… eng Hörspill-Geschicht,
fräi no dem Wilhelm Busch
senge Versen a Biller ...
Persounen: de Max
de Moritz
d’Tatta Lisa
de Monni Charel
de Schneider Beck
d’Leonie, seng Fra
de Schoulmeeschter
de Bäcker Tun
de Bauer Schmittchen
d’Madame Birebam
den Erzieler
ERZIELER |
Et ass scho ganz, ganz laang hier - kee Mënsch kann der soen, wéi vill Joer genau - mä et gëtt haut nach ëmmer vun deenen zwee Lausbouwe geschwat, vun dem Max an dem Moritz. Si haten nëmmen Dommheeten an der Kopp a fir d’Leit doruechter rosen ze maachen, do woren se Champion. Jo, de Mueren nach, du souzen se bei der Tatta Lisa hiren Hénger an --- Mä komm mat a lauschter, wat d’Leit sech opreegen. |
|
(Iergendzwousch, ënner ville Leit) |
MME BIREBAM |
Ah neen, Léonie, dat do ass dach allerhand! |
LEONIE |
De Max an de Moritz? Gaunere sinn et, déi zwee Banditten! |
BÄCKER TUN |
A wat hu se dann elo schonn nees gestëbst? (Hénger jadderen - en Hunn kréint.) |
TATTA LISA |
Mä Bäcker, da kuck der nëmme meng Hénger un, wat se esou rose mat de Flilleke klappen. |
MONNI CHAREL |
So, déi hänke jo alleguerten uneneen. |
TATTA LISA |
Dat ass et jo. Déi zwee Näischnotze hunn e puer Stécker Brout un ee laange Fuedem gebonnen, meng Dickelcher komme vun alle Säiten, picken d’Brout op an elo sinn se all unenee gestréckt. |
SCHOULMEESCHTER |
O neen, a wat se elo hin an hier rappen a struewelen! Huelt schnell eng Schéier, Tatta Lisa, a schneit de Fuedem duerch, soss flatteren se op eemol nach an de Bam an hu sech da selwer um Aascht opgehaangen. |
TATTA LISA |
Keng Angscht. Ech si schonn ënnerwee. Ech lafen, ech lafen. |
MME BIREBAM |
Schrecklech! Dir misst déi zwee emol ferrem mat den Oueren huelen, Schoulmeeschter, an hinne gutt den Hënneschten ersielen. (Zwou Velosschellen) |
|
(Duercherneen:) - Hei! Kuck! - De Max an de Moritz! - Si si schon nees um Dill! - Do, um Velo! - Hëllef, a wat gëtt elo erëm gestiicht?! |
ERZIELER |
Ah jo, siwe lausbouweg Lausbouwereie dreiwen se elo an der Vakanz. Siwe Stéck, an eng méi uerg ewéi déi aner. Sou, dat wor déi éischt elo, An déi zweet, déi kënnt gläich no.
*****
|
ERZIELER |
Wierklech, Gaunere sinn et, déi zwee Banditten, a kee Mënsch kann am Duerf roueg schlofen, wa se bis ënnerwee sinn. (De Max päift duerch d’Fangeren.) Hei, kuckt, elo schläichen se schonn nees bei d’Tatta Lisa hannert d’Haus, do wou si fënnefanzwanzeg déck Hénger huet. |
|
(Héngergegackers) |
MAX |
Duck dech. Hei bei de Sonneblumme sëtze mer gutt. Hei gesäit keen eis. |
MORITZ |
Pscht, Max. Net esou haart. Se kënnt. (Eng Hausdier geet op.) |
TATTA LISA |
Da komm, Flocki, mäi Mippchen, da gi mer eis emol déi zwee décksten Hénger fänken fir de Mëtteg an d’Dëppen. Déi aus der Stad kommen op Besuch, an du weess jo, déi sinn därmoosse verfroossen. Déi géifen der esouguer den Teller mat iessen. |
ERZIELER |
A währenddeem d’Tatta Lisa deenen zwee Dickelcher an der Kichen d’Fiedere plëmmt, verschwannen de Max an de Moritz heemlech bei dem Noper an der Scheier --- (Allerhand gëtt duerchernee gestouss.) --- fir tëscht ale Veloën an ale Vullekäfeger déi zwou Aangelen ze klauen, mat deenen hien ëmmer un d’Sauer fësche geet, ower nach ni e Fësch gefaangen huet. Mä so, wat hu se dann nëmme wëlles? (Dëppen an Tellere rabbelen.) Kuerz vru Mëtteg leien der Tatta Lisa hir Hénger am Dëppen, well 't ass drop an drun, dass deen auserhéngerte Besuch virun der Dier steet. An op dee Moment hunn déi zwee Näischnotze gewaart. Mat deenen zwou Aangele kommen se iwwert d’Mauer geklommen, luussen nach eemol duerch d’Fënster an d’Kichen eran – neen, d’Tatta kuckt net, si botzt grad d’Zalot - an da stellen se eng grouss Leeder widdert d’Haus. |
