Ons Welt ass e Schachbriet, an d’Liewen ass d’Spill,
Figuren an Däppercher ginn et der vill:
Där Décker, där Klenger - jee, vu jiddwer Mooss,
De Bessere Pak an de Mann vun der Strooss.
Aacht Baueren hu se op all Säit derbei,
Fir eemol ass d’Vollek ganz vir an der Rei,
An déi aus der Haute-Volée stinn hannendrun ---
Hopp, keng Politik lo, a wäiss, dat fänkt un!
Sou si mer alleguer um Dill
Hei an deem grousse Kinneksspill,
Déi Kleng, déi Déck, all duercherneen -
A wéi et ausgeet, dat weess keen.
An éi’s d’ dech ëmsinn hues, ass d’Parti am Gaang ...
Déi Baure sinn haarder, si faxen net laang,
Si späizen an d’Hänn a gi poulriicht no vir --
Den Tuerm ass méi lous, hie réckt hin a réckt hier -
De Leefer leeft queesch an e kuckt sech net ëm -
De Sprénger mécht Spréng mattenduerch a rondrëm -
An d’Damm an de Kinnek, déi ma’ Schratt fir Schratt
Een, zwee, dräi, Klapp zou! an da sëtz de schachmatt ...
Ob Damm, ob Bauer, ‘t ass ee laang
Mat deene Konschten do am Gaang,
Mä waart blouss net op e Remis,
Well dat gëtt et am Liewen ni.
Ons Welt ass e Schachbriet, an d’Liewen ass d’Spill,
A Schachzich, där ginn et fir muenecher vill ...
Ganz dacks kënnt et nuren a blouss dorop un:
De Jabel gutt schmieren a Paltong gezunn,
Déi richteg Parteikaart duerch Zoufall am Grapp,
Les fils-à-papa, dat sinn d’Jonge vum Papp,
Wat wier e Prozess och, wat wier eng Affär?
Herno weess keen näischt méi, an du bass en Här ...
Sief um Qui-Vive op Schratt an Tratt,
Soss steet däin Däppchen am Schachmatt,
Well Schachzich ginn et zimlech vill
Hei an deem grousse Kinneksspill.