt se emol un, déi zwee aarmséileg Gesellen: de Fuuss geet op enger Kretsch, an d’Kaz huet eng Patt an der Schléng an een Aa verbonnen. |
FUUSS |
Hei elei, de Pinocchio. |
PINOCCHIO |
O, e schlamme Fuuss an eng blann Kaz! Sot, a wou kënnt dir wëssen, wéi ech heeschen? |
FUUSS |
Mir kennen déi Papp scho laang. |
KAZ |
(ëmmer wéi en Echo hannendrun) ... scho laang ... |
FUUSS |
Nach haut de Mueren hu mer e gesi virun ärer Hausdier op der Trap sëtzen traureg dranzekucken. |
KAZ |
... traureg dranzekucken ... |
PINOCCHIO |
Aarme Papp ... Mä jee, vun haut u kann e sech freeën, well ech sinn elo grad en dichtegen Här ginn. |
FUUSS |
Du an en dichtegen Här? Do mech net laachen. |
PINOCCHIO |
Mä da kuck emol. (D’Geldstécker klirren nees.) |
FUUSS |
Goldstécker? – Donnerwetzki! |
KAZ |
... wetzki ... |
PINOCCHIO |
Do staunt der, wéi? |
FUUSS |
So, häss de keng Loscht, fir deng Goldstécker wuessen ze loossen? |
KAZ |
... wuessen ze loossen ... |
PINOCCHIO |
Dat verstinn ech net. |
FUUSS |
Mä wëlls de net aus dengen aarmséilege fënnef Goldstécker der honnert oder dausend maachen? |
PINOCCHIO |
Ganz gär. Mä wéi? |
FUUSS |
Näischt méi einfach wéi dat. Du gees elo net heem an du kënns mat ons heihin op d’Wonnerfeld. Komm! (Schrëtt duerch Waasser) Pass op, de Weier ass déif. |
PINOCCHIO |
E Wonnerfeld? Droleg. |
FUUSS |
Voilà, hei gruefs de der e Lach an de Buedem. |
KAZ |
... Lach an de Buedem ... |
FUUSS |
... lees deng Goldstécker dran ... |
KAZ |
... Goldstécker dran ... |
FUUSS |
A gläich drop steet e Beemchen hei, dee voller Gold hänkt, esou voll ewéi deen déckste Quetschebam voller Quetschen am Hierscht. |
KAZ |
... voller Quetschen am Hierscht ... |
PINOCCHIO |
Fuuss, ass dat wouer? |
FUUSS |
Gleef eis. Mir wëllen dir an dengem Papp dach hëllefen. |
PINOCCHIO |
E Bam voller Gold? |
FUUSS |
Komm, hal mech un, ech wullen der mat menger Kretsch e Lach, du brauchs dann nëmme méi d’Goldstécker dranzetesselen. |
KAZ |
... nëmme méi d’Goldstécker dranzetesselen ... ('t gëtt am Buedem geschäert.) |
PINOCCHIO |
Déi zwee hu mer éierlech Gesiichter. Do ass bestëmmt eppes drun. A lass! (D’Goldstécker falen openeen.) Een ... |
KAZ |
... zwee ... |
FUUSS |
... dräi ... |
KAZ |
... véier ... |
PINOCCHIO |
... a fënnef. Ei, wat wäert mäi Papp sech freeën! ('t gëtt nees am Buedem geschäert a mam Fouss drop getuppt.) |
FUUSS |
Do, a schonns ass d’Lach nees zou. Mä elo musse mer nach gutt nätzen, soss schloen se keng Wuerzelen. |
KAZ |
... keng Wuerzelen ... |
PINOCCHIO |
Nätzen? Waart, ech schäffen e wéineg Waasser mat mengem Schong aus dem Weier. ('t gëtt am Waasser geplätscht.) |
FUUSS |
Sou, an elo lees de dech heihin an du schléifs e puer Stënnercher. |
KAZ |
... e puer Stënnercher ... |
FUUSS |
(ëmmer méi wäit ewech) A wann s de muer de Mueren erwächs, dann ass däi Beemche gewuess, an d’Goldstécker glënneren an der Sonn. |
KAZ |
(idem) ... glënneren an der Sonn ... |
PINOCCHIO |
