Ech hat do déi zwee och um Trottoir gesinn,
Déi Këppelchen hatt an heen -
Ech schmuunzen, mäi Gott, wann ech éierlech sinn:
Mir stongen och gär bei’neen.
Ech huele mäi Courrier, meng Bréifdréieschkap
A maache mech op mäin Tuer,
Bei all Gaardepäertchen, op jiddwer Haustrap,
Do ginn ech scho méi gewuer.
Hei, d’Ëmmeli seet, d’Madame Koch wéisst genee,
Am Duerf géif et d’Rumeur ginn,
De Mull hätt erzielt, d’Haupesch Maus hätt déi zwee
Beim Jong schonn doheem gesinn.
Ah jo, an d’al Schmitts huet dem Jousel geklaapt,
Rifft d’Nopesch aus hirer Stuff,
Si géifen e Sonndeg, hätt d’Mollings behaapt,
Fir d’zweet Kéier ausgeruff …
Ech denke bei mir: Nu kuck do, ma jo dann!
Mä gläich drop zwee Haus méi wäit
Steet d’Louise a kuckt nach ganz opgereegt dran,
Well ‘t géif schonn déi héchsten Zäit.
Esou hätt de Gréngen him grad lo gesot,
An ‘t misst scho bal wouer sinn,
Well d’Metzlesch hätt hien an dem Buttek gefrot,
Ob ech net wëllt Pätter ginn …
A gläich vis-à-vis, jee, ech duecht mer et jo,
Ass d’Wonner och scho geschitt:
De Muergen hätt d’Meedchen, seet d’Brimeyesch do,
E Béifche vu sechs Pond kritt.
Um Wupp vun der Gaass, djës, du konnt jo de Bouf
Scho krabblen an och bal ston -
A wéi ech dunn endlech mam Tuer fäerdeg gouf
Och Mamma a Pappa son …