|
(Eng Leeder gëtt bäigesat - dann Trëtt op der Leeder - Sprëss kraachen.) |
MORITZ |
Wéi ass et, steet se fest? |
MAX |
Keng Angscht, Moritz. Déi fält schonn net ëm. |
MORITZ |
Da schnell erop op den Daach. Komm, reech mer d’Hand. Ho-hopp! |
MAX |
Nach dräi Schrëtt, da si mer uewen. |
ERZIELER |
An esou vif ewéi zwou Micky-Mause kloteren se d’Leeder erop a rëtschen dann op de Knéie bis op d’Spëtzt vum Daach, fir duerch de Kamäin erof der Tatta Lisa an d’Kichen op den Uewen ze kucken. |
MAX |
Jo, wierklech … Do ënne leien se am Dëppen. Zwee fett Dickelcher! |
MORITZ |
Mmm, a wéi dat brutzelt! Do leeft engem d’Waasser jo am Mond zesummen. (Den Hond billt vun ënnen.) |
TATTA LISA |
Gedëlleg dech ee Momentchen, Flocki. Ech sprangen nach just of an de Keller eng gutt Fläsch Wäin sichen. (Eng Dier klaakt ënnen zou.) |
MAX |
A fort ass se. Hipp-hipp-hurra, elo geet et lass! Elo ginn d’Hénger gefëscht! |
MORITZ |
Max, weess du iwwerhaapt, wéi dat richteg geet? Hei, maach mir et einfach no. |
MAX |
So, häls de mech fir en Eefalt?! |
MORITZ |
D’Schnouer vun der Aangel léiss de gemittlech de Kamäin erof, da fänks de der mat dem Krop do ënnen e Poulet mat der Patt – hoppla! hei kuck, wéi en un der Schnouer baumelt … an een, zwee, dräi zitts de der dee Kärelchen erop. |
MAX |
Jo, ech weess. Schliisslech sinn ech jo dee stäerksten aus der Klass. Allez komm, looss mech och emol mat menger Aangel bäi. - Do, voilà! A lass, Dickelchen, dann hal dech schéin um Krop fest an erop mat der. (De Max an de Moritz laachen.) |
ERZIELER |
Et ass nach guer keng esou eng topeg Iddi, déi Héngerfëscherei. Dat geet der esou schëtzeg, dass de Mupp ënnen an der Kichen vu Schreck emol keen Toun méi erauskritt. |
|
(Eng Dier klaakt ënnen zou.) |
TATTA LISA |
Sou, Flocki, ech wäert deene Stater eng vu mengen deierste Fläsche Wäin servéieren. (op eemol ausser sech) Waaaat? (D’Fläsch fält op de Buedem - Schierbelen) Neen! Wou si meng Pouleten? D’Dëppen ass eidel. – Flocki, nu kuck net esou a so dach eppes! Du hues se sécher opgefriess, wéi? (Et schellt un der Dier.) Do, schonn ass och de Besuch do. O waart, wann ech dech erwëschen, du Gourmang! (Den Hond billt.) Mir einfach meng Hénger vum Uewen ze klauen … Ei, elo ginn et Streech, Männchen! (Den Hond billt weider.) |
ERZIELER |
A während d’Tatta Lisa dem Flocki mat dem Biesem duerch d’Haus noleeft, rëtscht de Max an de Moritz wupp! d’Leeder erof, se flitzen duerch de Gaart a loosse sech hire Menü beim Noper an der Scheier gutt schmaachen. (De Max an de Moritz laachen.) Sou, dat war déi zweet elo, An déi drëtt, déi kënnt gläich no. |
|
****
|
ERZIELER
|
('t gëtt op der Bitzmaschinn gebitzt.) Et gëtt wierklech kee méi e feinen a fläissege Mann am Duerf ewéi de Schneider Meck, well vu mueres bis owes sëtzt en a senger Stuff Boxen a Paltongen ze bitzen an Hiemer a Jacketten ze flécken. A grad him soll elo dat heie geschéien … Grujeleg! |
|
(Eng Baach plätschert.) |
MORITZ |
Voilà, hei ass se jo, déi kleng hëlze Bréckelchen, déi direkt bei sengem Haus iwwert d’Baach geet. |
MAX |
A kuck der meng See emol un, Moritz.´t ass mengem Bop seng bescht. |
MORITZ |
Ech soen der, dat gëtt Knuppefreed. |
MAX |
De Schneider Meck wäert sech nach an honnert Joer un eis erënneren. |
MORITZ |
Hei an der Mëtt ass déi giedlech Plaz, fir d’Brieder duerchzeseeën. |
MAX |
Hopp, un d’Aarbecht! Da weis de elo mol, dass de eppes anescht an den Äerm hues ewéi Pudding a wäisse Kéis. (Et gëtt geseet.) |
MORITZ |
Hoffentlech gesäit en ons net. |
MAX |
Ween? De Meck? Gewëss! Dee gesäit dach nëmme seng Nol a säin Zwier. Kuck, wat en dobanne bitzt a bitzt. |
