Soubal ee „sozial“ seet, dat kléngt ni geheier,
Beim Index deet dat an den Oure scho wéi:
't gëtt d’Mëllech mol dräi Cent um Liter méi deier,
Da kréien déi Déck dofir zwee Euro méi.
Tja, 't läit eben an der Natur vun all Wollef,
Déi Mickreg a Goureg, déi loossen e kal,
All Wollef, dee krut sech nach ëmmer gehollef,
An dat nennt hien dann och nach houfreg „sozial“.
Fiiss-chen, Fiiss-chen, ech hunn näischt z’iessen,
Fiiss-chen, Fiiss-chen, ech muss dech friessen!
Da looss se, déi inflationär Inflatiounen,
Da looss se dach nëmmen, mir fleeten dorop –
Well bréngt och den Index 'rëm kéipweis Milliounen,
Fir dech a fir mech geet déi Rechnung ni op.
Jo, d’Mëllech gouf dräi Cent um Liter méi deier,
De Wollef ass Wollef, hie laacht sech an d’Fäischt,
A kléngt dat „sozial“ him och net ganz geheier,
Op deem Ouer héiert e schlecht a bal näischt.
Fiiss-chen, Fiiss-chen, ech hunn näischt z’iessen,
Fiiss-chen, Fiiss-chen, ech muss dech friessen!