Flott. Ech sinn op jidde Fall gespaant, ob ech se alleguerten a meng Täsch kréien. (gaapst) Jee, loosse mer eis emol iwwerraschen. (Gras raschelt.) |
ERZIELER |
An eise Pinocchio duckelt sech zefridden an dat héicht Gras ënnert der Eech, fir e klengen Tëmpchen ze halen. (Eng Kierchenauer schléit vu wäitem.) Hei, no enger Zäitche liichten op eemol zwou Täscheluuchten hannert den Hecke beim Weier. (Heckegestraiss raschelt –Äscht gi gebrach.) Sot, 't sinn nees déi zwee komesch Gesellen. ('t gëtt nees am Buedem gewullt.) Neen, de Fuuss wullt mat senger Kretsch de Buedem nees op, an d’Kaz sicht déi fënnef Goldstécker zesummen a stécht se dem Fuuss an d’Kap. - Pinocchio! Pinocchio! Erwäch dach! (De Pinocchio schnaarcht.) Mä dee schléift scho bommefest. (De Fuuss an d’Kaz laache knaschteg fir sech.) A schonns hu se sech nees aus dem Stëbs gemat, déi zwee Banditten!
****
('t ass mueres: Vulle päifen – en Hunn kréint asw. – de Pinocchio schnaarcht nach.) |
SPANN |
Kr-kr-kr ... |
PINOCCHIO |
O jee, a wat der Däiwelt krabbelt mer dann do iwwert d’Been? |
SPANN |
Ech sinn et, Pinocchio. Däi gudde Frënd. |
PINOCCHIO |
Aha! 't hätt mech ower och gewonnert, wann s de mech ausschlofe gelooss häss. |
SPANN |
Ech muss iwwert dech laachen, hihihihi ... |
PINOCCHIO |
Wat? Du kleng, eekleg Spann, du erwächs mech aus dem Schlof, fir mech auszelaachen? |
SPANN |
Ech muss iwwert all topeg Mënsche laachen, déi sech op Schratt an Tratt vu jiddwer Gauner uschmiere loossen, hihihihi ... Wou konns de nëmmen deem schlamme Fuuss an där blanner Kaz gleewen? Déi zwee hunn dech fir domm verkaf. |
PINOCCHIO |
Du méchs de Geck. |
SPANN |
't ass mer doudeescht. Wéi s de geschlof hues, koumen se heihin däi Gold ausgruewen a wupps! woren se fort dermat. |
PINOCCHIO |
Wéi? ('t gëtt an de Stengercher geschäert.) Wierklech! Meng schéi Goldstécker ... Fuuss a Kaz, o waart, dir zwee, ech huelen iech op d’Geriicht. |
SPANN |
Pinocchio, spill elo net de wëlle Mann. Géi léiwer nees heem bei däi Papp, dee sëtzt eleng a senger Wierkstat an e weess net, wou s de dru bass. |
PINOCCHIO |
Jo, ech gi jo och nees heem, mä elo sinn ech hongereg. A kuck, hei an deem Gaart wuesse jo Drauwen. (Eng Gaardepäertche jiipst.) Ho, a wéi déi een ulaachen! (Bliedergeraschels) Kuck emol wat eng Kludder. (mat vollem Mond) Ei, e Genoss. An hei vir sinn nach méi décker, déi --- (Eise klaakt zesummen.) Au, au, mäi Fouss! |
SPANN |
Wat ass geschitt Pinocchio? |
PINOCCHIO |
Ech si mat mengem Fouss an eng Fal getrëppelt. |
SPANN |
An eng Fal? |
PINOCCHIO |
Bestëmmt huet de Bauer se opgestallt. Au ... au … O jee, a wéi kommen ech blouss hei eraus? (Eng Dier klaakt.) |
BAUER |
(vun hannen) Aha, do hu mer jo de Raiber! |
SPANN |
Pinocchio, de Bauer! (En Hond billt.) |
PINOCCHIO |
O mei, an en huet esouguer e Hond bei sech. |
SPANN |
(méi wäit ewech) O Jong, wat dreifs du fir Spiichten! |
BAUER |
(méi no) Du gees also u meng Hénger?! An do duecht ech, et wier de Fuuss. (D’Eise vun der Fal rabbelt nach ëmmer.) |
