AL LËTZEBUERGER
SOEN
... fräi no dem
„Sagenschatz des Luxemburger Landes“
vum Nikolaus Gredt / 1863 ....
D'STATER MELUSINA
Vrun dausend Joer gong e Grof
Laanscht d’Uelzecht an den Dall spadséiren,
Hei huet hien uewen op dem Bock
Eng Stëmm e Liddche sangen héiren.
De Siegfried kraxelt an den Hecken,
E schléit sech mat dem Säbel duerch
A fënnt och séier d’Melusina,
E schéint jonkt, Meedchen op der Buerg.
Déi zwee gefale sech du gläich,
De Grof ka bei him wunne bleiwen,
Mä schwiere muss hien, Éirewuert,
An och mat Blutt nach ënnerschreiwen,
Dass hie seng Frächen ëmmer samschdes
Eleng op hirem Bockfiels léisst
An nimools freet, firwat, wéisou dann,
Och wann hien et ganz gäre wéisst.
De Virwëtz huet no siwe Jor
Trotzdem den aarme Grof gestëppelt,
An hien ass eemol samschdes fréi
D’Trap of bis an de Fiels getrëppelt:
Do sëtzt et an der kaler Uelzecht,
Säi Melusina, wéi et wollt,
Et séngt a kämmt sech seng laang Hoer
Mat engem Kamp aus gëll’nem Gold.
Mä kuck, am Plaz vu senge Been,
Do huet et gräisslech, laang an ellen
E grousse Schwanz ewéi e Fësch
A puddelt domat an de Wellen.
De Siegfried deet vu Schreck e Kreesch lo –
An een Zock ass vun dëser Stonn
Säi Melusina, dat schéint Meedchen,
Fir ëmmer an dem Fiels verschwonn ...
D'SCHEIER VUN NOUSPELT
Spéitowes koum emol e Bauer
Duerch d’Gaass vum Uuchte heem geschréckt
An huet op senger Genn héich uewen
E schauregt Liicht am Hee erbléckt.
E bleift mol stoen, reift sech d’Aan –
Der Däiwel, ween denkt net u Feier?
Gaangs stiwwelt e rondrëmmer d’Mëscht
A luusst duerch d’Paart eran an d’Scheier.
Mä sengen Aan wollt hien net trauen,
Wat hien duerch d’Brieder do gesouch,
Well, haalt iech un, wou haut de Mëtteg
Nach Stréi an Hee ze leie louch,
Do souzen se zu hirer zéng
Hondsfriem Gesellen d’Kaart ze schloen,
Mä wat derbei alles erzielt gouf,
Konnt hie fir d’Baschten net verstoen.
A wéi en d’Scheierpaart e Stéckchen
Opmaache wollt, du gruunscht déi jo,
A boufdeg, wor et nees stackdäischter
A vun deen’ an’re kee méi do ...
DE BARTRENGER GEESCHT
Dräi Frae souzen an der Uucht
Mat schaureg-gruj'lege Geschichten
Vu Geeschter a vun Hexerei,
Vum Däiwel a vun aner Spichten.
O jee, laacht dunn déi eng vun hinnen,
Ech fäerte fir mäi Liefdag net! –
’t ass an der Rei, laacht dunn déi aner,
Da géi bei d’Kierch a weis ons et!
’t ass däischter Nuecht - d’Fra geet duerch d’Strooss,
Um Kierchtuerm schléit et zwielef Auer,
An hei, do sëtzt e wäisse Geescht
Bei sengem Kierfecht op der Mauer.
D’Madamm, déi schläicht op Zéiwespëtzen
A klaut dem Häerche seng Schlofkap
An eenzock steet se ausser Otem
Doheem ’rëm op der viischter Trap.
Déi aner maachen lo grouss Aan,
Mä gläich drop ass eng Stëmm ze héiren:
O, Meedchen, bréng mer d’Mutz nees zréck,
Soss muss ech mech zu Doud hei fréiren.
E Geescht soll een net jéimre loossen,
Se ginn zesumme lo dohin –
Mä vun deem Owend un huet kee méi
Déi dräi am Duerf erëmgesinn ...
D'WICHTELCHER VU MIERSCH
Kleng Wichtelcher, déi haten hei
Hir Wunnecht viru laange Joren,
Um Flouer déif am Buedem, dass
Se schéin eleng a roueg woren.
Just heiansdo konnt een s’ erblécken
Mat engem Sonnenhutt um Kapp,
De Spuet, den Heel iwwert der Schëller
An owes d’Lanter an dem Grapp.
Sou hu si nuets dem Bauer dann
Eng Hand mat ugepaakt, grad wou en
Am Gaange wor säi Gras ze méien
Oder säi Gromprestéck ze plouen.
Fréimueres gongen se an d’Millen
A koumen heem mat vollem Sak,
Ewell daagsiwwer da gouf fläisseg
Doheem bei hinne Brout gebak.
Dat Wichtelbrout wor ee Genoss!
A muenech Bauer hat däers heien
Deen an’re Muergen an dem Hee
An och mol vrun der Hausdier leien.
Do konnt eng ganz Famill drun iessen,
Dräimol des Daags an iwwert d’Jor –
A mengs de wuel, et wir méi kleng ginn?
Gewass! ’t blouf ëmmer, wéi et wor ...
