Hei sti se lo, wat viru Joren,
Där klenger Seecherten nach woren
Mat Wierm a Mouken an der Täsch
An d’Hänn an d’Ouren ni gewäsch -
Haut sti se hei méi avancéiert,
Méi respektabel evoluéiert,
Um héchste Punkt sinn se scho gro,
Villäicht ass och net vill méi do,
A well jo d’Moud haut agaang ass,
Sinn d’Paltongsknäpp rondrëmmer lass.
Mam Éirewäin do geet et un,
Da kommen d’Keelen hannendrun -
Mä d’éischt gëtt vun dem Konveniat
Eng Photo fir an d’Press gemat,
Soulaang nach all Krawatt säi Knuet
Schéi riicht ënnert dem Kolli huet
A keen am Drëpsschlag souz an dann
Blouss aus der Wäsch nach hicke kann.
Nom Iesse gëtt et méi historesch,
Intellektuell a soziologesch,
Mat Analysen, Compte-Renduen,
Retroaktiv Echange de Vuen -
En d’autres termes: bei dem Trach Béier
Do sabbelen se da vu fréier.
Wat souz een an der Schoul ze latzen
Mat laangen Ouren a mat Datzen!
Deen hei, dee wosst d’Regeldetri
Oder de Plus-que-parfait ni,
Deen do konnt riets a lénks balucken,
Fir gläich bei zwee Stéck ofzekucken -
A wor och d’Quadratwuerzel zéi,
Da wosst dach muencheree scho fréi,
Dass d’Meedercher, wann s’ et bis ginn,
Net blouss fir ze verklappe sinn …
Mä alles dat krut lues a lues
Dach mat der Zäit eng aner Nues.
Kuck, ‘t wore vill dem Abbé senger
Schéi wäiss gekleeter Massendénger,
Altoer oder Sakristei -
Si woren ëmmer vir derbei.
A grad dës helleg Boxeschësser
Sinn haut déi gréisste Pafefrësser.
Mä och där an’rer hunn, donk uecht,
Am Liewen et zu eppes bruecht.
En Attaché de Direction,
E Conseiller Premier en rang,
Dat wore säit Mënschegedenken
Där Lëmmlen aus de leschte Bänken.
Kammoud placéiert, d’Stier gestäipt
An da mam Buch um Schouss geknäipt,
Mä wor et just fir opzesoen,
Dann hu se musse pisse goen.
An och vill där, déi haut schéi rieden
An Duerf a Stad a Land vertrieden,
Déi konnten, wann am Summer et
U Rack a Blus méi lëfteg gëtt,
An all zweet Paus dobanne bleiwen
An honnertfofzegmol da schreiwen:
„Ich soll nicht glotzen wie verrückt,
Wenn meine Joffer sich mal bückt.“
Ah jo, wann och aus schnuddleg Bouwen
Dach éierbar Artikle gouwen,
Da kënnt dat heien owes spéit
Um Konveniat haut op d’Tapéit -
Mä muer ass dee jo nees eriwwer,
An dann, da schwätzt kee Mënsch méi driwwer.