PINOCCHIO |
Ech ... ech wollt nëmmen e puer vun dengen Drauwe schmaachen. |
BAUER |
Ech wäert dir scho weisen, wat et heescht, sech a mengem Gaart de Bauch puppsat z’iessen. Komm hëlzene Männchen, du kënns mir grad giedelech. (D’Eise klaakt nees.) Sou, da komm aus der Fal eraus, dass ech dech hei hannert den Drauwe-riewe mat enger Ketten um Zonk ustrécke kann. (Kette rabbelen.) |
PINOCCHIO |
Mä ... |
BAUER |
Hei bleifs de verstoppt, an esoubal de Fuuss duerch d’Hecke geschlach kënnt, fir meng Hénger ze klauen, da fänks de haart u mat billen. |
PINOCCHIO |
Wat? Ech soll billen? |
BAUER |
Verstéi, mäin Hond, de Filax hei, deen huet e senger Liefdag nach net erwëscht. An elo pass du emol op mäin Héngerstall op. (D’Kette rabbelen – de Hond billt méi wäit.) |
ERZIELER |
Do! Elo sëtzt en do, deen aarmen Hampelmännchen, a wäit a breet keng lieweg Séil. (Gestraiss kréckelt.) Mä lauschter --- (E Koup Fläsche falen ëm.) --- do ass eppes. |
FUUSS |
Filax! |
PINOCCHIO |
Hei, 't ass wierklech schonn de Fuuss. |
FUUSS |
Filax, schléifs de schonn? |
PINOCCHIO |
(mat verstallter Stëmm) Neen. Firwat? |
FUUSS |
Mä ech kommen nees bei iech op Besuch, fir Hénger ze klauen. |
PINOCCHIO |
Aha. |
FUUSS |
Haut huelen ech mer véier Stéck an dat déckst dervu schenken ech dir fir däi Mëtteskascht – natierlech nëmmen, wann s de schéi brav an dengem Hondshais-che sëtze bleifs. |
PINOCCHIO |
Neen, neen, keng Angscht, ech bille schonn net. (fir sech) O waart, Fiiss-chen! |
ERZIELER |
Op Zéiwespëtze schläicht de Fuuss bei den Héngerstall an hoppla! --- (Hénger gackeren a flatteren erschreckt duercherneen.) --- fiert en dobannen tëschent se. (Kette rabbelen.) Ower mat engem Saz ass de Pinocchio hannert den Drauweriewen eraus a klaakt d’Dier hannert dem Fuuss zou. (Eng Dierche klaakt zou.) |
FUUSS |
Hee, hee, a wat gëtt dat doen dann, Filax? |
PINOCCHIO |
(mat richteger Stëmm) Ech heesche guer net Filax. Ech sinn de Pinocchio. |
FUUSS |
Du? |
PINOCCHIO |
(rifft) Bauer, Bauer! Den Héngerdéif! |
BAUER |
(vun hannen) Hal d’Dier gutt zou. Ech kommen. ('t gëtt un der Héngerstallsdier gerubbelt.) |
FUUSS |
Pinocchio, gare la Box, wann ech dech ze pake kréien. Da verkafen ech dech um Maart als dréchent Holz, fir Feier unzefänken. |
PINOCCHIO |
Haha, dat doe léiert dech. (En Hond billt.) |
BAUER |
Fuuss, weis dech, mir zwee, mir hunn e Wiertche mateneen ze schwätzen. (De Fuuss grommelt a knuppt mat dem Fouss widdert d’Holz.) Ah, hëlzene Männchen, du bass op Zack. Du hues et wéinegstens fäerdeg bruecht, deen hondsgemengen Héngerdéif anzespären. (D’Kette rabbelen.) Komm, duerfir strécken ech dech och erëm lass, dass de heem lafe kanns. |
PINOCCHIO |
Ei ... endlech! |
BAUER |
An hei, Pinocchio, du woors jo esou hongereg, huel dës Zoossiss mat op de Wee, well du hues wierklech gutt Aarbecht geleescht. |
PINOCCHIO |
O villmools merci, Bauer. Ech setze mech direkt derhannert. (e maufelt, mat vollem Mond) A gleef mer, do bleift kee Wippche méi iwwereg.