MORITZ |
A wat mengs de, wat et kraacht, Max, wann d’Bréckelche futti fiert, an de Schneider de laange Wee an d’Waasser plumpst. |
ERZIELER |
Ah jo, Gaunere sinn et, déi zwee Banditten. Kuckt nëmmen do, si seeën a seeën, bis hinnen de Schweess op der Stier steet. |
MAX |
Sou. Dat geet duer. Nu weis dech, Schneiderchen, da kréie mer ze laachen. |
MORITZ |
Allez, toz net laang a komm léiwer mat hannert d’Gestraiss. (Gestraiss raschelt.) |
ZESUMMEN |
(Leiermelodie) Schneider Meck, Meck-meck-meck, Ësst fir d’Kiermes Blummestäck! ('t gëtt weider op der Bitzmaschinn gebitzt.) |
SCHNEIDER |
Leonie, hues de dat héieren? |
LEONIE |
Bitz roueg weider, Männi, a géi net jäizen, da kréien se schnell d’Flemm a se ginn en anere rose maachen. |
ZESUMMEN |
(Leiermelodie) Schneider Meck, Meck-meck-meck, Stiech deng Nues a Muppendreck! |
SCHNEIDER |
(rosen) Waat? A stiech deng Nues a Muppendreck? Mä dat gëtt jo ëmmer besser. – Autsch, verflixt net nach! (De Max an de Moritz kickelen.) Elo hunn ech mech och nach mat der Nol an de Fanger gepickt. O waart, dir zwee, elo huelen ech iech mat dem Kolli. (Still falen ëm.) |
LEONIE |
Mä Mecki, mäi Meckchen … Net dach. |
ERZIELER |
Schnell dréckt e senger Fra d’Nol mat dem Fuedem an de Grapp, en erwëscht nach säin ale Prabbeli um Mantelkrop --- (D’Dier klaakt zou.) --- a leeft iwwert d’Terrass erof an de Gaart. |
MAX |
Hei – do ass e jo schonn. |
MORITZ |
An e kacht vu Roserei. E bascht bal auserneen. |
SCHNEIDER |
Wou stiecht der, dir zwee Banditten? Wou sidd der? Weist iech! (De Max päift.) Ah do! An och nach déi aner Säit vum Waasser?! |
MAX |
(Leiermelodie) Schneider Meck! |
MORITZ |
(idem) Zeck-zeck-zeck! |
ZESUMMEN |
(idem) Schneider Meck! Zeck-zeck-zeck! |
SCHNEIDER |
O waart, Jongen, ech schloen iech de Bockel mat mengem Präbbeli hol a blo. |
ERZIELER |
Mat dräi laange Sätz spréngt en duerch d’Poretten an d’Äerdbier an eenzock ass en déi Säit dem Drot, hëlt en Ulaf fir iwwert d’Bréckelchen, mä --- |
|
(Et kraacht.) |
SCHNEIDER |
(ausser sech) O jee! Hëllef! Hëllef! (E fält an d’Waasser - Waasser spritzt - de Max an de Moritz laachen.) |
MAX |
A flatsch dran! |
MORITZ |
Hahaha, a wat e strampelt! |
SCHNEIDER |
(plätscht am Waasser) Leonie! Monni Charel! Bauer Schmittchen! Hëllef! Ech kann net schwammen. Ech erdrénken. |
MORITZ |
Komm, Max, komm mer maachen eis aus dem Stëbs. |
MAX |
O jo, et gëtt elo héich Zäit. (Vun alle Säiten:) |
LEONIE |
Mecki! |
TATTA LISA |
O mammelikanner! |
SCHOULMEESCHTER |
Madame Birebam, kommt kucken! Esou eppes hutt Der nach ni gesinn. |
MME BIREBAM |
Mon Dieu! De Schneider läit an der Baach ... |
BAUER |
Kommt, mer zéien e schnell eraus! |
ZESUMMEN |
Een … zwee … hoppla! (De Schneider schnaddert.) |
TATTA LISA |
E schnaddert, deen Aarmen. |
BÄCKER |
Kee Wonner, en ass zoppennaass. Kuck, wat en drëpst! |
ERZIELER |
Doheem hëlt d’Leonie de Schneider mat der Box an hopp! tesselt et de Mecki de laange Wee op den Dësch. |
LEONIE |
Ee Gléck hate mer d’Streckeise scho waarm gemat, gelu. |
SCHNEIDER |
Wat, Leonie? Du wëlls mech strecken? |
LEONIE |
Fäert net, gläich bass de nees mäin ale Mecki. Dréchen, frësch gestreckt a schéin an der Fal. Komm! |
SCHNEIDER |
(wiert sech) Mä net dach … net. Uuhh ... |
LEONIE |
Da wibbel net esou! |
SCHNEIDER |
Ech sinn ower këddeleg ... hihihi ... |
ERZIELER |
An natierlech dréckt de Max an de Moritz d'Nues widdert d’Fënster, fir deem Spaass do nozekucken, a si hunn nach eng Woch laang drop den Hick vu Laachen. (De Max a Moritz laachen.) Sou, dat war déi drëtt elo, An déi véiert kënnt gläich no. |
|
*****
|
ERZIELER |
