Lo sti mer alt nees op de Griewer
Ewéi all Joer beieneen,
Scho wéi laang sti mer hei an trëpplen
Vun engem op dat anert Been.
D’Hänn an den Täschen a spatz Ou’ren,
‘t ass kal an ‘t fisemt der ëm d’Kopp,
An ëmmer zitt iergend en an’ren
Hei tëscht de Kräizer d’Nues erop.
Mir waarde just nach op den Abbé.
't ass véirel vir – wou bleift en dann?
Du grommels an du stells dech anescht
A kucks dann nees gedëlleg dran.
E puer stinn do als Pelzebuttek,
Well d’Haute Couture gëtt haut gelëft,
Mä jee nodeem ewéi de Wand bléist,
Da richt et méi no Mattegëft.
Um Graf bei Mossongs schäert e Klengen
E Kéipche mat de Kiselsteng,
Säi Brudder, dee spillt mat dem Pällem -
Hir Mamm seet: Pscht! an dickst en eng.
Bei Schmitts kënnt d’Tatta, alles réckelt,
Si seent ganz fromm, an ‘t spritzt rondrëm,
Da kësst a kusst se all der Rei no -
Den hallwe Kierfecht dréint sech ëm.
Voilà, sou sti mer op de Griewer
Ewéi all Joer beieneen,
Scho wéi laang sti mer hei an trëpplen
Vun engem op ---
Ah, endlech dämpt et lo no Wäirauch!
Den Abbé kënnt aus senger Mass -
Se sangen, den Haut-Parleur kréckelt,
An Allerhellge geet lo lass.