****
(De Wand hault – eng Eil jäizt.) |
ERZIELER |
Wärenddeem de Pinocchio sech dem Bauer seng Zoossiss gutt schmaache léisst, bewonnnert en déi al Buerg tëscht den Dännen hannert dem Weier. |
PINOCCHIO |
(mat vollem Mond) Wat mussen dat Zäite gewiescht sinn, wéi nach hei nuets Geeschter erëmgegeeschtert sinn. (Eng Guckgucksauer schléit.) Wéi? Do schléit eng Guckgucksauer? |
ERZIELER |
An hei, op eemol --- (Steng falen openeen.) --- Jëses neen! Aus där aler Tuermmauer fale Steng eraus, an et kënnt eng houfreg Madamm mat enger Lanter am Grapp eraus-geklotert. |
PINOCCHIO |
O mei ... wat hues du mech elo erféiert. |
FEE |
(huel aus dem Gemaier) Du brauchs net ze fäerten, Pinocchio. Ech hunn nach kengem Mënschen eppes zu Leeds gedoen. |
PINOCCHIO |
So, a wee bass du dann? |
FEE |
Ech sinn déi gutt Fee. Ech wunnen hei op der Buerg, och wann d’Leit mengen, deen Tuerm sténg mudderséilen eleng hei. |
PINOCCHIO |
A wat wëlls du dann iwwerhaapt vu mir? |
FEE |
Ech hu scho vill vun der héieren, mä wéi et schéngt, hues de wëlles, en anstännege Kärel ze ginn. |
PINOCCHIO |
Ei! Direkt wann ech heem kommen. |
FEE |
An duerfir wëll ech der och hëllefen. Kuck emol, wat ech hei am Schaf fir dech stoen hunn. (Eng al Schafendier quiitscht.) |
PINOCCHIO |
Eng Walliss? A wat soll do dra sinn? ( D’Walliss gëtt opgemat.) Neen! 't ass net méiglech. Fonkelnei Kleeder! |
FEE |
Fir däi Papp a fir dech. |
PINOCCHIO |
Wat wäert deen Ae maachen! |
FEE |
An dat ass nach net alles. Hei ... (En alen Tirang kréckelt.) |
PINOCCHIO |
E Liesbuch fir an d’Schoul! O, da kann ech jo elo ower nach e richtegt Handwierk léieren. Mä so, ween huet dir da vu mir erzielt? |
FEE |
Déi kleng Spann. |
PINOCCHIO |
Wat? Dat Véidéier, dat mir ëmmer esou op d’Schlappe gaangen ass? An do wollt ech dach deemools mat dem Hummer op se werfen ... |
FEE |
Gesäis de mol, Pinocchio, et huet een heiansdo wierklech e gudde Frënd, ouni dass een et weess. |
PINOCCHIO |
Tja, wann ech elo nach de Wee fir heem bei mäi Papp géif fannen! Ech si schonn esou vill doruechter gelaf, dass ech guer net méi weess, wou ech an de Bounen dru sinn. |
ERZIELER |
Mä déi gutt Fee huet un alles geduecht, Pinocchio. Kuck, si dréint dräimol uewen un hirer Lanter --- ( E kleng Klackespill spillt.) --- a schonns kënnt aus der Tuermfënsterchen eng Dauf eraus geflattert --- (Eng Dauf gurrt.) --- an e risege Schleek, deen och nach eng Käerz tëscht den Hare stoen huet, kënnt iwwer d’Steng gekroch. (E puer Steng rulle vum Koup.) |
FEE |
Voilà, Monsieur, dat si meng Frënn, déi bei mir hei op der Buerg wunnen. |
PINOCCHIO |
Mä ... mä ... a wéi --- |
SCHLEEK |
Komm, Pinocchio, zéck net. Setz dech op mäin Hais-chen, an da féieren ech dech heem. |
FEE |
