Am Wéngert vum St. Cunibert,
Dir Bridder, drot all stolz äert Laf!
De Geescht, deen enger Rief entspréngt,
Sief onse Credo, onse Glaf!
Mat schwaarz a gréng a purpurrout
An eisem Häerz, sou sti mir hei:
Fir d’Musel a fir d’Drauwebléi
Do schwiere mir op éiweg Trei!
Eens am goude Wäin!
Eens am goude Wäin!
O du do uewen, mir hu schonn
Ons Fräiheetssonn Dir uvertraut,
Huel och däi Wäibierg an deng Hand,
Deen onse Miseler bebaut.
Looss Plo an Aarbecht helleg sinn
A seen hir Rou am déiwe Faass -
Däin Dénger, de Sankt Cunibert,
Dee lueft Deng Gnod am volle Glas …
Eens am goude Wäin!
Eens am goude Wäin!