Aus dem Schwaarzbier op der Bëschwiss
Luusst en Däreldéier ’raus,
An den Héngerdéif klaapt owes
Och do mat der Flëntermaus –
Esouguer dat klengt Kaweechel
Spillt am Gréngs a fäert mol net,
Kloer dach, dass ee vum Virwëtz
Grad fir haut gestëppelt gëtt.
Wou d’Frellebaach ëm d’Fielse spréngt,
An d’Sträicher driwwer stinn,
Do duckt e Schiet sech an dem Trausch -
't wäert d’Léiweckelche sinn.
An hei flitt och de Poufank schonn
Iwwert der Bëschwiss an dem Krees,
Da kraucht e séier an d’Gestraiss,
An 't héiert een nach just eng Bees.
Déif am Bësch gëtt säit de Mueren
D’Fuusselach an d’Rei gemaach,
't feiert ee jo Vullenhouchzäit
Schliisslech net all gudden Dag.
Alles wat blouss kraucht a kruewelt,
Flitt a flattert ass um Dill:
Kréi, Schwaarz Märel, Himmelsdéier,
Päiperlek an d’ganz Famill.
Op eemol kënnt dann aus den Äscht
Eis Këppelche geflunn:
De Poufank huet als Bräitchemann
Säi schéinsten Houfert un.
An d’Léiweckelchen, kuck mol do,
Gesäit haut och ganz lackleg aus,
Mat Eecheblad a Botterblumm
Als feierlechen Houchzäitsstrauss.
Wat e Jiipsen, wat e Päifen
Ass dat bei dem Fuusselach!
A kënnt spéiderhin den Owend
Aus dem Bësch erbäigeschlach,
Ei, da gëtt et richteg lieweg
Op där Vullenhouchzäit do –
Géi mol bis dohinner luussen,
Mä komm nëmmen net ze no!
De Guckguck, dee spillt Klarinett,
An d’Heemelmaus spillt Gei,
De Kierwerlek, dee schléit seng Tromm,
An alles danzt derbei.
Mä just de Mound, dee seet kee Wuert,
Hie blënzelt virwëtzeg duerch d’Beem,
Ewell de Poufank flitt lo grad
Mat sengem Léiweckelchen heem ...