Du brauchs keng Angscht ze hunn. Mäi Schleek ass kënneg am Bësch. Du muss just oppassen, dass de him d’Käerz net ausbléis. |
PINOCCHIO |
Also, vu mir aus ... Dann hal dech un, ech klammen erop. Ho-hoppla! A lass! |
FEE |
Du hues elo alles, wat s de brauchs. Et huet kee Wäert, dass ech der e ganze Sak voller Goldstécker matginn, duerfir muss de dech scho selwer druginn a schaffen. (Eng Baach plätschtert.) |
ERZIELER |
A gläich mécht de Schleek sech mat dem Pinocchio um Hais-che laanscht d’Baach op den Heemwee. (D’Dauf gurrt.) Iwwert hinne flattert der Fee hir Dauf, well och si kennt all Pad am Bësch, a sief en och nach esou däischter. An och wann et mat engem Schleek net esou schëtzeg iwwert de knubblege Wee weider geet --- (Holz gëtt geseet – Neel ginn ageschloen.) --- sou gesinn se ower gläich Luucht an dem ale Schräiner senger Wierkstat brennen. |
PINOCCHIO |
Mäi Papp! Merci, grousse Schleek, merci, kleng Dauf, mä de Rescht lafen ech schonn zu Fouss. (Hëlze Schrëtt lafe fort – eng Dier geet op.) Papp! |
SCHRÏNER |
Pinocchio! O, wat sinn ech esou glécklech, dass de nees heiheem bass. |
PINOCCHIO |
An ech eréischt! No all deem, wat ech an der grousser Welt matgemat hunn. |
SCHRÄINER |
Ma ja. D’Spann huet mer et verzielt. |
PINOCCHIO |
O, ech schumme mech jo esou. Mä kuck Papp, hei ass et elo, wou et gëllt. |
SCHRÄINER |
E Liesbuch? |
PINOCCHIO |
D’Madame Fee vun der Buerg huet mer et geschenkt. Vu muer u gëtt et eescht mat der Schoul. |
SPANN |
Kr-kr-kr ... Ah, dat héieren ech gär, Pinocchio. |
PINOCCHIO |
Spann, do bass de jo. Du bass wierklech mäi gudde Frënd. |
SPANN |
Ech hunn der dat jo nach ëmmer gesot. |
PINOCCHIO |
A kuck, wat déi gutt Fee mer nach matginn huet. (D’Walliss gëtt nees opgereedelt.) |
SCHRÄINER |
Neen, wat wonnerschéint Gezei! An dat ass alles fir eis? |
PINOCCHIO |
Sécher. Wat sees de lo, Papp? |
SCHRÄINER |
Weis hier! Endlech fléien emol déi al Lompe bei der Däiwel. (De Schräiner päift – de Pinocchio summt.) |
ERZIELER |
An eenzock klëmmt de Schräiner an e fonkelneie Kaseweck eran, de Pinocchio setzt e flotten Hittchen op a bënt sech e fuerwege Schlips ëm. |
SPANN |
D’Leit am Duerf wäerte sech wonneren, wann dir esou fein erausgefiizt kommt. |
PINOCCHIO |
Wierklech,Papp. 't kennt kee méi eis erëm. |
SCHRÄINER |
Endlech lafe mer emol net méi ewéi aarm Leit doruechter. (Während der Schlussmusek:) |
PINOCCHIO |
Papp, et ass mer vill Ongléck passéiert, mä ech hat et verdéngt. Alles huet missen no mengem Iddi goen, ni hunn ech op anerer gelauschtert, déi dausendmol méi klug sinn ewéi ech. Mä elo sinn ech nees heiheem, vun elo geet et anescht. Dat verspriechen ech der héich an helleg, Papp. Ech wëll nämlech e braven, fläissege, manéierleche Borscht ginn.
****
|