Zu Lëtzebuerg hei geet et grad esou hier,
Wéi wann een am Land vun de Märercher wier:
Kuck, jorelaang wor et bei eis „Krisis, leck mech!“,
„Arbed, hopp, deck dech! a Bank-Boul’vard, streck dech!“
Dem Mëller seng Mille gong un engem Stéck,
Dem Kinnek seng Aktië gouf’n ëmmer méi déck,
Mä Hänsel a Gréidel, déi zwee Klenger, wäerten
De Wee duerch den däischtere Bësch lo nees fäerten,
Well haut ass de Rumpelstilzchen verschwonnen,
An 't gëtt net méi sou liicht Gold a Stréi hei gesponnen ...
Jo, Spigelchen, Spigelchen, do un der Wand,
Ass wierklech dann alles sou roseg am Land?
't gi vill Äschepuddlen, déi iwwerall hënnren,
Si duerfe blouss Lënsen an Ierbësse sënnren –
Vill ginn Aarbecht sichen wéi den Hännes am Gléck,
Mä ausser der Gäns bréngen se näischt mat zeréck –
A sichs de eng Wunneng wéi d’Schneewittchen éiren,
Da kanns de am hellen Do d’Grujele léiren,
Et gi jo aus Fräsche mol Prënzen, gewass,
Mä déi meescht bleiwe Fräschen, an déi hu kee Schlass ...
A wa mer och blouss siwe Meile grouss sinn,
Kriminelles beim Daimerlek muss et och ginn.
De Kueder, dee stiwwelt mat Drogen an der Täsch,
An d’Hollefra kritt da seng Konten an d’Wäsch,
Korrupt Korruptioun bis Hold-Up a bis Killer,
Gläich siwen op ee Schlag mat Rambo a Thriller!
Mä nëmme keng Angscht, ewell all décke Wollef,
Dee kritt sech virun dem Gesetz scho gehollef,
An huet en och d’Patte pechschwaarz, wéi s de gesäis,
En zappt se an d’Miel, a scho sinn se nees wäiss …
Ah jo, haut gesäit et nach ëmmer sou aus
Wéi deemools am Bësch bei der Hex hirem Haus:
Och si wuel eis Geessercher ëmmer nach sat,
Si sinn all sou sat a si wëlle kee Blat,
Mä 't gi masseg Zwergen, déi voll Roserei
Sech musse krepéire fir Index a Pei,
An anerer brauch blouss d’Schipp duer ze halen,
Dass d’Daleren hinne vum Himmel dra falen -
Tja, wann och de Spigel un der Mauer schéi laacht,
Den Apel ass gëfteg, do wou e gutt schmaacht ...