Jo, Traditioun bleift Traditioun,
An d’A voll Blatz ass d’Prëssessioun
Am Gaang duerch d’Faubourgen ze bommlen
A krällweis Rousekranz ze grommlen,
Ewell knapps aus dem Bett, gediert,
Da rabbelt d’Stëmm méi wéi se biet …
Den éischte Bus, dee kënnt gefuer,
De Mëllechmann, dee mécht säin Tuer,
An alles gaapst fromm op der Pist:
„Der für uns aufgestanden ist“.
Och d’Musikanten, gousch-an-druatt,
Déi trëppele scho fréi haut mat,
Si hunn d’Schtrummenter schéi geblénkt,
Fir dass et voll der Gnaden kléngt -
Jo, d’Stad, déi kënnt ëmmer méi no,
A gläich dann ass de P’loton do.
Eng Kathedral ass eppes, wou
Een näipe kann an aller Rou,
O Mamm, ech weess et net ze son,
Knätsch-dätsch vum laange Marathon,
De Krämpchen an de Wueden oder
U jiddwer Feescht eng helleg Bloder.
Mä maach der nëmme lo keng Suerg,
Um Knuedler leeft scho Kaffi duerch -
A bei dem Wëllem op dem Biddi
Do kritt een dann och nees méi Iddi.
Et richt no Popcorn aus all Bud,
E Goldfësch japst a senger Tut,
‘t gi richteg lieweg oder plüschen
Wäiss Mais mat Stammbam a Perruchen,
Dann trëlls de iwwer Béierdousen,
Si nerven dech mat Teddyslousen
A mat dem Hämmbörger am Grapp
Begladders de dech mat Ketch-Up …
Nom „Klagt in Leid, dass arme Herz“
Ass Pilgerei nämlech Kommerz,
Well jo e Seegen an eng Priedegt
Trotz déckstem Glawen och net siedegt …
Sou geet et bis d’Schlussprëssessioun -
Ah, Traditioun ass Traditioun!