(D’Kierchenuergel spillt – d’Klacke lauden.) De Sonndeg ass ëmmer e feierlechen Dag am Duerf, a wann et um fréie Sonndegmuergen an alle Stroossen nom gudde Sonndesbrot richt, da kommen d’Leit vu riets a vu lénks an d’Mass getrëppelt. |
BÄCKER |
Ah, ´t misst een deenen zwee emol zerguttstert d’Lewitte liesen. |
MME BIREBAM |
Ho, dat notzt näischt, Bäcker. Hei nach gëschter haten se mir en décken, speckege Fräsch bei d’Goldfësch an den Aquarium gesat. |
LEONIE |
Waaat? E speckege Fräsch? Iiiihhh! |
BAUER |
Schrecklech, einfach schrecklech! |
TATTA LISA |
Jo, a mengem Flocki haten se zwee Kachdëppen an dräi Panen un de Schwanz gestréckt. A wat mengs de, wat dat dunn e Kaméidi gouf, wéi deen duerch d’Strooss gejauft ass. |
ERZIELER |
An héier, haut um Sonndeg sinn se och um Dill, de Max an de Moritz. Si hu beim Schoulmeeschter hannert den Dreckskëschte gelauert, bis deen am beschte Kostüm an d’Kierch geschréckt ass, fir ewéi all Sonndeg d’Uergel ze spillen. Tja, Bouwe wéi déi hei musse klotere kënnen, soss sinn et keng. A kuckt, de Max vir, de Moritz hannendrun, laanscht de Kulang vum Reen erop. Scho sëtzen se op dem Fënsterbriet hannert de Blummestäck an hopp! geet et mat engem Saz bei de Schoul-meeschter an d’Kichen eran. |
MORITZ |
Pscht - pass dach op! |
MAX |
A wee soll dann nach heibanne sinn? |
MORITZ |
't weess ee jo ni. (E Kanarievillche päift.) Max, da lauschter! |
MAX |
Schumm dech. Looss dach dee klenge Kanarievillche päifen. Hues de wéinegstens d’Knallierbësse bei der? |
MORITZ |
So, fir ween häls de mech? Kuck, wat hunn ech d’Boxentäschen esou déck. |
MAX |
Gutt. An hei hänke jo och dem Schoulmeeschter seng Päifen. Komm, Moritz, komm, mer huelen déi déck hei. Déi ass esou flott. |
MORITZ |
Jo. Déi fëmmt e sécher nëmme sonndes. Mat där aner trëppelt e jo déi ganz Woch an de Pausen am Schoulhaff op an of. |
MAX |
Hei, elo de Polfer aus der Täsch an un d’Aarbecht. |
ERZIELER |
O jee, wat wäert dat duerch d’Haus knuppen a kraachen, wann de Schoulmeeschter seng Päif herno ufänkt, well elo stoppen se him alles voller Knallierbëssen. |
MAX |
(laacht) Esou e Sonndeg ewéi haut hat de Schoulmeeschter a sengem ganze Liewen nach net. |
MORITZ |
Deem flitt de Brëll vun der Nues. |
MAX |
An hien hannendrun. |
MORITZ |
Ei, dat gëtt dee Furri! (D’Klacke lauden nees.) Héier! D’Mass ass aus. |
MAX |
Komm, dann hänke mer seng Päif nees dohin, gläich kënnt en heem an da geet d’Freedefeier lass. |
ERZIELER |
Ech sot et jo: Gaunere sinn et, déi zwee Banditten. Huerteg rutschen se nees laanscht de Reekulang erof a verstoppe sech an der Heck, well et kann net méi laang daueren, bis --- (Schrëtt) Voilà, an do kënnt e jo schonn. O Schoulmeeschter, wann s de wéisst! |
|
(D’Dier gëtt opgespaart - de Kanarievillche päift ewéi wëll.) |
SCHOULMEESCHTER |
Ah Fiffi, ech freeë mech ëmmer op de Sonndeg, fir eemol an der Woch näischt vum Max a vum Moritz ze héieren. |
MAX |
(am Pëspertoun) Ho, da meng alt! |
SCHOULMEESCHTER |
Sou, elo gëtt nach eng kleng Päif gefëmmt. - Ei! A menger Fotell ass dach déi gemittlechst Plaz, fir ze raschten. Nach Tubak … sou … an da Fixfeier… (E Fixspoun gëtt ugefaangen.) |
MORITZ |
Kuck, an en hëlt déi richteg. Immens! |
MAX |
Moritz, dann zéi d’Oueren an. (Et knuppt - Glas geet a Schierbelen - alles trëllt doruechter - de Max an de Moritz laachen.) |
ERZIELER |
Jo, dir hutt gutt laachen, mä kuckt emol äre Schoulmeeschter. (De Schoulmeeschter keimt: Ah .. O ... Hëllef! Hëllef!) Hie läit hannert dem Uewen an der Kuelekëscht, schwaarz am Gesiicht, d’Hiem zerrass, seng Kap ass bis op de Schaf geflunn, an och de Fiffi ass emol net méi esou kéng, fir e Piipsert vu sech ze ginn. |
SCHOULMEESCHTER |