DEN HEXEMEESCHTER VU KÄERCH
Se woren hirer dräi beim Wiert,
Déi owes poulriicht sëtze blouwen,
Wéi ëm zéng Auer rondëm d’Stat
All Paarten zougereedelt gouwen.
O Jëses!, sot géint hallwer eelef
Deen een op eemol, wat elo? –
’t ass Kannerei, laacht dee vu Käerch dunn,
Drénkt aus, bezuelt a kommt mir no!
Am Haff do huppe si sech all
Op d’Prabblien a ginn an d’Knéien,
De Käercher päift, an d’Präbbelcher,
Déi fänken un an d’Luucht ze fléien.
Wat mengt der wuel, lo hänken d’Bridder
Schéin afeg op dem Prabbli drop –
De Käercher schmuunzt a päift nach virun,
An ëmmer geet et méi héich op ...
Sou fléie si dann aus der Stad
Gemittlech weider, wou se ënnen
All Duerf mat senge Baurenhief,
All Bësch a Wiss bekucke kënnen.
Mä engem wor et net geheier,
Deen hält sech un der Kroun vum Hunn
Op dem Kierchtuerm – et wor zu Kielen –
Mat béiden Hänn a Féiss lo un.
A wat wor d’Duerf dunn op der Kopp –
Dat kënnt der iech bestëmmt lo denken,
Wéi d’Leit dee Kärel mueres fréi
Gesouchen op dem Kräiz do hänken ...
DE JASMÄNNCHE VUN DOL
Vru laanger Zäit, do hat am Éislek
E Baierchen – et wor zu Dol –
Déck kéipweis Geld ... mä fro kee wéi vill,
Dat wousst hie selwer net emol.
Dee Jasmännche gëtt et nach haut
An dach ass hie scho laang gestuerwen –
All nuets da geeschtert e rondëm,
Well hien huet d’Geld am Haus vergruewen.
Als feireg Flam kënnt hien duerch d’Pompel
Vum Bur an d’Kichen ’ragelaf,
Da gëtt am Parzeläin gerabbelt,
An d’Dëppen trëllen duerch de Schaf.
An da bei Vollmound – Jëses neen!
Ma da sinn d’Leit eréischt verwuerelt:
Bal sëtzt en uewen op dem Daach
An ’t gëtt duerch de Kamäin gehuerelt,
A bal gëtt bannen an den Trapen
Un all Schlofkummerdier geklappt,
A Jann a Mann kréien den Diwwi
Mat dem Gedecks vum Bett gerappt.
Sou huet de Jasmännchen et schonn
Säit Joren Nuecht fir Nuecht gedriwwen ...
Kee Wonner ass am Baurenhaus
Kee Kniecht an och keng Mod méi bliwwen.
D'GOLDKUELE VU KONTER
U Briquet an u Fixspéin wor
A fréirer Zäit nach net ze denken –
An d’Glous am Uewe gouf versuergt,
Fir mueres d’Feier unzefänken.
Mä hei, op engem Haff bei Konter
Kënnt d’Mod och eemol mueres fréi,
Et wullt an ’t stëppelt an den Äschen,
Mä ’t gloust keng Kuel am Schminni méi.
’t gesäit dunn ënn’rem Birebam
Am Pesch dräi schwaarz Geselle sëtzen,
Déi ronderëm e Feierchen
Sech d’Nues an d’Féiss an d’Fangren hëtzen.
Gläich zweemol geet et Feier heeschen
A bréngt et mat der Schëpp an d’Haus,
Mä ’t kënnt nach knapps dermat an d’Kichen,
An d’Glous ass an de Kuelen aus.
Der Däiwel neen!, seet dunn de Kniecht,
Déi wëll’n dech op den Äermchen huelen!
Komm, ech gi mat, ewell ech brauch
Och fir meng Päif eng, zwou där Kuelen.
E leet se uewen op den Tubak,
E bléist an zitt, sou gutt e kann,
Mä d’Glous an d'Kuelen, déi verdämpen,
An ’t läit e blénkegt Goldstéck dran ...
D'SCHATZGRIEWER VUN ESCHENT
Zu Eschent, wou et Éislek gëtt,
Hat an dem Dännebesch ganz uewen
Den Däiwel viru laanger Zäit
Eng Goldkëscht met’rendéif vergruewen.
Dräi Borschte gongen eemol owes
Mat Schëpp a Spuet tëscht d’Dännebeem –
Ah, Jongen, weist är kräfteg Äerem!
Haut huele mer dee Schatz mat heem!
Si gruewen, schëppen, an de Koup
Gëtt ëmmer méi héich an den Dännen –
Mä hei, op eemol steet, o Schreck,
E Gaalgen niewendrun ze brennen
An uewendrop do sëtzt den Däiwel
A laacht sech heemlech a seng Fäischt:
„Wee soll ech mir vun iech dräi kropen?
Dee mat der rouder Box villäicht?!“
An deen deet lo e spatze Kreesch –
Mä so, him ass et net geheier.
A pou! ass näischt méi ze gesinn
Vun Däiwel, Gaalgen a vu Feier.
Déi dräi man sech lo schnell duerch d’Latten,
Zwar ouni Goldkëscht – wat e Pech!
Mä dat ass hinne ganz egal, well
Si koumen dach nach gutt ewech ...