Neen, schrecklech, wéi ech ausgesinn! O waart, dir zwee Lëmmelen, dat doe gëtt eng Strof vu 27 Säiten. |
ERZIELER |
Ma ja, ech sot iech et jo. Mä op mech hei lauschter jo keen. Sou, dat war déi véiert 'lo An déi fënneft kënnt gläich no. |
|
*****
(Dobaussen an der Natur. Eng Baach plätschert - Vulle päifen etc.) |
MAX |
(rifft lues) Moritz! |
MORITZ |
Héier! Dat wor dach de Max. Mä … mä … wou ass en da blouss? (De Max kichert.) Géi, laach net esou topeg a weis dech léiwer. (Äscht a Blieder raschelen.) Ah, do sëtz de. A wat méchs du dann do uewen um Bam? |
MAX |
Da kuck emol. ('t raschelt an et surrt a summt rondrëmmer.) |
MORITZ |
Wat? Kierwerlécken? Elauter Kierwerlécken? Do gëtt ee jo dronken, wann déi esou ronderëm ee jauwen. |
MAX |
Moritz, mengs de, ech géif aus Eefalt hei uewen an den Äscht sëtzen? Hopp, fänk der e Grappvoll, an da verstoppe mer se dem Monni Charel an d’Bett. |
MORITZ |
Dem Monni Charel an d’Bett? Haha, jo … dat ass déi Iddi! Dat huet en dann dervun, dass en dem Paschtouer klape gaangen ass, wéi mir deem d’Pyjamasbox ënnen zougebitzt hunn. |
ERZIELER |
Ah, Gaunere sinn et, déi zwee Banditten. Ech weess net, ob et scho iergend eng Kéier op der Welt esou näischnotzeg Näischnotze gouf. An elo marschéieren se mat engem groussen Nuesschnappeg voller Kierwerlécke bei de Monni Charel. Hei, e steet grad mat dem Schneider Meck sengem Leonie virun der Dier ze schnëssen. Ma dat ass jo da grad dee richtege Moment. |
MAX |
A schnell an d’Stuff. Komm, heihinner geet et. (Eng Dir quiitscht - eng Wandauer téckt.) Gesäis de, do ass jo de Canapé, wou onse gudde Monni Charel ëmmer seng Mëttesrascht hält. |
MORITZ |
Haha, wat wäert dee luussen, wann et him op eemol an der Laiskaul kriwwelt a kruwwelt. (D’Auer fänkt un ze schloen.) (erféiert) Max! |
MAX |
't ass dach nëmmen d’Auer, du Dräibiz do! |
MORITZ |
O jee! Elo wor d’Häerz mir ower bal an d’Box gerëtscht. |
MAX |
Hopp, zidder net, looss léiwer d’Kierwerleke sprangen! |
MORITZ |
Da kommt, dir kleng Wibbeldewappen. |
MAX |
Hei, dir véier, dir verstoppt iech ënnert d’Kappkëssen … |
MORITZ |
Tëscht den Decke wëllt de Monni der natierlech och. Du … an du an du … |
MAX |
An dir zwee hei, dir kraucht hannert de Pillem, wou en ëmmer d’Féiss drop leet. Hopp, ënnerdaach mat iech! Sou ... |
MORITZ |
Hee, du décken do, bleifs de wuel dobannen! Eréischt wann de Monni schléift, da fänkt der un ze kribbelen an ze krabbelen. |
MAX |
Jong, do misst een elo e Photoapparat bei sech hunn. (Si kickele fir sech.) |
ERZIELER |
Op Zéiwespëtze woren déi zwee an d’Haus erageschlach komm an op Zéiwespëtze maachen se sech elo och nees zur hënneschter Dier eraus --- (Messer a Forschett klabberen um Teller.) --- well et dauert net méi laang, bis de Monni Charel an der Kiche beim Mëtteskascht sëtzt an nodeem e sech de Mond ofgebotzt huet, trëppelt en an d’Stuff, deet seng Schlappen aus a streckt sech de laange Wee op de Canapé, fir säin Tëmpchen ze halen. (De Monni gaapst.) Ei! Mä knapps ass en entschlof --- (E schnaarcht.) --- hei kënnt och schonn deen éischte Kierwerlek aus senger Stopp a spadséiert him gemittlech iwwert de Bak. (De Monni grommelt.) An do nach een! Dee krabbelt houfreg iwwert de Kolli vu sengem Hiem a këddelt e mat senge viischte Patten am Ouer. O jee, a wat gëtt elo? Dräi Stéck mateneen! Se zéie sech um Kënn no uewen, schloen de Kopplabunz am Schnurres a krauchen erop op d’Nues. |
MONNI CHAREL |
(am Schlof) Mä der Däiwel net nach! (erschreckt op eemol) Wat? Ee Kierwerléck? Zwee Kierwerlécken? Dräi Kierwerlécken? (E schléit ëm sech – de Max an de Moritz laachen.) Iwwerall däers Gedéiesch?! Du mengs, du wiers an engem Flouzirkus. O waart, elo kommen ech mat der Schlapp, an da sidd der gläich alleguerte platt. (Et klaakt riets a lénks; währenddem:) Kënns de wuel! Hopp! An du och. Ah, ech kréien iech alleguerten. Donnerwieder net nach, a ween huet iech Véi nëmmen hei a mengem Canapé verstoppt? |
ERZIELER |
Fro nach, Monni Charel, a ween da schonn? Natierlech de Max an de Moritz. (De Max an de Moritz laachen.) Mä déi si scho laang nees um Tuer, fir dem Bäcker Tun eng ze stiichten … Sou, dat war déi fënneft 'lo An déi sechst, déi kënnt gläich no. |
|
*****
|
ERZIELER |
Neen, wéi dat richt! Aachtercher, Mouerekäpp, Äppeltäschen, Schokklaskichelcher – dat an nach vill méi huet de Bäcker Tun a senger Bäckerei leien. A well et eben esou gutt richt, passt de Bäcker Tun och ëmmer gutt op, dass keen a seng Bäckerei stibitze kënnt. |
|
(Eng Dier gëtt zougespaart - déck Schlëssele rabbelen.) |
MME BIREBAM |
Wéi, du späers d’Dier hannerun der zou? |
BÄCKER |
O jo, Madame Birebam. An de Schlëssel hunn ech ëmmer bei mer an der Täsch, well deen heite traut kengem. An dem Max an dem Moritz scho guer net. |
ERZIELER |
Mä neen, déi zwee brauche keng Dier, fir iergendzwousch eran-zekommen. Well knapps huet de Bäcker Tun de Réck gedréint, kraxelen se vun hannen op den Daach erop a rutschen dann duerch de Kamäin a seng Bäckerei erof --- (Et knuppt zweemol.) --- wou se mat dem Kapp vir an enger grousser Këscht landen, an enger grousser Këscht mat dem Miel dran. |
MAX |
Autsch! Dat doe wor net grad dat Feinst, Moritz. Ziel emol. Eng … zwou … dräi Bëlzen hunn ech op der Stier. |
MORITZ |
A wéi mer ausgesinn! Alles voller Miel. Wäiss vun uewe bis ënnen. |
MAX |
(laacht) Wann de Bäcker Tun elo kënnt, da mécht en an d’Box, well e mengt, mir wieren zwee Gespenster vun enger Geeschterbunn. |
MORITZ |
Mä so, kuck emol, a wat gesi meng Aan dohannen? Eng ganz Rëtsch Äppeltaarten a Quetschentaarten. |
MAX |
Genial! Dat doen, dat sinn elo eis. Déi gi mat heem. Waart emol. (E Stull gëtt geréckelt.) |
MORITZ |
A wat méchs de dann elo, Max? |
MAX |
Ma ech huelen e Stull. Dass mer dru kommen. Firwat muss de Bäcker dann och alles esou héich eropstellen? |
MORITZ |
O, mengs de, dee wier da stabill genuch? Dee wackelt jo schonn, wann een en nëmmen ukuckt. |
MAX |
Pack dech. Du wackels och, wann een dech nëmmen ukuckt. |
ERZIELER |
't ass da gutt, denkt de Moritz. Si klammen allen zwee op de Stull erop, stelle sech och nach op d’Zéiwespëtzen - olala, eng wackleg Geschicht, mä dunn, et ass net auszedenken --- (Holz kraacht.) --- du fiert de Stull op eemol a Stécker, a véier Bouwebeen fléien duerch d’Luucht, flang dës Kéier an eng grouss Biitche voller Deeg, wou se elo wéi geckeg dra struewelen a wullen. ('t gëtt am Deeg gewullt.) |
MORITZ |
Max! Max! Bass de nach do? Ech gesinn dech jo guer net méi. |
MAX |
Dach ech sinn hei. Just nieft der. O neen! Fir d’éischt trëlle mer an d’Miel an elo och nach an den Deeg. |
MORITZ |
D’Ae voll … d’Hoer voll … |
MAX |
D’Box voll … d’Schong voll … an alles pecht a pecht … |
MORITZ |
Tja, ech hat der et jo gesot. Dee Stull, dee wackelt. Mä neen, du woors jo alt nees méi gescheit. |
ERZIELER |
Se sëtze wierklech aartlech do, wéi an enger komescher Bued-bidden. Et gesäit ee keng Oueren a keng Nues méi, mä just nach Deeg an nëmmen Deeg. An hei, op eemol … |
|
(Schlëssele rabbelen - d’Dier gëtt nees opgespaart.) |
BÄCKER |
Do hunn ech dach iergendeppes héieren, Madame Birebam. A meng Oueren hu mech nach ni am Stach gelooss. |
MME BIREBAM |
(erféiert) Härgott, Bäcker Tun! Wat ass dann dat do? Gesinn ech elo d’Männercher oder wat?! |
BÄCKER |
Ah, ech wosst et jo. Deenen zwee ass net ze trauen. |
MME BIREBAM |
An da schwammen se och nach an dengem Deeg ... |
BÄCKER |
Ower net méi laang, Madame Birebam. Net méi laang. (Eng Kaz miaut.) Hopp, Kueder, géi mer emol aus de Féiss. Elo huet et fir déi zwee geschellt. |
ERZIELER |
An de Bäcker Tun hëlt déi zwou Deegknuppe beim Wéckel, tesselt se op den Dësch, rullt an dréint se hin an hier a stécht se dann ewéi zwee Kilo Brout an de Bakuewen. Mä knapps huet en se knuspereg a brong gebrannt erausgeholl a widdert d’Mauer gestallt, fir ofzekillen, du fänkt et op eemol un ze kréckelen an ze bréckelen. |
|
(Et knuspert a bréckelt.) |
MAX |
(am Pëspertoun) Moritz! |
MORITZ |
(vu bannen) Ja? |
MAX |
Ech si schonn hallef nees dobaussen. Du muss just den Deeg futti schloen an dech dann derduerch iessen. (Et knuspert a bréckelt nees.) |
MORITZ |
Ou jo, dat geet. Mmm, so, a wéi gutt dat schmaacht! Ah, de Bäcker Tun ass ower dee beschte Bäcker op der Welt. |
MAX |
Träntel net an iess! |
MORITZ |
Mä da ginn ech jo ëmmer méi déck an ech komme guer net méi eraus. |
MAX |
Allez! Hal op mat braddelen a maufel weider! (Et knuspert a bréckelt weider.) Sou, bass de endlech? Allez hopp, de Mond ofgebotzt a fort si mer! (Dëst an dat trëllt nach duercherneen – Schrëtt lafe fort.) |
MME BIREBAM |
(ausser sech) Bäcker Tun, Bäcker Tun! Ruff d’Police! Dohanne lafen se. |
ERZIELER |
Tjo, just de Kueder miaut, an d’Madame Birebam deet Kreesch, mä de Max an de Moritz sinn alt nees duerch d’Latten. An dobei hu se sech de Bauch och nach gutt puppsat giess. Sou, dat wor déi sechst elo, An déi siwent kënnt gläich no. |
|
*****
|
|
(Geräischer op dem Bauerenhaff) |
MAX |
So, Moritz, solle mer net nach zu gudder Schluss dem Bauer Schmittchen eng stiichten? Dee gëtt jo ëmmer esou flott rout am Gesiicht, wann e sech iergert. |
MORITZ |
Ech wëll. Hues du dann nach eng Iddi? Ech hu keng méi. |
MAX |
Mä dohannen an der Scheier huet e grad eng Doze Säck voller Weessekäre stoen. Déi kënnte mer him villäicht mat dem Täschemesser opschneiden. |
MORITZ |
Ou jo, Max. An herno, wann en se an d’Luucht hieft, da kënnt de Weess erëm ënnen erausgelaf. |
MAX |
Eben. (Schrëtt lafe fort.) |
ERZIELER |
Jo, Gaunere sinn et, déi zwee Banditten, well keng zwou Minutte méi spéit sëtzen se scho beim Schmittchen an der Scheier --- (Sakduch gëtt duerchgerappt.) --- a ritsch-ratsch schnëppelen se d’Säck een nom aneren op, dass de Bauer herno alles verléiert. Mä Jongen, zitt elo d’Käpp an! Ech héieren eppes. |
|
(En Trakter fiert bäi.) |
BAUER |
(rifft vun hannen) Ee Momentchen, Schneider Meck. |
MAX |
Moritz, de Schmittchen! |
MORITZ |
Schnell hannert d’Stréi, soss ginn et Streech. |
BAUER |
Ech tesselen nach just d’Säck op de Won. De Mëtteg fueren ech jo op d’Millen. |
ERZIELER |
A kuckt, wéi de Bauer sech dru gëtt, d’Säck um Bockel duerch den Haff ze schleefen. Mä wou e geet a wou e steet, kënnt de Weess ënnen erausgelaf. De Kueder leeft vu Schreck op d’Säit, den Hond vergësst ze billen, an d’Hénger komme vun alle Säite gedabbert, fir d’Kären opzepicken. |
|
(Héngergejadders) |
BAUER |
Mä jësesse Kanner net nach! A schonn nees näischt méi dran!´t ass fir aus der Haut ze fueren. All Kéier, wann ech beim Won ukommen, dann ass de Sak erëm eidel. |
LEONIE |
Bauer Schmittchen, do muss sécher een der e Lach an d’Sak geschnidden hunn. Kuck emol, wat hues de schonn iwwerall gestreet. |
BAUER |
E Lach? – Weis emol hier. Tatsächlech, Leonie. D’Säck sinn alleguerten opgeschnidden. (De Moritz néitscht.) |
MAX |
Pscht! |
MORITZ |
Mä ech kann ower net derfir, wann et mech an der Nues këddelt. |
BAUER |
Aha, an do néitscht een a mengem Stréi?! Ma da Gesondheet, mäi Jong. Waart, elo rabbelt et an der Broutgaass. Elo ass et Feierowend. |
ERZIELER |
An de Bauer hëlt se mat dem Schlawittchen a stécht se an déi eidel Säck eran. Bis ënnenhin. Dass just nach hir Käpp eraus-luussen. |
BAUER |
Sou. D’Duerf huet et mat äre Gaunertricke sat. Elo geet et bei de Mëller mat iech zwee. |
MORITZ |
Waaat? |
MAX |
Bei de Mëller? |
BAUER |
Dat gëtt en décke Koup, dat do, hahaha ... Mengs de net och, Leonie? |
MORITZ |
Max, dee wëll eis muele loossen ewéi Kaffi an enger Kaffismillen. |
MAX |
(jéimert) Wann ech gelift net, Bauer Schmittchen, wann ech gelift ... |
BAUER |
Hei gëtt et sech näischt méi ze wann-ech-geliften. D’Welt ass frou, wann se iech zwee Raiberen lass ass. Allez hopp, a fort mat iech. (De Max a Moritz duercherneen:) - Hëllef! - Madame Leonie! - Schneider Meck! - Madame Birebam! - Hëllef! |
ERZIELER |
De Max struewelt mat Hänn a mat Féiss, de Moritz jäizt sech d’Strass aus dem Hals eraus, mä de Bauer tesselt déi zwee Säck op seng Schuppkar a mécht sech op de Wee fir an d’Millen. (Eng Schuppkar kréckelt.) Ower hei, op eemol --- |
|
(E Wecker rabbelt.) |
MAX |
(verschlofen) Wéi? Do héieren ech dach eppes ... Soll dat schonn éieren an der Mille sinn? Hee, Mëller, nu maach dach keen esou e Kaméidi! ('t rabbelt nach e Wecker.) |
MORITZ |
Mä --- also, dat do ass ower droleg. Elo rabbelt mäi Wecker. |
MAX |
So Moritz, du läis jo an dengem Bett?! |
MORITZ |
Mä du dach och. Kuck emol. |
MAX |
Wierklech! Dann hunn ech jo alles nëmme gedreemt ... |
MORITZ |
An ech och … Ho, déi do ass ower fir ze laachen. Mir hu gedreemt. (Vun alle Säiten:) |
MONNI CHAREL |
Max! |
BÄCKER |
Moritz! |
TATTA LISA |
Hopp, dir zwee Siweschléifer! |
LEONIE |
Dajee, opstoen! |
SCHNEIDER |
Aus de Fiedere mat iech! |
ERZIELER |
Jo, jo, wann een dreemt, da kann een déi flottste Lausbouwen-tricken dreiwen. Der Tatta Lisa d’Hénger duerch de Kamäi fëschen, un der Bréck seeën, dass de Schneider an d’Baach fält, dem Monni Kierwerlécken an de Canapé verstoppen, de Schoulmeeschter mat der Päif explodéiere loossen --- |
MAX |
Mä ee Gléck wor et jo alles nëmme gedreemt, soss géife mer elo och nach an der Mille gemuel --- (Eng Mille dréint.) |
MME BIREBAM |
Waat? Kracks, kracks, kracks duerch d’Millen? |
MORITZ |
--- an iwwermuer kéime villäicht dem Bauer Schmittchen seng Hénger eis oppicken … (Héngergejadders) |
SCHOULMEESCHTER |
Allez, géi! Nun iwwerdreif ower net!
***** |
D'LIDD VUM MAX A VUM MORITZ
(Musek: Heng Kleren – Robi Arend)
Dat ass de Max an de Moritz,
Verréckt a jaus a geckeg,
Si maachen all Mënsch rosen hei
A laachen nach derbei.
Ah jo, de Max an de Moritz,
Si hu keng gutt an der Kopp,
A knapps hu se eng gestiicht,
Da kënnt déi nächst – pass op!
Mat der Aangel, hopp,
Geet et op den Daach erop,
De Flocki mécht grouss Aan,
Well si fëschen d’Hénger aus der Pan.
An de Schneider Beck,
De Schneider Meck-meck-meck,
Deen trëllt am hellen Dag
Perdatsch! mam Hënneschten an d’Baach.
Dat ass de Max an de Moritz,
Verréckt a jaus a geckeg,
Si maachen all Mënsch rosen hei
A laachen nach derbei.
Ah jo, de Max an de Moritz,
Si hu keng gutt an der Kopp,
A knapps hu se eng gestiicht,
Da kënnt déi nächst – pass op!
Duerno gëtt dann nach
Polfer an d’Päif gestach,
Ei, dat knuppt an der Bud
An den Här Läährer flitt duerch d’Luucht ...
Mä beim Bäcker Tun
Do sinn se méi domm drun,
Ewell do gi se klak
Mat dem Deeg als Brout gebak ..
Dat ass de Max an de Moritz,
Verréckt a jaus a geckeg.
Si maachen all Mënsch rosen hei
A laachen nach derbei.
Ah jo, de Max an de Moritz,
Si hu keng gutt an der Kopp,
Ower ech, ech kréien ëmmer
Gläich eng hannendrop ...